E Veganer op Besuch

Wann s du dat hei lies stinn d’Chancë grouss dass du en Frënd oder een an der Famill hues dee vegan lieft an demnächst bei dech heem iesse kënnt. Vläit kenns du déi Persoun scho säit längerem, mä du bass dir einfach net sécher wat s de dann elo op den Dësch brénge solls. Fir d’éischt emol: Chapeau! Ech soen dir elo scho mol en décke fette Merci dass du dech mat der Saach ausernee setz! Keng Angscht, en Veganer zefridden ze stellen ass iwwerhaapt net schwéier.

Och wann s de dat villäicht net gleefs, mä vill Leit maachen sech net wierklech Gedanken doriwwer wann en Veganer mat um Dësch sëtzt an denken sech: En wärt jo schonn eppes fanne wat en iesse kann. An esou Fäll bleift engem dann oft just en bësse Geméis oder eng Zalot, an dat mëscht weder de Gaascht nach de Gastgeber glécklech.

Déi meescht Veganer si ganz einfach frou ze maachen, mir brauchen eigentlech net vill. Wann ee bei Frënn agelueden ass, geet et un éischter Stell ëm d’Gesellschaft an net ëm d’Iessen, also maach der keen ze grousse Kapp. Wann s du guer net méi weider weess, kanns du däi Gaascht am Virfeld froen, wat hien da gären iesse wëll. Hien kann dir bestëmmt e puer Virschléi maachen.

Veganen A-B-C

Fänke mer un. Wat ësst en Veganer dann eigentlech net?

  • Fleesch (Rand, Poulet, Schwäin…)
  • Fësch a Fruits de mer
  • Wëldfleesch
  • Mëllechprodukter (Mëllech, Jughurt, Ram, Kéis, Botter, Crème fraîche…)
  • Eeër
  • Hunneg
  • Gelatine

Hui, lo denks du dir bestëmmt wat iessen déi dann iwwerhaapt nach? Do bleift dach guer näischt méi iwwreg! En Veganer ësst zum Beispill:

  • Uebst
  • Geméis
  • Bounen
  • Räis
  • Nuddelen
  • Couscous
  • Ebly
  • Nëss
  • Brout
  • Tofu

Klengen Tipp: “Spuren von Milch etc.” oder “Traces de lait etc.” gi generell net bekuckt. Esou Produkter zielen als vegan, sou laang wéi an der Zutatenlëscht keen Déierenprodukt opdaucht.

Also kuerz a knapp gesot, en Veganer ësst näischt wat op iergend eng Aart a Weis vum Déier koum. Wann s du elo nach ëmmer duerchernee bass, da kann ech der soen, och DU ëss all Dag vegan Saachen. Gleefs de mir dat net? Vegant Iessen ass net exotesch oder speziell, mä ganz normal: Zaloten, gebrode Gromperen, Räis mat Geméis, Zoppen, dat meescht Brout, Fritten, Nuddele mat Tomatenzooss, Sorbet’en, vill Snacks (Chips, Bretzelen, Oreos…) an esou weider sinn alles vegan.

Vegant Iesse mëscht dach net sat, oder?

Dach! Awer just wann een och en klenge Satmaacher derbäi ësst. Also servéier dengem Gaascht net just Geméis, mä och: Gromperen, Räis, Nuddelen, Nëss oder Brout fir datt en sech de Bauch gutt voll schloe kann.

Déi meescht Nuddelen sinn vegan. Nee, do si keng Eeër dran, ausser et steet explizit drop!

Déi meescht Nuddelen sinn vegan. Nee, do si keng Eeër dran, ausser et steet explizit drop!

Klenge Geste, grouss Wierkung

E puer Tipps fir en Faux Pas ze verhënneren.

Fir deng Vinaigrette benotz keen Aromat (Knorr) an der gieler Verpackung, an deem ass Mëllech dran. Huel frësch Kraider oder würz mat enger Aromat-Alternativ (z.B. vun Rapunzel, oder ‘Gartenkräuter’ vun Knorr an der grénger Verpackung). Denk och drun keng Mayonnaise oder Ram an d’Zalotezooss ze maachen.

Benotz keen Hunneg. Eng lecker Alternativ ass z.B. Ahornsirup.

Wann s du Nuddelen kachs, benotz kee Botter vir datt se net uneneen pechen. Huel en Läffel Zooss oder en gudde Schotz Ueleg – dat mëscht d’Aarbecht och.

Och wann s du eppes ubroods, benotz kee Botter, mä Ueleg.

Benotz keng Rands- oder Héngerbritt. Huel léiwer en Geméisbouillon vun Alnatura, Rapunzel oder Maggi.

Amplaz vun Mëllech benotz Soja-, Mandel-, oder Räismëllech, mä sief drop gefaasst datt déi aneschters schmaachen wéi Koumëllech.

E puer Iddien

En einfachen a schnelle Menü ass zum Beispill:

  • Selwergemaachte Pizza (ouni Kéis, mat ganz vill Geméis)
  • Chili sin Carne mat Räis a Guacamole (ouni Fleesch, mä dofir mat vill Bounen an eventuell Geméis)
  • Nuddele mat selwergemaachtem Pesto (ouni Parmesan)
  • Penne all’Arrabiata
  • Nuddelszalot, Räiszalot oder Gromperenzalot (ouni Mayonnaise)
  • Zopp mat frëscher Baguette
  • Bruschetta mat Tomaten, Knuewelek a Basilikum
  • Uebstzalot
  • Eng Bull Sorbet mat Speculoos Kichelcher (z.B. Marque Lotus)

Wann s du net fir all deng Gäscht wëlls vegan kachen, da kuck datt 2-3 vun de Bäilage vegan sinn. Wann s du also z.B. e Stéck Fleesch wëlls servéieren, da kanns du derbäi maachen:

  • Geröstet Grompere mat Olivenueleg, Knuewelek a Rosmarin
  • Paprika-Gromperen aus der Pan
  • Verschidden Zorte Geméis (geröstet, gebroden, aus dem Schäffchen, gegrillt, gedämpft…)
  • Eng gréng Zalot
  • Nuddelen oder Räis
  • Gromperenpurée (ouni Mëllech/Botter)

Bass du en bësse méi gewandt an der Kichen an traus dir nei Saachen zou? Dann kanns du och no vegane Rezepter am Internet sichen. Fir alles gëtt et eng lecker vegan Variant! Beim Baken awer gëllt: et ass besser direkt en vegant Rezept ze sichen am Plaz en bekannte Rezept ze “veganiséieren” – sou bass de och sécher datt et keng Enttäuschung gëtt.

Schulterklopfer

Wann s du dat hei elo alles gelies hues, kanns du dir op d’Schëller klappen. Respekt, dass du verstees datt een als Veganer net einfach mol eng Ausnahm maache kann. Däin Bekannte ka frou sinn esou ee wéi dech ze kennen, deen sech Méi gëtt eng Leckerei ze zauberen, déi jiddwereen iesse kann. E gudden Appetit gewënscht!

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire