E Rezept fir Bretzelssonndeg – getest!

Déi lescht zwee Joer gouf et fir mech leider keng Bretzel fir Bretzelssonndeg. Ech kann net nach en Joer ouni goen dofir hunn ech mech an d’Kichen gestallt an gebak!

Wosst der iwwregens datt et “Bretzelssonndeg” ass? Also mat zwee “s”? Fannen ech e bëssen louche éierlech gesot, wien schwätzt dat dann esou aus? Naja wie dem auch sei, ech probéieren haut dem Danielle säi Rezept vun myveganluxembourg aus. Seng Bretzel baséiert op engem séissen Hiefdeeg an ass super liicht ze maachen. Leider hat ech keng Hieselnëss fir d’Fëllung an hunn missen mat méi Mandelen ersetzen.

Ech hunn d’Rezept gehalleft wëll ech keng fett Bretzel alleng iessen kann. Verbesserung: alleng iessen wëll. Verbesserung: alleng iessen soll. An trotzdem ass meng Bretzel richteg massiv ginn. Wann een d’original Moossen vum Rezept bäibehält muss dat jo en Monster-Béischt ginn!

Den Deeg an d’Fëllung waren séier gemaach, mä mam Formen muss ech nach e bëssen üben. Bei mir ass et e Ball ginn (oder en Häerz?) an keng Bretzel. Ze fill Fëllung vläit? 45 Minutten am Schäffchen schéngen laang, mä et huet geklappt.

Trotz fehlendem Talent am Bretzelformen sinn ech begeeschtert an d’Rezept kritt vun mir en Thumbs Up! Déi nächste Kéier kommen dann och bei mir an d’Fëllung Hieselnëss, da gëtt d’Bretzel bestëmmt nach besser.

unnamed-10

Aner Rezepter

Keen Commentaire