En Dag a mengem Teller #2

  • what i eat in a day vegan luxembourg

Kennt dir déi Deeg wou ee Moies wakereg gëtt an et weess een direkt datt den Dag einfach gutt wäert ginn? Genau esou ee Moment hat ech haut, a wëll ech esou gutt drop war hunn ech mir geduecht firwat dokumentéieren ech net einfach wat ech esou maachen? Am Moment hunn ech Ouschtervakanz, dat heescht ech hunn e bësse méi Fräizäit. Ech hunn zwar nach ze dinn, mä ëmmerhin muss ech net andauernd bis op d’Uni a ka mir mäin Dag esou ariichten, wéi ech et wëll. En Dag a mengem Teller war d’leschte Kéier och esou gutt bei iech ukomm, dat heescht ech sinn net deen eenzegen dee gäre virwëtzt wat bei aneren esou op dem Teller lant.

Mir huet haut alles wat ech giess hunn super geschmaacht, an ech fannen et huet och alles gutt an d’Joreszäit gepasst. D’Zäiten vun schwéierem, waarmen Iessen sinn eriwwer an et mierkt een richteg datt déi waarm Deeg geschwënn nees kommen.

Moiesiessen

what i eat in a day vegan luxembourg

Haut de Moien gouf et eppes wat ech éischter seelen kréien: frësch Bréidercher! Ech konnt mech net entscheeden op ech méi Loscht op häerzhaft oder séiss hat, dowéinst gouf et einfach déi zwee. Op déi enger Hallschent hunn ech Avocado geluecht an e bësse Salz a schwaarze Peffer driwwer gestreet. Op der anerer gouf et ganz klassesch e décke Läffel Hambiersgebeess. Derbäi gouf et eng Taass Kaffi mat Sojamëllech an e Grapp super séiss Tomaten. An mengen An ass dat e perfekt Moiesiesse fir e sonnege Fréijoersdag!

Mëttegiessen

what i eat in a day vegan luxembourg

Zu Mëtteg hunn ech Séissgromperenzopp mat Kokosmëllech a roude Lënsen giess. Déi hat ech schonn d’lescht Woch gemaach an a Portiounen agefruer – déi war haut séier opgewiermt. Derbäi gouf et e groussen Teller Zalot mat Champignonen, Courgette an nach e puer vun den Tomaten déi ech och scho moies hat.

Owesiessen

what i eat in a day vegan luxembourg

Ech hat nach e puer gekachte Gromperen iwwereg do hunn ech mir geduecht déi si jo perfekt fir eng Zalot draus ze maachen. Den Dressing besteet aus Sojajughurt, Dill an e bësse Jus vun de sauere Kornischongen. Derbäi gouf et nach e gudde Wupp an e Flapp Moschtert. D’Wirschtercher sinn aus Lupinen gemaach an kommen aus dem Naturata. Fir e bësse Faarf op den Teller ze kréien hunn ech och nach e puer gréng Bounen fir d’éischt gedämpt an dunn mat e bëssen Ueleg schaarf ugebroden.

Snacks

D’leschte Kéier hunn ech meng Snacks just kuerz erwähnt, mä haut schwätzen ech méi detailléiert driwwer. Dir kënnt mir jo soe wat dir besser fannt! Moies huet d’Sonn geschéngt an d’Wieder war einfach esou schéin, datt ech mech entscheet hunn fir lafen ze goen. Duerno gouf et e leckeren Erdnoss-Schoko-Shake vu Veganz (dee kritt een am DM) zervéiert a mengem Huel Behälter.

Esou lecker wéi mäin Mëttegiesse war, huet et awer net grad esou laang sat gehale wéi gehofft. Géint hallwer Véier hunn ech mir dunn nach en kléngt Bréitche geschmiert, eng Hallschent mat veganem Kéis an déi aner mat Hummus.

Owes gouf et dann nach eng kléng Schneekegkeet: en Vego Riegel. Dozou muss ech net vill soen, ech mengen wierklech all Veganer op der Welt kennt deen. U sech sinn ech kee Fan vun Nëss am Schockela, a scho guer net vun Hieselnëss (ech picken déi ëmmer aus dem Müsli eraus), mä deen hei hunn iech wierklech gären!

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire