Bouchées à la reine (vegan)

  • Bouchée à la reine vegan vol-au-vent végétalien

Eng gutt Bouchée à la reine ass eppes Feines. Déi cremeg wäiss Zooss, d’Paschtéitchen aus Bliederdeeg… alles passt beieneen. Och wann ee kee Poulet a keng Mëllech ësst kann een eng gutt Bouchée genéissen, déi net nëmmen herrlech ausgesäit mä och nach genau esou schmaacht wéi d’Original.

D’Geheimzutat a mengem Rezept ass definitiv den Tahini (eng Paste oder en Mus aus gemuelene Sesamkären ähnlech wéi Mandelmus). Ech hunn schonn an mengem leschten Artikel dovun geschwärmt. Zesumme mat de Champignonen, dem Zitrounejus an dem Muskat, mécht deen datt d’Bechamelszooss no Poulet schmaacht och wann keen drann ass. Froo mech net wéi dat geet, et ass einfach esou. Wann s de keen Tahini hues, da probéiert dat Rezept einfach guer net. Esou wichteg ass dës Zutat!

Ech benotzen och eng vegan Pouletalternativ. Hei hunn ech de Poulet vu Like Meat benotzt, dee kritt een an Däitschland am Rewe an ass a mengen An bäi wäitem dee beschte vegane Poulet um Marché. En huet di nämmlecht Konsistenz an deen nämmlechte Goût wéi richtege Poulet. Wéi ech en fir d’éischte Kéier geschmaacht hunn konnt ech et bal net gleewen. D’gekachten Eeër, déi meng Mamm ëmmer an d’Bouchée mécht hunn ech einfach mat Tofu ersat. Wann s du kee Fan vu fäerdege Fleeschalternativen bass, kanns du och just Tofu huelen, mä de Goût wäert net ganz deen nämmlechte ginn.

Ah jo a wëll ech mir honnertprozenteg sécher sinn dat déi Fro wäert kommen: d’Paschtéitercher si vun der Mark Winny. Dat sinn déi eenzeg déi ech fonnt hunn, déi keen Botter dran hunn. Et kéint een se natierlech och selwer aus Bliederdeeg maachen, mä mol éierlech, wien huet Zäit fir esou een Gespills? Ech net.

Sou, kommen mer elo endlech zum Rezept.

Bouchée à la reine vegan vol-au-vent végétalien

Bouchées à la reine (vegan)
  • 180g vegane Poulet
  • 100g Tofu
  • 125g Champignonen
  • 1/2 kleng Zwiwwel
  • 1 Téiläffel Olivenueleg
  • 200ml Britt
  • 30g Margarine oder neutralen Ueleg
  • 30g Miel
  • 300ml ongezockert Sojamëllech
  • 2 Iessläffel Zitrounejus
  • 2 Téiläffel Tahini
  • 1 Iessläffel Hefeflocken
  • Wäisse Peffer
  • Salz
  • Muskat
  1. An enger Kasserolle den Olivenueleg erhëtzen an déi kleng geschnidden Hallschent vun der Zwiwwel a Champignonen licht doranner ubroden. Mat der Britt iwwerschëdden an un d'Kache bréngen.
  2. An Tëschenzäit an enge Dëppen d'Bechamelszooss maachen. Dofir d'Margarine schmëlzen loossen an d'Miel dra veréieren. D'Mëschung kuerz waarm gi loossen an da lues a lues d'Sojamëllech draschëdden an gläichzäiteg onënnerbrach mat engem Schnéibiesem réieren fir eng cremeg Zooss ouni Knipp ze kréien.
  3. Zwee déck Téiläffel Tahini an zwee Iessläffel Zitrounejus an d'Zooss réieren. D'Champignonen mat der Britt ënnerréieren. D'Zooss mam Salz, dem wäisse Peffer, Muskat an Hefeflocken ofschmaachen.
  4. Den Tofu a kleng Wierfelen schneiden an zesumme mam vegane Poulet mat der Zooss vermëschen.
  5. Paschtéitercher am Schäffchen waarm maachen a mat der Poulet/Champignon-Mëschung fëllen. Mat Zalot, Räis oder Fritten zerwéieren.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/bouchees-vegan/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Méi Rezepter

5 Commentairen

  • comment-avatar
    yves 10/01/2017 (14:22)

    gesäit super aus. merci fir deen tipp mam tahini, dat probéieren ech sou séier wéi méiglech.

    • comment-avatar
      Sven 10/01/2017 (15:37)

      Ech hoffen et schmaacht!

  • comment-avatar
    Yaya 10/01/2017 (15:29)

    Freen mech deck dei ze kachen den Weekend!:D Taggen dech direkt dran!Thumbs up! Eng fro?Weieng Kichelcher hues du dofier geholl???Sin dei all Vegan?LG
    Yaya

    • comment-avatar
      Sven 10/01/2017 (15:38)

      Sinn gespaant! D’Kichelcher sinn vun Winny, déi kritt een am Cactus, dat sinn déi eenzeg, déi ech fonnt hunn an deenen keen Botter ass…

      • comment-avatar
        Yaya 12/01/2017 (13:23)

        Deet mer sou leet war sou fierwellzeg iwwert d’rezept haat ganz vergiess den text ze liesen!MERCI AWER:)