Wéi schreiwen ech eng Firma un?

Dausende vu ‘zoufälleg veganen’ Liewensmëttel ginn all Dag verkaf. Saache wéi Sorbeten, Zoppen oder Brout sinn oft komplett planzlech, just steet dat néierens. Mä et sinn net just dës offensichtlech Saachen déi kënne vegan sinn, oft entdeckt een och Fundstücker wéi eng Mëtsch oder Knippercher. An genau aus deem Grond ass et wichteg, datt ee Geschäfter uschreift an nofreet! Wat méi Leit no vegane Produkter froen, wat d’Chancë méi grouss ginn, datt d’Geschäfter dës Demande um Marché erkennen an ufänke Liewensmëttel ze kennzeechnen oder souguer nei vegan Produkter op de Maart bréngen. Mä wéi schreift een dann eigentlech esou eppes? Wat muss dra stoen? Wéi formuléieren ech dat? An dat och nach op franséisch?

De richtegen Wee fannen

Fir datt däi Message iwwerhaapt gelies wärt ginn, muss du en bësse Recherche maachen. Vill Geschäfter hunn op hirer Internetsäit en Kontaktformular, dat s du ausfëlle kanns. Esou bass de sécher datt deng Ufro direkt an dem richtege Service lant. Ech géif der uroden esou Demanden ëmmer schrëftlech ze maachen, an net a Persoun nozefroen oder unzeruffen. Sou kanns du zum Beispill ëmmer nees dorop zréck gräifen, an du hues eng Aart Beweis, deen s de och anere weise kanns. Ausserdeem huet de Service Clientèle esou Zäit deng Fro a Rou ze beaarbechten a ka sécher goen datt si keng falsch Informatiounen erausginn.

De Kontaktformulaire vum Cactus

De Kontaktformulaire vum Cactus

Kuerz, mä präzis

Et ass en bësse wéi bei allem wat ee schreift: kuerz a knackeg kënnt am Beschten un. Fir datt déi Leit, déi däi Message liesen, och Loscht hunn drop ze äntweren, muss du dech kloer ausdrécken. Erklär kuerz wat all déi Saache sinn, déi s du net ëss. Och wann däi Géigeniwwer sollt wësse wat vegan ass, ass et ëmmer besser nach eng kéier kuerz kloer ze stelle fir datt kee laanschtenee schwätzt. Sou evitéiers de och datt si dir nach emol zréck schreiwe fir ze froe wat dat dann alles ass wat s du evitéiere wëlls, an éiers de dech verkucks hutt der eng endlos Email Konversatioun ouni Resultater.

Beispill:


Pour des raisons éthiques j’ai opté pour un mode de vie végétalien (végan). Ce la veut dire que je renonce à consommer tout produit d’origine animale, comme par exemple de la viande et du poisson, des produits laitiers (beurre, yaourt etc.) et des oeufs, aussi bien que de la gélatine, du miel et tout autre produit d’origine animale (p. ex. certains émulsifiants).


Schreifs du eng Firma un, déi en Artikel produzéiert bei deem s de net just op d’Zutaten oppass, mee och op Hierstellung kucks? Erklär hinnen dës extra Konditiounen.

Beispill:


Dans le contexte boulangerie/pâtisserie, ceci inclut le graissage des moules avec une graisse non-végétale et l’utilisation d’oeuf ou du lait pour faire dorer la pâte.


Vill Leit sinn sech onsécher wann et ëm d’Spuere geet. Vill Produkter ginn an dem nämmlechten Atelier hirgestallt, an esou kënne Spuere vun zum Beispill Mëllech, Nëss oder Eeër erëm fonnt ginn. Sou laang awer keng déierech Zutaten am Produkt virgesi sinn, gëllt en als vegan. Generell ginn esou Spure vu Veganer nämlech ignoréiert, ausser et huet een eng staark Allergie op ee vun de Stoffer. Erklär, datt Spure kee Problem fir dech sinn. Genau sou wéi virdrun, evitéiers de domat datt nach eng kéier nogefrot muss ginn.

Beispill:


Je sais bien qu’il n’est pas possible de garantir une pureté parfaite, et pour cette raison je ne considère pas les traces éventuelles qui peuvent se trouver dans le produit final.


Sou lues gëtt et awer Zäit dass de matdeels wourops de eigentlech raus bass. Am Beschten ass et du frees no enger Lëscht mat allen vegane Produkter. Esou kanns du déi halen an ëmmer nees dorop zréck gräifen, wann s de dir net méi sécher bass.

Beispill:


Je vous serais très reconnaissant s’il sera possible de recevoir un liste avec tous les produits en vente chez XYZ qui sont approprié à un régime végétalien.


Wann s de deng Noriicht esou schreifs, wäerts de normalerweis eng hëllefräich Äntwert kréien. Ech weess datt een et heiansdo kaum erwaarde kann – ech si selwer en ongedëllege Mënsch – mä gëff der Firma Zäit deng Fro ze behandelen. Besonnesch wann s du en lëtzebuergescht Geschäft uschreifs, wärt deng Noriicht eng ganz aussergewéinlech sinn, an du bass wahrscheinlech deen éischten deen no esou eppes freet. Déi meescht hunn sech wahrscheinlech nach keng Gedanken driwwer gemaach, wéi eng vun hire Produkter vegan sinn, an all eenzelnen duerchzegoe ka vill Arabescht sinn. Trotzdem, wann s du no engem Mount nach ëmmer kee Wuert zréck héiers, wier et keng schlecht Iddi emol nopicken ze goen.

Vergiess net, du bass wahrscheinlech deen éischte Veganer bass deen si uschreift, derfir sief respektvoll a bréng Gedold mat. Probéier ze verstoen datt Leit duercherneen an onsécher iwwer de Begrëff ‘vegan’ kënne sinn. Weis frëndlech op eventuell Fehler hinn a formuléier deng Fro aneschters wann s de net déi Äntwert kruuts, déis de der erwaart hues.

An virun allem: wann s du eng Lëscht mat vegane Produit’en ergattert hues, schéck se eran, fir datt se kann online gesat ginn, an esou vill Leit wéi méiglech dovunner profitéiere kënnen!


Lettre modèle

Madame, Monsieur,

Pour des raisons éthiques j’ai opté pour un mode de vie végétalien (végan). Ce la veut dire que je renonce à consommer tout produit d’origine animale, comme par exemple de la viande et du poisson, des produits laitiers (beurre, yaourt etc.) et des oeufs, aussi bien que de la gélatine, du miel et tout autre produit d’origine animale (p. ex. certains émulsifiants). Dans le contexte boulangerie/pâtisserie, ceci inclut le graissage des moules avec une graisse non-végétale et l’utilisation d’oeuf ou du lait pour faire dorer la pâte.

Je sais bien qu’il n’est pas possible de garantir une pureté parfaite, et pour cette raison je ne considère pas les traces éventuelles qui peuvent se trouver dans le produit final.

Je vous serais très reconnaissant s’il sera possible de recevoir un liste avec tous les produits en vente chez Fischer qui sont approprié à une alimentation végétalienne.

Merci en avance

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire