Frangipanestaart (vegan)

  • vegan bakewell tart frangipane

Déi leschte Kéier wou ech eppes gepost hunn ass elo scho gläich zwou Wochen hir an ech géif gäre méi oft en Rezept oder soss eppes op de Blog setzen, mä leider sinn ech net éischter dozou komm. De Weekend hunn ech awer en speziellen Dessert gebak an et wier mer bal ze schued gewiescht fir deen net mat engem ze deelen. Dofir hunn ech séier mäi Fotosapparat gegraff an e puer Fotoe geknipst. Hei elo en ganz speziellt (an natierlech leckert) Rezept.

Frangipane ass ee vu menge Liiblingsgouten – et ass den Haaptgrond firwat en Dräikinnekskuch esou gutt ass. Wëll ech Frangipane awer méi oft wéi just eemol am Joer genéisse wëll, maachen ech heiansdo eng Taart doraus. An England ass déi hei bekannt als Bakewell Tart, se besteet aus engem zaarten Taartebuedem dee mat enger Schicht Äerdbier-, Hambier- oder Kiichtegebeess bestrach gëtt. Dann gëtt de Frangipane driwwer gebak an zum Schluss kënnt en Zockergoss iwwert dat Ganzt.

Du gesäis schonn, dat hei ass eng séiss Affär. Ech fannen d’Taart gutt esou wéi se ass, mä wann s du net esou begeeschtert vu Séissem bass kanns du e bësse manner Zocker an de Frangipane maachen.

vegan bakewell tart frangipane

Wéi ech dës Taart déi leschte Kéier gemaach hunn, huet se mol keng 24 Stonnen iwwerlieft. Se ass säfteg an zockerséiss an d’Mandelfëllung zergeet engem op der Zong. Do kann et gutt sinn datt een sech en zweet Stéck op den Teller hëlt. Oder souguer en drëtt.

Wéinst de verschiddene Schichten hëlt dës Frangipanestaart e bëssen Zäit an Opwand, mä si ass am Prinzip awer ganz liicht ze maachen. Mat der Zockergossdekoratioun kann ee richteg kreativ ginn oder se ganz simpel loossen. Am Plaz vum Goss kann een och eng Handvoll Mandelscheiwen an enger Pan réischteren an déi iwwer d’Taart streeën. Och mam Taartebuedem kann een e bësse fuddelen an einfach en fäerdegen Deeg kafen.

Fir den Zockergoss ze fierwen hunn ech Liewensmëttelfaarf vu Vahiné benotzt wëll bei anere Marken oft echte Karmin dran ass. Deen mécht d’Gebäck zwar schéi rout, mä gëtt vun Insekten hiergestallt an ass dowéinst leider net vegan. Ech weess net wéi et dir geet, mä ech muss a mengem Dessert souwiesou och keen Insektejus hunn.

Op englesche Bakewell-Taarten gesäit een oft en rout-wäisst Marmormuster an dat wollt ech am Ufank och maachen wëll dat esou gutt bei d’Gebees passt. Do hunn ech awer leider eng Drëps blo derbäi gemëscht an elo ass meng Taart mof mat wäiss. Och net schlecht, oder? Dat ass dach awer eng ganz séiss Faarf – bal esou séiss wéi Frangipanestaart.

vegan bakewell tart frangipane

Frangipanestaart (vegan)
    Fir den Taartebuedem:
  • 250g Miel
  • 125g kal Margarine
  • 1 Iessläffel Zocker
  • 2-4 Iessläffel kal Waasser
  • eng Grimmel Salz
    Fir d'Fëllung:
  • 100g gerappte Mandelen
  • 80g Miel
  • 2 Téiläffel Bakpolver
  • 50g Zocker
  • 2 Iessläffel Ueleg
  • 120ml Waasser
  • 1 Téiläffel Mandelaroma
  • 6 Iessläffel Gebeess
    Fir den Zockergoss:
  • 150g Pudderzocker
  • 0.5 Téiläffel Mandelaroma
  • Liewensmëttelfarw (optional)
  1. De Schäffchen op 180 Grad virhëtzen.
  2. Fir den Taartebuedem d'Miel mam Salz a mam Zocker verréieren. D'Margarine a kleng Stécker schneiden a mam Miel vermëschen. Dofir dat ganzt mat de Fanger beaarbechte bis et aus gesäit wéi en Streisel. Séier schaffe fir datt d'Margarine net waarm gëtt a schmëlzt. Kal Waasser mat enger Forschette ënnerréiere bis et e glaten Deeg gëtt. Den Deeg ausrullen an an eng Taarteform vun 25cm Duerchmiesser leeën. Mat enger Forschette Lächer an den Taartebuedem picken an en fir 10 Minutte blann baken. De Buedem aus dem Schäffchen huelen an op d'Säit stellen.
  3. Elo bereede mer de Frangipane fir. Dofir d'Mandelen, d'Miel an de Bakpolver zesumme mam Zocker veréieren an dann d'Waasser, den Ueleg an d'Mandelaroma ënnermëschen. Réieren bis datt d'Miel sech opgeléist huet an een e relativ flëssegen Deeg kritt.
  4. D'Gebeess am Taartebuedem verdeelen an dann d'Frangipanesmëschung driwwer schëdden. D'Taart weider 25 Minutten am Schäffchen baken an duerno komplett ofkille loossen.
  5. Fir de Goss de Pudderzocker mat e bësse Waasser an dem Mandelaroma veréiere bis datt een eng déckflësseg Konsistenz kritt. En Drëttel vum Goss op d'Säit huelen a mat Liewensmëttelfaarf afierwen. De wäisse Goss gläichméisseg iwwer d'Taart verdeelen. De faarwege Goss an eng Gefréiertut fëllen an ënnen e kléngen Eck ewech schneiden. Mam faarwege Goss parallel Sträifen iwwer d'Taart sprëtzen. En Zahnstocher a gläichen Ofstänn ofwiesselnd no uewen an no ënnen duerch d'Sträifen zéien fir en Marmoreffekt ze hierzestellen.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/frangipanestaart-vegan/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire