Boxemännercher (vegan)

Wat wieren d’Wanterméint ouni Boxemännercher? Traditionell gëtt d’Brioche jo mat Eeër a Botter gemaach, mä dat heescht awer net datt een als Veganer op de Männche verzichte muss. Plangt genuch Zäit a fir dëst Rezept, wëll den Deeg muss zwee mol opgoen! Wann dir Moies ufänkt sinn d’Boxemännercher fir Nomëttes fäerdeg, wann d’Kanner aus der Schoul kommen!

Den Dag drop sinn se och nach wonnerbar fir beim Kaffi, mä vill ze laang soll een net waarde bis datt een se ësst. Am einfachste gëtt dat Rezept mat engem Standmixer, mä wann ee keen huet kann een den Deeg och mat der Hand knieden, et brauch ee just e bësse Kraaft an den Ärem!

Tipp: Während s du den Deeg preparéiers, hëtz de Schäffchen op 30-40°C fir. Wann et Zäit ass fir den Deeg opgoen ze loossen, kanns du de Schäffchen nees aus maachen an d’zougedeckte Schossel mam Deeg dra stellen!

Tipp #2: Fir extra glänzend Boxemännercher kanns du e bësse Sojamëllech mat gläichen Deel Agavensyrup mëschen an op déi waarm Männercher sträiche wann se aus dem Uewe kommen.

Boxemännercher

3 Männercher

536kcal

15g

90g

11g

  • 300g Miel
  • 50g Margarine
  • 50g Zocker
  • 15cl Sojamëllech
  • 2 Téiläffelen Hief
  • Vanill (oder Fleur d'oranger, oder Mandelaroma)
  1. D'Miel siften a mam Zocker an der Hief an enger Schossel veréieren.
  2. D'Mëllech wootlech maachen an zesumme mat der Vanill bei d'Mielmëschung ginn. Gutt knieden.
  3. D'Margarine a kléng Stécker schneiden a mat an d'Mëschung ginn.
  4. Den Deeg kniede bis en net méi pecht (5-10 Minutten).
  5. Den Deeg annerhallef Stonn zougedeckt op enger waarmer Plaz opgoe loossen.
  6. Den Deeg an dräi gläich Stécker schneiden an all Stéck zu enger décker Wurscht rullen.
  7. Den ieweschte Véirel vun der Wurscht mat de Fanger zesummendrécke fir de Kapp ze formen. Mat enger Schéier ënnen en Schnatt maachen, an duerno op all Säit nach een, fir esou d'Been an d'Äerm vum Männchen ze kréien. Déi fäerdeg Boxemännercher op en mat Pakpabeier beluechte Blech leeën.
  8. Den Uewen op 200°C virhëtzen. Währenddeems d'Boxemännercher nach emol eng hallef Stonn laang opgoe loossen. De Blech kann een hei mat engem op der Heizung gewiermten Duch zoudecken.
  9. Mat e bëssen Sojamëllech besträichen an 15-20 Minutten am Schäffche baken.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/boxemannercher/

Aner Rezepter

Keen Commentaire