Wanterlech Brockelcherszalot mat Fenschel (vegan)

Jo, jo d'Veganer, déi iesse just Zalot. An dësem Fall ass et wouer, mä dëst ass keng normal Zalot! Ech si kee grousse Fan vu Brockelcher, mä wëll ech weess wéi gesond se fir ee sinn, hunn ech eng Aart a Weis gesicht wéi ech di kleng gréng Bullen awer gären hunn. Wann s du en Brockelchershaasser bass, bass du lo sécher skeptesch, gell? Mä vertrau mir einfach! Looss dech drop an a gëff dem aarme Geméis dach eng Chance. An dëser Zalot bleift alles ongekacht an ... Weider liesen
vegan bakewell tart frangipane

Frangipanestaart (vegan)

Déi leschte Kéier wou ech eppes gepost hunn ass elo scho gläich zwou Wochen hir an ech géif gäre méi oft en Rezept oder soss eppes op de Blog setzen, mä leider sinn ech net éischter dozou komm. De Weekend hunn ech awer en speziellen Dessert gebak an et wier mer bal ze schued gewiescht fir deen net mat engem ze deelen. Dofir hunn ech séier mäi Fotosapparat gegraff an e puer Fotoe geknipst. Hei elo en ganz speziellt (an natierlech leckert) Rezept. Frangipane ass ee vu menge L... Weider liesen
oreo cheesecakes close up

Mini Oreo Cheesecakes (vegan)

Vältesdag ass net nëmmen den Dag vun der Léift, mä wann ee ganz stereotypesch ass och den Dag vu Séissem, Schockela an Äerdbieren. Dofir hunn ech hei eppes Klenges gezaubert mat deem s du dengem Partner de 14. (oder un iergendengem aneren Dag) eng Freed maache kanns. Et ass wahrscheinlech allgemeng bekannt datt Oero-Kichelcher vegan sinn. Gesond sinn se zwar net, mä dofir schmaachen se awer richteg gutt. Ech hunn déi elo geholl an se an en Cheesecake verwandelt. Jo, du hues ... Weider liesen
Bouchée à la reine vegan vol-au-vent végétalien

Bouchées à la reine (vegan)

Eng gutt Bouchée à la reine ass eppes Feines. Déi cremeg wäiss Zooss, d'Paschtéitchen aus Bliederdeeg... alles passt beieneen. Och wann ee kee Poulet a keng Mëllech ësst kann een eng gutt Bouchée genéissen, déi net nëmmen herrlech ausgesäit mä och nach genau esou schmaacht wéi d'Original. D'Geheimzutat a mengem Rezept ass definitiv den Tahini (eng Paste oder en Mus aus gemuelene Sesamkären ähnlech wéi Mandelmus). Ech hunn schonn an mengem leschten Artikel do... Weider liesen
kandéiert nëss vegan rezept luxembourg letzebuerg candied nuts gebrannte nüsse mandeln cashew

Kandéiert Nëss mat Kanéil a Vanill

Gebrannten Nëss vum Mäertche waren ni menges. Dat heescht awer net datt d'Kombinatioun vu geréischterten Nëss an Zocker schlecht ass. Dëse Wanter hunn ech an England op engem Chrëschtmaart kandéiert Nëss geschmaacht, déi mat Kanéil a Vanill gewierzt waren. Déi waren esou gutt datt ech dat doheem direkt selwer hunn misse probéieren. Mäi Rezept fir kandéiert Nëss ass esou einfach: a manner wéi enger hallwer Stonn ass alles un an aus an du kanns dir däi Bauch voll ... Weider liesen

Ierzenzopp (vegan, low-carb)

No der Quetschentaart kënnt dann elo d'Ierzenzopp. Ech hunn an der Läscht grouss Freed dorun e bësse méi traditionell Rezepter ze veganiséieren. Wann een no Veganem am Internet sicht fënnt een ëmmer ganz vill Inspiratioun aus der asiatescher oder amerikanescher Kichen. Och wann déi ouni Zweifel ganz lecker Rezepter hunn, esou ass et da munchmol awer schéin eppes z'iessen wat engem méi bekannt ass, eppes wat ee vläicht fréier oder als Kand des Öfteren giess huet. Wann ... Weider liesen
quetschentaart quetsches zwetschgen torte

Quetschentaart (vegan)

Haut hunn ech en Rezept, dat kéint bal net méi lëtzebuergesch sinn. Elo am September fänken d'Quetschen un zeideg ze ginn an ech menge jiddwereen huet entweder selwer en Bam am Gaart oder kritt all Joers Quetsche vun der Bomi oder dem Noper. Gottseidank weess de gudde Lëtzebuerger natierlech eppes domadder unzefänken: sief et Drëpp, Quetschekraut oder awer eng Taart - déi mof Fruucht gëtt verschafft! Och bei eis doheem ass d'läscht Woch eng Schossel mat frësche Quetschen an ... Weider liesen
protein vegan crackers

Protein Crackers (glutenfräi)

Ech sinn op Kicherierbessenmiel gestouss wéi ech no enger Alternativ no normalem Miel aus Weess gesicht hunn. Ech wollt eppes mat manner Kuelenhydrater a mat méi Eewäiss. Kicherierbessenmiel besteet, wéi den Numm scho seet, aus gemuelen Ierbessen (pois chiches) an huet dowéinst déi nämmlecht Nährstoffer wéi d'Hülsenfruucht selwer. An der Praxis bedeit dat komplex Kuelenhydrater, déi vum Kierper lues verschafft ginn an esou eng gläichméisseg Energiezoufur garantéieren, eng ... Weider liesen

Mini Quiches (vegan)

Ouschteren ass d'Zäit vun den Huesen, de Blummen, dem Schockela an och vun den Eeër. Mä fir dës kléng Quichen ze zaubere brauch een keng vun deene Saachen. Ofgesinn dovun datt si ouni Eeër gemaach sinn, si se ganz traditionell: duerch d'häerzhaft Fëllung vu Porrette a Knuewelek kritt een direkt Loscht nach e Stéck z'iessen. Ech hunn déi hei a klenge Formen vun 10cm Duerchmiesser gebak an defir passen se perfekt als Entrée an den Ouschtermenü. Wann s du nëmmen eng ... Weider liesen

E Rezept fir Bretzelssonndeg – getest!

Déi lescht zwee Joer gouf et fir mech leider keng Bretzel fir Bretzelssonndeg. Ech kann net nach en Joer ouni goen dofir hunn ech mech an d'Kichen gestallt an gebak! Wosst der iwwregens datt et "Bretzelssonndeg" ass? Also mat zwee "s"? Fannen ech e bëssen louche éierlech gesot, wien schwätzt dat dann esou aus? Naja wie dem auch sei, ech probéieren haut dem Danielle säi Rezept vun myveganluxembourg aus. Seng Bretzel baséiert op engem séissen Hiefdeeg an ass super ... Weider liesen