Duerch de Nummere-Bësch

Ech menge mir all wëssen nëmmen esou ongeféier wat E-Nummere sinn. Et fënnt een se an den “Ingrédients” op Verpackunge vu Liewensmëttel, mä all ze oft kann een sech net direkt en Bild dovunner maachen. Wat verstoppt sech dann elo hannert esou enger Nummer? An muss een do als Veganer oppassen? Déi kuerz Äntwerte sinn: oft näischt guddes a jo.

An der Europäescher Union kréien all Zousazstoffer (natierlecher a synthetescher) an de Liewensmëttel eng Nummer verpasst. An zwar kréien si net iergendeng: sou sinn E-100 bis E199 Faarfstoffer, E200 bis E299 Konservéierungsstoffer, hannert E300 bis E399 verstoppen sech Antioxydantien a Säureregulatoren, an E400 bis E499 bezeechnen Emulgatoren, Stabilisatoren a Verdéckungsmëttel. Dann gëtt et nach E500 bis E599, dat sinn och Säureregulatoren a sougenannte Rieselhilfen (zum Beispill fir datt d’Salz net pecht), oder E600 bis E699 déi all Geschmacksverstärker sinn. Méi seelen trefft een nach d’Nummeren E900 bis E999 (Séissmaacher a Glaséirung).

Am ganzen dierfen 316 esou Zousazstoffer an der EU benotzt ginn an eng gutt Partie dovun dierfen och a Bio-Liewensmëttel virkommen. Ech perséinlech probéieren ëmmer dat “proppersten” Produkt ze kafen, an deem esou wéineg wéi méiglech vun deenen Nummeren dra sinn. Zwar sinn déi Stoffer als sécher agestuuft, mä ech fannen ech muss déi net onbedéngt hunn wann et och ouni geet. Heiansdo ass et awer net ze vermeiden an an deem Fall ass et gutt wann ee Bescheed weess, wéi den Hues leeft an der industrieller Liewensmëttelproduktioun.

Dofir hunn ech elo eng kleng Lëscht mat deenen Nummeren zesummegestallt déi am heefegste virkommen. Wann s du oft Verpackunge lies wäert dir sécher deen een oder deen anere schonn iwwert de Wee gelaf sinn.

Déi einfach

Wann s du ee vun dëse 6 fënns, kann s du de Produit ouni Angscht kafen. Déi hei kommen ni vum Déier.

  • E202: Sorbate de potassium / Kaliumsorbat synthetesche Konservéierungsstoff
  • E300: Acide ascorbique / Ascorbinsäure et ass ganz einfach just Vitamin C
  • E330: Acide citrique / Citronensäure och dëst ass just Vitamin C
  • E412: Gomme de guar / Guaran en natierlecht Verdéckungsmëttel
  • E415: Gomme xanthane / Xanthan bekannt aus dem gluten-fräie Baken
  • E903: Cire de carnauba / Carnaubawachs eng planzlech Alternativ zum Beiewuess

Déi zwiespälteg

Déi 4 hei tauche leider ganz oft op. Et ass richteg iergerlech wëll een net direkt rausfanne ka wourauser si hirgestallt gi sinn.

  • E101: Riboflavine / Riboflavin (oder Vitamin B2) kann suwuel aus Mëllech, wéi och aus Hief produzéiert ginn. Ouni nozefroen kënnt een hei net weider
  • E270: Acide lactique / Milchsäure net erschrecken beim Numm, wëll deen hei ass a meechte Fäll planzlech, mä kann awer och aus Mëllech hirgestallt ginn
  • E322: Lécithine / Lecithine kënnt an der Regel vum Soja oder Sonneblummenueleg, mä kann och aus Eeër stammen
  • E471: Mono- et diglycérides d’acides gras / Gesättigte und ungesättigte Speisefettsäuren deen hei ass an extrem villen industrielle Liewensmëttel drann. Ouni beim Hirsteller nozefroen weess een leider net op en vum Déier oder vun der Planz kënnt. Dat nämlecht gëllt och fir all Nummer tëschent E470a bis E495

Déi béis

Dat hei sinn déi béis. Si sinn ni vegan – also am beschten d’Fanger dervu loossen!

  • E120: Cochenille roude Faarfstoff deen aus Insekte besteet
  • E901: Cire d’abeille / Bienenwachs 
  • E920: L-cystéine / L-Cystein kann entweder aus Menschenhoer, Buuschte vu Schwäin oder Fiederen hirgestallt ginn

Eng Hëllef bei Hand

Vegsafe

Vegsafe

Déi do 11 E-Nummeren hunn ech normalerweis am Kapp, wëll déi am meeschten optauchen. Heiansdo trefft een awer op eng Onbekannten, an do brauch een dann Hëllef. En Must-Have fir um Handy ass zum Beispill d’App Vegsafe. Et kritt een se gratis am App Store an si präsentéiert eng komplett Lëscht vun allen E-Nummeren a suguer Stoffer déi a Kleedung kënne virkommen. D’Nummere ginn an dräi Faarwen ugewisen: déi gréng (vegan), déi orange (ongewësst) an déi rout (net vegan). Praktesch ass och datt d’App direkt op Wikipedia verlinkt an zousätzlech interessant Infos zu enger Nummer uweist.

Vegsafe gëtt et leider just fir iPhone, mä eng ähnlech App ass E Numbers aus dem Google Play Store.

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire