E Liewen ouni Iessen? (Huel Testbericht)

An mengem leschte Favorite Post hunn ech schonn eng kéier kuerz vun Huel geschwat an ech wëll elo gären e bësse méi doriwwer zielen. Ech soen direkt, dëse Post ass net gesponsert an alles wat ech hei schreiwen ass meng éierlech Meenung. Wien nach net weess em wat et geet, Huel (vun Human Fuel - mënschlechen Treifstoff) ass en nährreiche Shake, deen einfach alles huet wat de Kierper brauch. Theoretesch ass et also méiglech just de Shake ze drénken a soss näischt zou ... Weider liesen

Mac & Cheese vu So Delicious

Viru kuerzem konnt ech eppes ganz Besonnesches schmaachen: Mac & Cheese. Vun dem typesch amerikaneschem Nuddelplat huet bestëmmt jiddweree schonn héieren. Traditionell kënnt do vill Kéis a Mëllech an d'Zooss, dofir ass et vläit net esou evident et vegan ze maachen. Natierlech kann ee Mac & Cheese selwer maachen, mä déi meescht Amerikaner iessen et als Fäerdegprodukt. An der Packung sinn dann d'Nuddelen an en Päckelchen mat Kéispudder, deen ee mat Mëllech oder ... Weider liesen

E Rezept fir Bretzelssonndeg – getest!

Déi lescht zwee Joer gouf et fir mech leider keng Bretzel fir Bretzelssonndeg. Ech kann net nach en Joer ouni goen dofir hunn ech mech an d'Kichen gestallt an gebak! Wosst der iwwregens datt et "Bretzelssonndeg" ass? Also mat zwee "s"? Fannen ech e bëssen louche éierlech gesot, wien schwätzt dat dann esou aus? Naja wie dem auch sei, ech probéieren haut dem Danielle säi Rezept vun myveganluxembourg aus. Seng Bretzel baséiert op engem séissen Hiefdeeg an ass super ... Weider liesen

GreenPeople Testbericht + Coupon

Et war eng Zäitche roueg hei um Blog an ech hunn mir geduet et wier mol nees un der Zäit en bëssen eppes ze schreiwen. Haut gëtt et dann och direkt eppes ganz Neies ze liesen, eppes wat ech virdrun nach net gemaach hunn: en Testbericht. An zwar geet et hei ëm d'Produkter vu Green People. Si sinn en briteschen Hiersteller un Kosmetik- a Kierperproduit'en, déi op héichwäerteg Zutaten setzen. Natierlech si keng vun hire Produiten op Déiere getest an déi meescht si certifiéiert ... Weider liesen

Am Test: Ms Cupcake Bakbuch

Baken ass eng Konscht, a fir mir et méi einfach ze maachen hunn ech mer virun engem hallwe Joer dem Mellissa Morgan säi Buch Vegane Cupcakes, Cakes & Cookies (original op Englesch ) kaf - an et deet mir absolut net leed. D'Mellissa kënnt ursprénglech aus Kanada mä lieft mëttlerweil a London wou hat säit 2011 eng vegan Cupcake Bäckerei bedreift. D'Leit räissen sech em seng Bakwierker a fir datt een déi och doheem kann nomaachen, huet d'Mellissa dëst Buch mat senge ... Weider liesen