E Kannerfilm mat staarkem Message

Gëschter Owend hunn ech mir en Film ugekuckt, deen ech als Kand ganz gären hat. Chicken Run (am däitschsproochege Raum och als Hennen Rennen bekannt) erzielt d’Geschicht vun engem Grupp Hénger, déi gäre vun hirem Bauerenhaff fortlafe wëllen. Elo wou ech den Film nach eng Kéier gekuckt hunn, 15 Joer nodeems en raus komm ass, sinn ech mer réischt bewosst ginn, wat fir en staarke Message en huet. De Film ass aus der Perspektiv vun den Hénger gemaach a versetzt eis esou an d’batter Realitéit vum Liewe vun engem Hong um Bauerenhaff.

Am Ufank vum Film gesi mir wéi d’Hénger probéieren aus hirem Käfeg ze flüchten, mä all hir Versich ginn an d’Box an si ginn haart vum Bauer bestrooft. Ëmmer rëm ginn si erwëscht an nees zréck agespaart. Déi Aart a Weis, wéi de Film gemaach ass, weist eis datt d’Hénger wéi an engem Prisong liewen.

Ganz séier fanne mir och eraus wat hinne bevirsteet: Wien keng Eeër méi leeë kann, gëtt geschluecht. Schonn an deenen éischten 10 Minutte vum Film muss dat éischt Hong dru gleewen, an seng Frënn kënne just entsat nokucke wéi d’Aaxt fällt. Den Drang vir ze flüchte gëtt ëmmer méi staark an d’Hénger diskutéieren iwwert hiren Wäert am Liewen. Sinn si wierklech just do fir Eeër ze leeën, déi si all Dag ewech geholl kréien, nëmme fir duerno geschluecht ze ginn?

De Betrib schéngt net rentabel ze si fir d’Bauerekoppel an si decidéiert geschwënn auszebauen. Camionen mat grousse Maschinne fueren ëmmer méi oft an den Haff: de klenge Betrib gëtt industrialiséiert, d’Schluechte leeft elo automatesch. Fir d’Koppel sinn d’Hénger keng Liewewiesen, mä just e Objet fir Suen ze verdéngen. Fir datt si geschwënn nach méi Profit era kréien iwwerfidderen si d’Hénger. Fir Paschtéitercher hirzestellen brauchen si déck a fett Déieren.

D'Hong gëtt kappiwwer opgehang fir geschluecht ze ginn. ©DreamWorks Pictures

D’Hong gëtt kappiwwer opgehang fir geschluecht ze ginn. ©DreamWorks Pictures

D’Ziichter gesinn net datt d’Hénger och Gefiller hunn, genausou wéi Ambitiounen, en Drang fir ze Liewen an fir d’Fräiheet, an souguer eng gesellschaftlech Struktur an Uerdnung ënnert sech hunn – genau wéi d’Mënschen. Deen, deen de Film kuckt sympathiséiert ganz kloer mat den Hénger. Et schéngt logesch datt si net a Sklaverei liewe wëllen. Obwuel de Film fir Kanner (ab 6 Joer!) gemaach ass vermëttelt en en ganz staarke Message. Vill Szene sinn erschreckent realistesch an de Film mëscht eng kloer Ausso zum Déiererecht.

Dat ganzt schéngt esou offensichtlech, an trotzdem hunn ech dat virdrun ni realiséiert. Et seet vill iwwert eis Gesellschaft aus, wann mir esou e Film kucken an net d’Verbindung mat dem Poulet op eisem Teller maachen. De Gedanken datt Déieren do si fir vum Mënsch ausgenotzt a giess ze ginn ass esou an eisem Kapp verdéift, datt mir heiansdo regelrecht blann sinn, wann mir mam Thema konfrontéiert ginn.

Huet ee vun Iech de Film scho gesinn? En ass op alle Fall der Wäert ze kucken, zemools wann ee Kanner huet, deenen ee weise wëll firwat ee keng Déiere iesse soll.

Méi Gebraddels

Keen Commentaire