Cactus, esou net!

1442067588325

De Cactus. Dat Geschäft deem d’Lëtzebuerger vertrauen. Mä ass dës Ausso gerechtfäerdegt? Weist eis de Cactus wierklech “nëmmen dat Bescht”? No deem ech e puer Bäckereien hei am Land ugeschriwwen hat, fir ze froe wat fir vegan Saachen si an der Théik leien haten, hunn ech mir geduecht, ech misst mech eigentlech och beim Cactus mellen. Datt d’Firma eng eege Bakstuff huet ass jo wuel bekannt an ech si mir sécher eng gutt Partie Leit kafen do all Dag hiert Brout. Do ass dach bestëmmt eppes veganes am Sortiment! Ech hunn mech also hin gesat an de Service clients vum Cactus ugeschriwwen. Dat war am Mäerz vun dësem Joer. Leider krut ech keng hëllefräich Äntwert.

“Malheureusement nous n’avons pas la possibilité de vous fournir une liste avec tous les produits, fabriqués sans produits laitiers, de notre assortiment boulangerie/pâtisserie.”

— Cactus (18.03.2015)

Firwat sollt et net méiglech si mir esou eng Lëscht ze erstellen? Aner Bäckereien, wéi de Fischer, hunn dat dach och fäerdeg bruecht. Hat hei einfach ee keng Loscht sech dorëm ze këmmeren? En halleft Joer drop hunn ech et nees probéiert, mam selwechte Resultat.

“No Récksprooch mat der Direktioun vun eiser Bakstuff an eisem Marketing, musse mir Iech leider matdeelen dass et eis net méiglech ass Iech eng Lëscht mat den ugefrot Produiten zoukommen ze loossen.”

— Cactus (01.09.2015)

Ech kréien andauernd gezielt, esou eng Lëscht wier net méiglech ze erstellen, an ech sollt dach einfach an den Tablettë kucken, déi an de Geschäfter stinn.

“Mir kënnen Iech awer op d’Tabletten verweisen, déi Dir an der Bäckerei vun eise Cactus Butteker fannt.”

— Cactus (01.09.2015)

Schonn am Mäerz krut ech gesot, do géif alles stoen, wat ech wëssen wéilt:

“Dans ces tablettes, qui sont installées dans nos rayons boulangerie, vous trouvez tous les ingrédients et allergènes pour chaque produit frais, qui se trouve dans notre assortiment.”

— Cactus (18.03.2015)

An der Rei, dat kléngt jo ganz einfach. Oder och net. Wëll wann een higeet an een sech déi Tablettë mol genau ukuckt, mierkt een dat déi iwwerhaapt keng Hëllef sinn. Si brauchen extrem laang fir ze lueden, si guer net userfrëndlech opgebaut an am Géigesaz zu dem wat ech gezielt krut, gi keng Zutaten ugewisen, mä just Allergener. Ech gesi mech als relativ Technik-gewannt, also ginn ech net dovun aus, datt ech do eppes falsch agetippt hunn.

An mengen Emailen un Cactus hunn ech ëmmer ganz kloer gemaach, datt eng Liste d’allergènes keen Opschloss doriwwer gëtt op eppes vegan ass, wëll Saache wéi zum Beispill Hunneg, Faarfstoffer oder déieresch Fetter do net opgezielt ginn. Och gëtt een esou net gewuer op eppes mat Mëllech oder Eegiel bestrach ginn ass fir em beim bake méi eng schéi Faarf ze ginn.

Cactus huet anscheinend kee Versteesdemech fir eng vegan Clienten. Dobäi huet sech de Cactus viru kuerzem nach an der Ëffentlechkeet esou verständnisvoll gewisen:

“Cactus will seine veganische Kundschaft nicht außen vorlassen und hat sein Sortiment in den letzten Monaten ausgebaut. ‘Wir stellen fest, dass die Leute zunehmend auf eine gesündere Ernährung achten. Wir erwarten uns, dass die Nachfrage, insbesondere nach vegetarischen Produkten noch ansteigen wird’, bestätigt eine Sprecherin.”

— Luxemburger Wort (10.09.2015)

Ech gesinn déi Saach esou: ech froe wat et Veganes an hirer Bäckerei gëtt, si hunn déi noutwenneg Donnéeën all zur Verfügung, an trotzdem ass keen am Stand mir meng Fro ze beäntweren? Ech menge ganz beim Cactus hunn se net verstanen, wéi wichteg et ass op d’Nofro vun de Clienten ze reagéieren. Vun Joer zu Joer klëmmt d’Unzuel vun de Veganer – och zu Lëtzebuerg! An wann Cactus eis eng vegan Lëscht zur Verfügung stelle géif, betrëfft dat net nëmmen Veganer direkt, mä och eis Frënn a Famill, déi vläit net vegan liewen, mä och mol vir eis eppes akafen oder sech iwwer déi Informatioune freeë géife wann si en vegane Gaascht op Besuch hunn.

http://www.cactus.lu/fr/services/service-clients

http://www.cactus.lu/fr/services/service-clients

Dofir ass et wichteg datt mir Cactus weisen, datt eng vegan Nofro existéiert! Ech bieden esou vill wéi méiglech vun iech, datt dir dem Cactus schreift an och no esou enger Lëscht frot. Vläit mierken si jo dann, datt Veganer net eng Randgrupp sinn, mä en wichtegen economesche Faktor duerstellen, deen ee besser net ze ignoréieren huet, wann een um Marché mathale wëll.


Cactus Service clients: service.clients@cactus.lu | +352 28 28 – 3461 | Formulaire

Méi Gebraddels

Keen Commentaire