En Dag a mengem Teller

  • vegan luxembourg moiesiessen

Ah, deen heiten Artikel wollt ech scho säit Woche posten. D’Fotoe waren all gemaach, ech hunn just nach den Text misse schreiwen, mä dat huet anscheinend e bësse gedauert. Mä dat ass jo net schlëmm, oder? Also lass geet et!

Eng Zäitchen hunn ech ëmmer immens gären “What I eat in a Day” oder “Une journée dans mon assiette” vun anere Leit gekuckt. Do gesäit ee wat anerer dann esou alles de schéine laangen Dag iessen. Ech weess net firwat ech esou faszinéiert vun deem Format sinn, ass et wëll ech Inspiratioun sichen? Oder sinn ech einfach just virwëtzeg a wëll deenen anere Leit op den Teller kucken.

Hei elo dann alles wat ech un engem Dag um Weekend esou giess hunn.

Moiesiessen

Moies gouf et e klenge selwergemaachte Müsli mat Huewerflacken, Banann a Sojajughurt. Wien mäin Blog schon méi laang verfollegt weess datt ech dat scho mol des öfteren iessen (keng Ahnung vu wat ech schwätzen?). Beim Müsli gouf et dann en leckere schwaarzen Téi mat engem Schoss Sojamëllech, zerwéiert a menger Liiblingstaass. Ech fannen déi dréckt einfach genau aus wéi ech mech fille wann ech Moies aus dem Bett klammen.

Mäin Moiesiesse schéngt awer net ganz sat gemaach ze hunn wëll e puer Stonne méi spéit hat ech nach eng Scheif Toast mat Gebeess.

Mëttegiessen

Mäin Mëttegiessen war manner fotogen. Hei goufe Rechter verschafft, dat muss och sinn. E puer Deeg virdrun hat ech eng grouss wanterlech Zalot gemaach mat Choux de Bruxelles, Fenschel, Nëss, Käschten an Äppel. Dobäi gouf et en selwergemaachte Seitan-Steak mat gebrodenen Zwiwwelen déi am wäisse Wäin geschwenkt waren.

Am Nomëtteg hunn ech mer dunn nach e Stéck Stollen gegënnt (et war jo schliisslech Chrëschtdagszäit) mat e puer Mandarinnen an enger Taass Téi.

Owesiessen

Wëll et Samschdeg war hat ech net vill Loscht ze kachen, dofir gouf et Owes eppes wat richteg séier geet. Fir meng Wraps hunn ech einfach e bëssen Geméis kléng geschnëppelt an eng Tuut Mikrowellenräis (de mexikanesche vun Uncle Bens ass dee beschten) an e puer Kicherierbessen waarm gemaach. D’Wraps hunn ech mat Tahini bestrach an mat engem Recht Sojajughurt zerwéiert. Wann s du Tahini nach net kenns da musst du dir dat onbedéngt mol zouleeën. Et ass wéi Mandelmus, mä besteet aus Sesamkären. E Läffel dovun am Hummus hieft de Goût einfach em dausend Stellen an och an Zosen oder halt um Wrap mécht et sech richteg gutt. An et kënnt nach besser: Tahini ass eng kleng Kalziumbomm an ass domat och nach richteg gesond.

Ech snacken ganz gären Owes spéit nach, an och wann ech mir net opgeschriwwen hunn wat ech deen Dag nach giess hunn waren et wahrscheinlech e puer Nëss, Chips oder e bësse Schockela.

 

Dat war en Dag a mengem Teller – wat ëss du dann esou?

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire