10 Tipps fir nei Veganer

Du hues dech also entscheed de Veganismus an däi Liewen ze integréieren. Felicitatiounen, ech versécheren der dat war eng gutt Decisioun! Fir datt an der éischter Zäit och alles ronn leeft hunn ech dir hei e puer perséinlech Tipps zesumme gefaasst. Vläit stëmms de mer net bei allem zou, mä dat hei ass dat wat ech geléiert hunn wéi ech vegan gouf an ech wëll dir elo meng Erfahrunge matdeelen.

1. Sief oppen fir Neies

Wann s du dech dofir Entscheed hues dem vegane Liewen eng Chance ze ginn, dierft dat kee Problem sinn. Lo ass de Moment fir nei Saachen ze probéieren a Liewensmëttel ze kafen, déi s du soss vläit éischter net iesse géifs. Et ginn zum Gléck esou vill vegan Optiounen, vun den dausenden un Zorte vun Uebst a Geméis, bis iwwer zu verschiddenen Nëss, an all méiglech Variante vu Räis, Quinoa a Nuddelen, déi dorop waarde vun dir entdeckt ze ginn. Vun all de präparéierte Produkter, wéi Kichelcher, Schokla, Zoossen a Fäerdegprodukter guer net ze schwätzen! Et ass och wichteg dass du realistesch mat dengen Erwaardunge bass. Et ass zum Beispill kloer datt Mandelmëllech net no Koumëllech schmaacht. Wann s du dovun ausgeess datt dës alternativ Produkter eent zu eent schmaachen, wéi dat onvegant Original, da wäerts du enttäuscht ginn. Am Plaz d’Mandelmëllech mat der Koumëllech ze vergläichen, probéier si als onofhängegt Produkt ze gesinn a léier se gär ze hunn. Zum Thema vu planzlech Mëllech hunn ech och nach en weidere Rotschlo fir dech: Wann der eng net schmaacht, probéier eng aner. Räis-, Soja-, Mandel-, Kokosnoss-, Hieselnoss-, Cashew- an Huewermëllech sinn nëmmen e puer vun de vegane Mëllechzorten um Marché. An all Marque schmaacht anescht! Bei souvill Choix muss einfach eng drënner sinn déi och dir schmaacht. Wann ee mir zielt als Veganer wier een esou limitéiert muss ech ëmmer laachen. Ech drénken mëttlerweil all Woch eng aner Zort Mëllech an ech hunn virdrun ni erkannt wéi langweileg et am Fong ass ëmmer déi nämlecht Mëllech (vun der Kou) am Frigo stoen ze hunn.

2. Iess wann s de hongereg bass

Dat ass mat ee vun deene wichtegsten Tipps, deen ech der ka ginn. Vegant Iessen ass oft manner fetteg an huet dofir manner Kalorien. Wann s du einfach de Büfdeck ewech léis a just eng Portioun Fritten an Zalot ëss, kanns du net sat ginn. Du muss dat wat s de ewech léiss (Fleesch, Mëllech, Eeër etc.) mat anere Saache kompenséieren. Am Plaz vum Fleesch maach der en Burger aus Bounen derbäi, oder brot der en bëssen Tofu un. D’Méiglechkeeten hunn bal keen Enn. Huel der grouss Portiounen op däin Teller an huef Angscht och nach en zweeten nozehuelen. Wann s de hongereg bass, dann iess! Et ass wichteg dass du genuch Kalorien iwwert den Dag ëss, soss gëtt der schlecht oder du fills dech andauernd midd a schwaach. An lo mol éierlech, et gëtt Schlëmmeres wéi vill z’iessen! Lauschter op däi Kierper. Hues de Loscht op en Kichelchen? Dann iess en Kichelchen. Wann s du grad réischt ugefang hues dech vegan ze ernähren ass elo kee gudden Zäitpunkt fir Regime ze maachen. Probéier esou vill wéi méiglech nei Liewensmëttel aus an iess no deem der d’Nues steet!

3. Géi akafen

Kuck emol eng Kéier duerch deng Kicheschief. Sinn déi voll matt onvegane Saachen? Esou wäerts du sécher kee Spaass un der Saach hunn. Vir en ‘Réckfall’ ze vermeide géi akafen a bréng der e Koup un leckere Liewensmëttel an d’Haus. Besuerg dir Bounen, Räis, Nuddelen a vill frëscht Uebst a Geméis fir dass de prett bass, wann s du hongereg gëss. Konzentréier dech am Buttek op de Rayon mam Uebst a Geméis. Elo hues de nämlech eng Excuse fir all déi Zorten ze kafen, déi s de soss ni hëlls oder déi s de ëmmer schonn eng Kéier probéiere wollts. Éier ech vegan gouf hunn ech vill dat nämlecht giess. Brokkoli, Zalot an Tomate waren oft mat dat eenzegt u Geméis wat ech sou regelméisseg kaf hunn. Heiansdo si mol Muerten, gréng Bounen oder Mais an de Weenche gelant. Däin éischte Stop am Buttek soll ëmmer dëse Rayon sinn. Éiers de weider gees, sich dir souvill s de wëlls an alles wourops de Loscht hues aus. Schliisslech gëtt Uebst a Geméis elo de Fokus vun denger Ernährung. Fäerdegprodukter sollen nämlech nëmme ganz wéineg konsuméiert ginn, wëll se oft voll mat Salz, Fett a Konservéierungsstoffer sinn. Wann s de awer Loscht op vegan Wirschtercher hues, huel der einfach en Pak mat. Dovu geet d’Welt net ënner, an et si sinn trotzdem bei wäitem besser wéi déi aus Fleesch.

4. Léier ze kachen

Wann s de bis elo net vill an der Kichen ze dinn haass, kënnt lo den idealen Zäitpunkt fir dat ze änneren. Sich dir Iddien am Internet oder blieder duerch Kachbicher. Ech perséinlech fannen zum Beispill Instagram en wonnerbare Wee fir Rezeptiddien ze sammelen an ze kucke wat aner Veganer esou iessen. Wann s de schonn en Konto do hues, sich zum Beispill no den Hashtags #vegansofig an #whatveganseat. Et ass och wichteg dir Zäit beim Kachen ze loossen. Et ka gutt sinn, datt elo vill Saachen um Menü stinn, déi s du virdrun nach ni zoubereet hues. Mä keng Angscht, et dauert net laang, dann hues du den Trick eraus. Vir vegan ze kache brauchs du keng speziell Apparater. Looss dech net ofschrecken dovunner datt vill Veganer en Blender oder en grousse Mixer benotzen. Et ass definitiv och méiglech ouni esou eppes auszekommen. Du kanns dir och eventuell eng Lëscht maache mat enger Dosen liichte Rezepter déi s du séier hi kriss. Wann s de eng Kéier net weess wat maachen, oder keng Loscht op groussaarteg vill Aarbecht hues, kach dir einfach eppes vun denger Lëscht.

5. Setz dech net ënner Drock

Du hues en Fehler gemaach. Deen Schokoriegel dee s de grad verdréckt hues hat Mëllechpolver dran. Looss dech vun esou engem Feelschlag net demoraliséieren! Elo weess de datt s du an Zukunft een anere Schockela keefs. Vegan liewen huet näischt mat Perfektionismus ze dinn. Et geet einfach drëm säi perséinlecht Bescht ze maachen, et ass keen alles oder näischt. Léier aus denge Fehler a respektéier däin eegent Tempo. Et verlaangt nämlech kee vun dir dass du vun haut op muer en Veganer wéi aus dem Billerbuch gëss. Schonn eleng dass du de Schrëtt mëss a probéiers dem Veganismus eng Chance ze ginn, ass scho vill méi wéi wat déi meescht Leit maachen.

6. Virbereedung ass den Schlëssel fir Erfolleg

Et ass wichteg virbereed ze sinn. Éiers du an en Restaurant iesse gees, kuck der hir Kaart um Internet un, oder ruff un a fro no op si eppes passendes fir dech hunn. Wann s du an der Stad ënnerwee bass maach der Gedanke wou s de eppes z’iesse fënns. Hëllef fënns de zum Beispill hei. Leider ginn et am dee Beräich nach net esou vill vegan Optiounen also muss du en bësse plangen. Pak der e puer Snacks an fir mat op d’Aarbecht oder hal en klenger Pak Kichelcher am Auto fir den Noutfall. Mä och doheem kanns du dech virbereeden. Kuck datt deng Spëndchen an däi Frigo ëmmer gutt gefëllt sinn a kach grouss Portiounen déi s du kanns afréieren fir wann et mol eng Kéier séier muss goen. Wann s de bei Frënn ageluede bass, so hinnen am Viraus Bescheed dass du wëlls vegan iessen a schlo eventuell en Menü fir, deen si kënne fir dech maachen.

7. Sief stolz op deng Entscheedung

Däin Entschloss vegan ze liewen ass eng perséinlech Entscheedung an du muss dech viru kengem rechtfertegen. Trotzdem muss de mat Kritik rechnen. Et ka gutt sinn datt de Geck mat dir gemaach gëtt – och wann dat net onbedengt béis gemengt ass! An eiser Gesellschaft ass de Veganismus eppes Besonnesches dat nach net all Mënsch novollzéie kann. Géi net op Gestëppels an, mä wann een dech serieux no dengem Grond fir dëse Liewenswandel freet, erklär him firwat s du vegan liewe wëlls. Et ass wichteg dass du deng Matmënschen net veruerteels an si kritiséiers nëmme wëll si Fleesch iessen a Mëllech drénken. Nëmmen déi wéinegst Leit ginn als Veganer gebuer an och du hues dëse Schrëtt wahrscheinlech réischt lues a lues gemaach. Et ka gutt sinn dass du deen eenzege Veganer an dengem Ëmfeld bass, an ëmsou méi wichteg ass et dofir dass du en gutt Bild vun der gëss. Wann s du de Leit selbstbewosst weis, wéi gutt et dir an denger Entscheedung geet kriss de vläit deen een oder aneren zum Nodenken. Sief dee Veganer deen s du gäre kenne geléiert häss, éiers du deng Ernährung ëmgestallt hues.

8. Bleif um Ball

Déi éischt puer Woche kënnen zimlech haart sinn, mä hal duerch! Erënner dech drun firwat s de wëlls vegan liewen a looss dech net demotivéieren. Du wäerts gesi mat der Zäit fält et dir ëmmer méi liicht an du wäerts näischt méi vermëssen – nee, och de Kéis net! Du änners grad en grousse Bestanddeel vun dengem Liewen ëm, mä sou baal s de dech drun gewinnt hues geet et wéi vum selwen. Éiers de dech verkucks wonners de dech firwat s de dës Entscheedung net schonn éischter geholl hues!

9. Informéier dech iwwer Nährstoffer

Eng vegan Ernährung ass vollkomme gesond a kann dir all d’Nährstoffer garantéieren, déi s de brauchs. Dofir muss du awer en bëssen oppasse wat s du ëss. Sou gär ech och wéilt de ganzen Dag Chipsen a Fritten iessen, wierklech gesond ass dat jo net. Informéier dech a wéi enge Liewensmëttel du Nährstoffer, wéi Proteinen, Eisen a Kalzium kréie kanns, a bau se an deng Ernährung an. Wann s du wëlles hues op länger Zäit vegan ze bleiwen, maach dir och Gedanken iwwer Vitamin B12. Wann s du ganz onsécher bass ob s du all deng Vitaminnen an Nährstoffer kriss, fro dir einfach eng Bluttanalys beim Dokter a pass deng Ernährung je no deem un. Maach dech awer net verréckt, wëll sou laangs du vun allem ëss a genuch Ofwiesslung an dengem Menü hues, dierfs du kee Problem hunn.

10. Sich dir Ënnerstëtzung

Du bass net alleng als Veganer. Kuck laanscht bei der Vegan Society Luxembourg an huel deel un hiren Evenementer (wéi zum Beispill hire Vegan Brunch) fir nei Leit kennen ze léieren. Oder lued Frënn bei dech an a kach hinnen eppes leckeres oder géi mat hinnen an en vegane Restaurant iessen. Op Facebook ginn et zwou Gruppen, speziell fir Veganer zu Lëtzebuerg. Do kanns du Froe stellen, deng Erfahrungen deelen oder kucke wat aner Veganer esou maachen. Dës Säite si Vegan Society Luxembourg a Vegan liewen zu Lëtzebuerg. Kuck och op der Säit vu Meat Free Monday Luxembourg an Petition 478 Luxembourglaanscht, lies e puer Artikele vun der Orla Collective (op Englesch) oder sich der Inspiratioun op Instagram beim Dani.

Dat wichtegst un allem ass dass de Spaass un der Saach hues. Egal wat deng Grënn sinn – fir d’Déieren, fir d’Gesondheet, fir d’Ëmwelt oder wéinst allem zesummen – du kanns houfreg op deng Entscheedung sinn. Am Laf vun den nächste Joere wäerts de vill léieren, nei Leit kenne léieren, nei Saachen iessen an awer och net esou schéin Erfahrunge maachen. Also streck dech gutt un, wëll et geet lass!

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire