Wanterlech Brockelcherszalot mat Fenschel (vegan)

Jo, jo d’Veganer, déi iesse just Zalot. An dësem Fall ass et wouer, mä dëst ass keng normal Zalot!

Ech si kee grousse Fan vu Brockelcher, mä wëll ech weess wéi gesond se fir ee sinn, hunn ech eng Aart a Weis gesicht wéi ech di kleng gréng Bullen awer gären hunn. Wann s du en Brockelchershaasser bass, bass du lo sécher skeptesch, gell? Mä vertrau mir einfach! Looss dech drop an a gëff dem aarme Geméis dach eng Chance.

An dëser Zalot bleift alles ongekacht an doduerch kritt de Brockelchen net säin typesche battere Goût, mä schmaacht e bësse wéi Kabes. Dat mécht Sënn, schliisslech kënnt en jo aus der Kabesfamill. Och de Fenschel bleift réi a schmaacht dowéinst ganz douce.

Dës Zalot verbënnt dat bescht vu saisonalen Zutaten aus dem Hierscht a Wanter, d’häerzhaft Brockelcher passen herrlech bei déi liicht wierzeg Nout vum Fenschel. D’Cranberries brengen e bësse Séisst an dat ganzt, dat vun der Saier vum Apel ausbalancéiert gëtt. De Moschtert an déi rout Zwiwwel brengen e bësse Pepp an d’Nëss suerge fir Ofwiesslung beim Knaen. Gutt derbäi passen och Käschten!

Am beschte schmaacht dës Zalot wann se iwwer Nuecht am Frigo raschte kann, esou datt all déi verschidde Goûten sech matenee mësche kënnen. Kuerz virum zerwéiere ginn dann d’Uebst an d’Nëss derbäi ginn. Wien keng Zäit huet kann d’Zalot och direkt iessen, dat ass keen Thema.

D’Brockelcherszalot ass eng super Bäilag fir de Chrëschtdagsmenü a passt besonnesch gutt bei Séissgromperen, Lënsen a Champignonen.

Brockelcherszalot mat Fenschel (vegan)
  • 500g Brockelcher
  • 250g Fenchel
  • 0,5 kleng rout Zwiwwel
  • 1 Apel
  • frëschen Péiterséileg
  • 1 Handvoll Pekannëss
  • 1 Handvoll Nëss (Walnuss)
  • 1 Handvoll Cranberries
    Fir d'Vinaigrette:
  • 2 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • 2 Iessläffel Äppelesseg
  • 1 Iessläffel Ahornsyrup
  • 2 Téiläffel Moschtert
  • Salz a Peffer
  1. D'Brockelcher wäschen an eventuell brong Blieder an de Stronk erofschneiden. D'Brockelcher dann halbéieren an a kleng Sträife schneiden.
  2. De Fenschel wäschen an a véier deelen, dann a kleng Sträife schneiden.
  3. D'Zwiwwel reng schneiden. An de Péitelséileg kleng hacken bis een ongeféier 2 Iessläffelen zesummen huet.
  4. An enger klenger Schossel d'Vinaigrette uréieren a mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  5. D'Geméis zesumme mat der Vinaigrette vermëschen a wann méiglech iwwer Nuecht am Frigo stoe loossen.
  6. Kuerz virum zerwéieren d'Nëss graff hacken an den Apel a kléng Stecker schneiden an zesumme mat de Cranberries ënner d'Zalot réieren.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/brockelcherszalot/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire