Déi eng Saach déi ech als Veganer vermëssen

  • paprika

Et gëtt eng Fro, déi ech méi gestallt kréie wéi all aner: “Vermëss du net all déi Saachen déi s du net méi iesse kanns?” froe Frënn, Famill, Leit déi ech grad just kenne geléiert hunn. Hautdesdaags wëssen déi meescht datt ee Proteinnen och vu Planze kréie kann, dofir kënnt dat net esou oft op. Mä déi Iddi datt een als Veganer all déi gutt Saachen am Liewen opginn huet ass eng haartnäckeg a setzt sech am Kapp vu Ville fest. Ech kann novollzéie firwat, et ass kee Geheimnis datt Déiereprodukter gutt schmaachen an trotzdeem mécht mech di Fro perplex. Jiddwereen dee mech kennt weess datt ech net just gedämpte Brokkoli ouni Zooss iessen (obwuel dat eppes ass wat ech am Fong richteg gären hunn, mä dat deet lo näischt zur Saach). Wéi ech meng Ernärung ëmgestallt hunn, hunn ech am Fong just en klenge Switch gemaach: D’Déiereprodukter mussen eraus. Dat heescht awer net datt ech elo just réit Geméis verdrécken. Dekadent Iessen, komplex Plat’en, Séissegkeeten, Schneekereien an Bottercrème stinn nach ëmmer op mengem Menü. An mir ass net langweileg, fir éierlech ze sinn hunn ech nach ni esou vill Verschiddenes giess an an nach ni esou vill Kreativitéit a Loscht a mengem Iesse gesi wéi an deene leschte puer Joren.

Mä ech schwäifen of. Wat vermëssen ech dann aus menger vir-veganer Zäit? Ech weess wéi gär esou  munch ee mat engem selbstgefällege Grinsen um Gesiicht wëll vu mir héieren: “Oh, ech vermëssen en zaarte Büfdeck, et Stéck Camembert op der Baguette an e gudde Saumon um Teller”. Abee et deet mer Leed, mä deejéinege muss ech leider enttäusche wëll deem ass net esou. Et gëtt allerdéngs eppes wat ech wierklech vermëssen, mä et ass wahrscheinlech net dat wat déi meescht sech erwaarden.

Ech vermësse Bequemlechkeet.

D’Bequemlechkeet einfach an de Cactus ze goen an sech iergendeppes Flottes aus dem Regal ze huelen ouni mussen d’Zutatenlëscht duerchzeliesen, einfach moies bei de Bäcker ze goen a mech vun de Mëtsche verféieren ze loossen, an e Restaurant ze goen ouni am Virfeld de Menü mussen duerchgekuckt ze hunn a mir ze iwwerleeë wat fir Bäilagen ech bestelle ka fir mir en Plat ze bastelen dee sat mécht. An ech vermëssen d’Bequemlechkeet et mer keng Gedanken ze maachen iwwert wou, wéi a wat mäin Iessen hir kënnt.

Lauschtert, ech weess vegan ze liewen ass keng Konscht a verlaangt net vill Effort. An ech bewonneren déi Leit, déi Moies opstinn, en Molbier-Smoothie drénken, sech eng Zalot fir Mëttes agepaakt hunn an sech Owes eppes Guddes kachen. Mä ganz éierlech, ech sinn net perfekt. An dat streben ech och net un. Et ginn Deeg un deenen ech näischt virbereeden an net an der Kiche stoe wëll. Deeg un deenen ech einfach en Fäerdegprodukt an d’Mikrowell klaken an et da virun der Tëlee iesse wëll. An un sou Deeg hunn ech ze kämpfen. D’Optioune fir Veganer si limitéiert.

Voilà, do hutt der et, ech vermësse Bequemlechkeet.

Ass dat elo e Grond woufir ech d’vegan Liewen opginn? Fir mech perséinlech net. Ganz am Géigendeel. Déi flott Saach mat der Bequemlechkeet ass, datt wat et méi Veganer zu Lëtzebuerg ginn, wat d’Méiglechkeete bequem ze si méi grouss ginn. Et ginn ëmmer méi industriell a fäerdeg preparéiert Platen déi ech iesse kann, beim Fischer gëtt et mëttlerweil vegan Muffins a souguer eng Mëtsch, an d’Unzuel un vegane Restaurante klëmmt.

Ganz esou bequem wéi den typeschen, fleeschiessende Lëtzebuerger hunn mir et leider nach net, mä ech si mir sécher datt déi Zäit och nach kënnt. Mä bis dohin dierf ech weider doriwwer grommele wéi faul ech un munchen Deeg sinn.

Méi Gebraddels

Keen Commentaire