paprika

Déi eng Saach déi ech als Veganer vermëssen

Et gëtt eng Fro, déi ech méi gestallt kréie wéi all aner: "Vermëss du net all déi Saachen déi s du net méi iesse kanns?" froe Frënn, Famill, Leit déi ech grad just kenne geléiert hunn. Hautdesdaags wëssen déi meescht datt ee Proteinnen och vu Planze kréie kann, dofir kënnt dat net esou oft op. Mä déi Iddi datt een als Veganer all déi gutt Saachen am Liewen opginn huet ass eng haartnäckeg a setzt sech am Kapp vu Ville fest. Ech kann novollzéie firwat, et ass ... Weider liesen

Fro de Bauer – an du kriss eng schwammeg Äntwert

Nodrag (04/10/16 22:22): An dësem Artikel ass "de Bauer" als Auteur vun der Platform ze verstoen, als deenjéinegen deen d'Äntwerten zu de Froen geschriwwen huet. Meng Kritik riicht sech haaptsächlech un d'Art a Weis wéi d'Platform gehandhabt gëtt an net un den eenzelnen Bauer selwer. D'Platform versprëcht en Dialog, deen an mengen An leider net statt fënnt.   D'Initiativ www.fro-de-bauer.lu ass leschte Mount vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren an d'Liewe geruff ... Weider liesen

Vegane Picknick Tagebuch

Scho säit enger Zäitchen wollt ech eppes ausserhalb vum Blog a sozial Netzwierker organiséieren. Elo wou d'Wieder nees ufänkt besser ze ginn hunn ech mir geduet et wier flott e klenge Picknick ze halen. Nei Leit kenne léieren an dobäi zesummen iessen austausche klengt dach gutt! Hei si meng Gedanken zu deem wat geschitt ass a wat nach geschéie wärt: Wëll ech am Juli leider keng Zäit fir esou eppes hunn, hunn ech mech entscheed en Datum am Juni ze fannen an hunn einfach mol den ... Weider liesen

Veganismus an Identitéit: e puer Gedanken

Ech si viru Kuerzem iwwert en interessanten Artikel vum Déiererecht-Aktivist Tobias Leenaert gefall. Hei schreift hien iwwert d'Notzen vum Wuert "vegan" an "Veganer" a wat fir Auswierkungen dës Wieder op aner Mënschen hunn. De ganzen Artikel kann een hei liesen (op Englesch). Déi Wieder kënnen ganz nëtzlech sinn: Wann een zum Beispill d'Menüskaart an engem Restaurant studéiert an et ass eppes als vegan markéiert muss een net nofroen an et weess een wou een drun ass. Mä et gëtt ... Weider liesen

E Kannerfilm mat staarkem Message

Gëschter Owend hunn ech mir en Film ugekuckt, deen ech als Kand ganz gären hat. Chicken Run (am däitschsproochege Raum och als Hennen Rennen bekannt) erzielt d'Geschicht vun engem Grupp Hénger, déi gäre vun hirem Bauerenhaff fortlafe wëllen. Elo wou ech den Film nach eng Kéier gekuckt hunn, 15 Joer nodeems en raus komm ass, sinn ech mer réischt bewosst ginn, wat fir en staarke Message en huet. De Film ass aus der Perspektiv vun den Hénger gemaach a versetzt eis esou an d'batter ... Weider liesen

Sinn mir Stellvertrieder fir de Veganismus?

Haut schreiwen ech gären iwwert eppes, wat vläit en bëssen aneschters ass, wéi dat wat ech soss esou hei vu mir ginn. Et geet ëm en Thema mat deem sech sécherlech vill Veganer ausernaner setzen, besonnesch am Ufank. An zwar geet et ëm dat Gefill datt een eng Pflicht hätt ze representéieren. De Veganismus ass nach net esou richteg ukomm an eiser Gesellschaft, och wann en an de leschte Joeren ëmmer méi populär ginn ass. Ech denken déi meescht Leit hunn net wierkl... Weider liesen

Cactus, esou net!

De Cactus. Dat Geschäft deem d'Lëtzebuerger vertrauen. Mä ass dës Ausso gerechtfäerdegt? Weist eis de Cactus wierklech "nëmmen dat Bescht"? No deem ech e puer Bäckereien hei am Land ugeschriwwen hat, fir ze froe wat fir vegan Saachen si an der Théik leien haten, hunn ech mir geduecht, ech misst mech eigentlech och beim Cactus mellen. Datt d'Firma eng eege Bakstuff huet ass jo wuel bekannt an ech si mir sécher eng gutt Partie Leit kafen do all Dag hiert Brout. Do ass dach ... Weider liesen

Infographic: D’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg

Download the English version HERE. Téléchargez la version française ICI. Bei dësen Donnéeën handelt et sech selbstverständlech ëm Estimatiounen. Déi genau Wäerter speziell fir Lëtzebuerg loossen sech nëmme schwéier rausfannen. An de Rechnunge sinn dës Wäerter benotzt ginn: Waasserverbrauch Rëndsfleesch: 15415m³/tSchwéngefleesch: 5988m³/tHéngerfleesch: 4325m³/tMëllech: 1020m³/tEeër: 3265m³/t CO2 Emissiounen Rëndsfleesch: 15kg CO2/kgSchw... Weider liesen