what i eat in a day vegan luxembourg

En Dag a mengem Teller #2

Kennt dir déi Deeg wou ee Moies wakereg gëtt an et weess een direkt datt den Dag einfach gutt wäert ginn? Genau esou ee Moment hat ech haut, a wëll ech esou gutt drop war hunn ech mir geduecht firwat dokumentéieren ech net einfach wat ech esou maachen? Am Moment hunn ech Ouschtervakanz, dat heescht ech hunn e bësse méi Fräizäit. Ech hunn zwar nach ze dinn, mä ëmmerhin muss ech net andauernd bis op d'Uni a ka mir mäin Dag esou ariichten, wéi ech et wëll. En Dag a mengem Teller war ... Weider liesen

Gesond Snack Iddien

Wann ech kéint géif ech de ganzen Dag just Snacks iessen. Alles wat salzeg a knuspereg oder séiss a schockelaeg ass kann ech mir ouni nozedenken einfach raknuppen. An genau do ass de Problem. Snacken mécht een oft ouni mam Kapp bei der Saach ze sinn. Meeschtens konzentréiert een sech wärhendeem op eppes anescht, op en Film zum Beispill oder en Buch. An da geschitt et alt mol gären datt een ze vill dës Gudden ësst. En Stéckche Schockela am Dag schued engem net, mä wann aus dem ... Weider liesen
vegan luxembourg moiesiessen

En Dag a mengem Teller

Ah, deen heiten Artikel wollt ech scho säit Woche posten. D'Fotoe waren all gemaach, ech hunn just nach den Text misse schreiwen, mä dat huet anscheinend e bësse gedauert. Mä dat ass jo net schlëmm, oder? Also lass geet et! Eng Zäitchen hunn ech ëmmer immens gären "What I eat in a Day" oder "Une journée dans mon assiette" vun anere Leit gekuckt. Do gesäit ee wat anerer dann esou alles de schéine laangen Dag iessen. Ech weess net firwat ech esou faszinéiert vun ... Weider liesen
E Bléck a meng vegan Spënchen | de grénge Léiw

E Bléck a meng Spëndchen

Mat der Zäit ass meng Spëndchen ëmmer méi gewuess an enthält elo allerlee Saachen, déi ech all Dag a verschiddene Rezepter fir ze Kache benotzen. Eng gutt gefëllte Spëndchen huet e puer Virdeeler: esou spuert si dir Suen wëll deng Akafslëscht méi kleng gëtt, och mécht si et einfach Iessen am Viraus ze plangen, a wann mol eng Kéier de Frigo eidel an de Cactus zou ass kann ee mat e bësse Kreativitéit trotzdem eppes Anstänneges op den Teller bréngen. Hei ass ... Weider liesen

Den Dag richteg ufänken: Meng Yoga Erfahrung

Wéi fänks du den Dag normalerweis un? Ech sinn en zimmlechen Morgenmuffel an fir laang Zäit huet mäin Moien ëmmer d'nämmlecht ausgesinn. Et goufen zwou Méiglechkeeten: entweder ech hunn mäin Wecker ëmmer rëm op Snooze gestallt bis datt ech guer keng Zäit méi hat, séier aus dem Bett gesprongen sinn an mech gehetzt hunn. Oder awer ech louch laang am Bett an hunn mäin Handy ugekuckt (deen ech als Wecker benotzen). Ech hunn meng Emailen gelies, gekuckt wat et neits op Facebook gëtt, ... Weider liesen

Grillsaison 2016: Geméis

An et geet weider mat menger klenger Grillserie. D'läscht Woch hunn mer eis d'Fleeschalternativen ugekuckt an haut geet et ëm eppes aneres: Geméis. Also och déi Leit, déi keen Tofu & Co iesse wëlle kommen hei op hir Käschten! Duerch d'Hëtzt vun de Kuelë karamelliséiert d'Geméis um Grill a verléiert säi battere Goût. Gläichzäiteg gëtt och den Damp vum Geméis opgesuckelt an esou kritt dat ganzt eng schéin häerzhaft Nout. Einfach ze grillen a relativ klassesch ... Weider liesen

Grillsaison 2016: esou geet et vegan!

De Wanter ass eriwwer a mat der Sonnecrème, de Moustiquen an iwwerhëtzten Autoe kënnt och d'Grillen nees lues a lues an eisen Alldag. Seelen geet ee Summermount ëm an deem net dobaussen iwwert der Flam gekacht gëtt. An glécklecherweis kënnt de gudde Goût vum Gegrilltes net vum Fleesch, mee vun de Kuelen, der héijer Hëtzt an dem Damp, esou datt een och mat Planzlechem op de Genoss kënnt. An deenen nächste Woche wäert ech e puer Tipps fir d'vegan Grillen mat iech ... Weider liesen

Mäerz Favoriten

An erëm ass en Mount ëm, lo ass et schonn Abrëll! Leider war mäin Mount zimlech monoton, mä ech hunn awer eng oder zwou Saache fonnt déi ech mat iech deele wëll. Hei sinn also elo meng Favorite vum Mäerz: Huel Fänke mer nees mam Iessen un. Dëse Mount war zimlech stresseg fir mech, ech hunn vill un menger Bacheloraarbecht geschriwwen a mech och fir Masterprogrammer ugemellt. Bei deem ganzen Uni-Stress hunn ech oft vergiess z'iessen. Jo, ech hunn och ni verstane wéi een esou eppes ... Weider liesen

Februar Favoriten

De Februar ass esou e kuerzen Mount - gëschter war dach nach Januar! Februar ass wéi den Dënschden vum Joer: eriwwer éier ee kucken kann. An wann ee mech freet wat ech spezielles gemaach hunn, wéisst ech mol net vill ze zielen. No der Chrëschtdagszäit huet den Alldag sech elo nees ganz ausgebreet an dominéiert d'Deeg. Ech war net zu Lëtzebuerg an hunn dofir Liichtmëssdag, Fuesent an d'Buergbrenne verpasst, esou eppes gëtt et hei a Schottland net. An trotzdem goufen et e puer Saachen, ... Weider liesen

Siwen mol zu Moies iessen

Méindes: Weetabix, Mandelmëllech an Uebst Wann ech moies net wëll laang an der Kiche stoen an ech keng Loscht op zockerséiss Cornflakes hunn, gëtt einfach en Pak Weetabix opgemaach! En Schotz Soja- oder Mandelmëllech derbäi a schonn ass alles prett. Normalerweis iessen ech nach en Stéck Uebst derbäi oder drénken en Glas Jus. Wat mech ëmmer nees erstaunt ass, datt eng Portioun Weetabix alleng schonn 30% vun eisem deeglechen Eisenbedarf deckt. Verréckt. Dënschdes: Müsli mat ... Weider liesen