Februar Favoriten

De Februar ass esou e kuerzen Mount – gëschter war dach nach Januar! Februar ass wéi den Dënschden vum Joer: eriwwer éier ee kucken kann. An wann ee mech freet wat ech spezielles gemaach hunn, wéisst ech mol net vill ze zielen. No der Chrëschtdagszäit huet den Alldag sech elo nees ganz ausgebreet an dominéiert d’Deeg. Ech war net zu Lëtzebuerg an hunn dofir Liichtmëssdag, Fuesent an d’Buergbrenne verpasst, esou eppes gëtt et hei a Schottland net. An trotzdem goufen et e puer Saachen, déi ech genoss hunn.

Tofu & Zalot

Dëse ganze Mount war ech begeeschtert vun Tofu Scramble (oder Tofu-Rührei). Ech hunn dees einfach esou oft giess. Et ass esou séier gemat, et ass gesond an et mécht sat. Normalerweis sinn ech jo keen, deen andauernd dat selwecht ësst, ech fannen Ofwiesslung ganz wichteg. Mä mäin Tofu Scramble hunn ech all Kéiers d’nämlecht gewürzt an all Kéiers mat engem Teller grénger Zalot an e Grapp kleng Tomate giess. Et war einfach ze gutt fir eppes drun ze änneren! Gourmet Gerichter mat exoteschen Zutaten, déi ganz fancy um Teller drapéiert sinn, si jo schéin a gutt, mä et geet näischt iwwert e ganz simpelt Iessen, wou een all eenzel Komponent erausschmaache kann. D’Zalot hunn ech iwwregens ganz dréchen ouni Vinaigrette giess. Jo, ech sinn e komesche Mënsch, mä sou hunn ech se am Moment am léifsten! An jo, ech weess, ech weess, ech falen hei an en Stereotyp. Veganer iessen jo just Tofu an Zalot, gell?

Spotify

Spotify ass einfach genial fir Musek ze lauschteren, si hunn esou vill Titelen an eng Playlist fir all Stëmmung! En Dag ouni Spotify gëtt et bei mir net. Ech sinn einfach kee Wantermënsch a kann mech net mat der Keelt an dem Reen an dem Wand ufrënnen. Et gëtt héich Zäit datt de Summer kënnt. Dat wäert awer nach eng Zäitchen daueren a fir net an d’Wanterdepressioun ze verfale lauschteren ech zur Zäit vill Summer House Musek (zum Beispill Robin Schulz oder Dada Life). Dann maachen ech halt esou wéi wann et scho waarm dobaussen wier. Ech hunn am Moment vill ze schreiwen, net nëmme fir de grénge Léiw, mä och fir d’Uni. Tjo, dat huet een dovun wann ee Literatur studéiert. House Musek ass schéin chilleg an huet en gudde Rhythmus esou datt ech net ofgelenkt ginn, et ass also déck gutt fir am Hannergrond ze lauschteren. Wien hätt dat geduet?

The Man in the High Castle

The Man in the High Castle ass eng nei Serie, déi an engem alternativen Universum spillt an deem den Hitler ni d’Muecht verluer huet. Amerika ass an zwee gedeelt an d’East Coast gehéiert zum Nazi Reich während d’West Coast ënnert enger japanescher Monarchie regéiert gëtt. Suchtgefor! Zweet Staffel, wou bleifs de?

Beschten Dag vum Mount: Pancake Day

FotorCreated

De 9 Februar hunn se am UK Pancake Day gefeiert. Dat ass dee leschten Dag virun der Faaschtenzäit an dofir ësst dann all Mënsch Panescher. Ech faaschten zwar net, mä all Excuse fir Panescher z’iessen gëtt mat oppenen Äerm empfaangen!

 

Dat hei sinn meng Favoriten vum Februar. Wat hues dir dësen Mount dann esou gär gehat?

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire