Fro de Bauer – an du kriss eng schwammeg Äntwert

Nodrag (04/10/16 22:22): An dësem Artikel ass “de Bauer” als Auteur vun der Platform ze verstoen, als deenjéinegen deen d’Äntwerten zu de Froen geschriwwen huet. Meng Kritik riicht sech haaptsächlech un d’Art a Weis wéi d’Platform gehandhabt gëtt an net un den eenzelnen Bauer selwer. D’Platform versprëcht en Dialog, deen an mengen An leider net statt fënnt.

 

D’Initiativ www.fro-de-bauer.lu ass leschte Mount vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren an d’Liewe geruff ginn. Hei geet et dorëm der Populatioun eng Platform ze bidden déi et erméiglecht de Baueren konkret froen iwwert d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze stellen. Klengt jo no enger gudder Saach, nee?

De Problem ass, datt wann ee bei e bëssen méi pikanten Themen (wéi z.B. der Massendéierenhaltung) nopicken wëll, ee just eng schwammeg Äntwert kritt. Dat hätt een sech jo scho bal denke kennen. Natierlech wëll de Bauer datt d’Leit d’idyllesch Bild vum Trapp Kéi op der grénger Wiss am Kapp halen. Ouni dëst euphemistesch Virstellung géife vill Leit d’Fleesch, d’Mëllech a Co net esou onbedenklech kafen an vläicht souguer op planzlech Alternativen zréck gräifen. Dat wier dann natierlech eng katastrophal Situatioun fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft, déi gréisstendeels op d’Déierenzuucht fokusséiert ass.

Fänke mer un mam Artikel iwwert d’Massendéierenhaltung (hei nozeliesen). E besuergte Lëtzebuerger freet de Bauer op et dann hei an eisem schéine Land och Massendéierenhaltung géif ginn. (Spoiler: JO!) Iwwert d’Äntwert vum Bauer kann een awer just laachen. Schonn am éischte Saz gëtt ëm de Bräi geriet.

“Diese Frage lässt sich nicht beantworten, denn es gibt keine Definition für dieses Wort jede Organisation hat eine andere Erklärung dieses Begriffes je nachdem wie dringend sie auf Spenden angewiesen ist.”

Okay, Moment. Wann ech dat richteg versti gëtt et Massendéierenhaltung also guer net an dofir kann ee jo op dës Fro och net wierklech äntweren. Dat ass just eppes wat Déiereschutzorganisatiounen “déi op Spenden ugewisen sinn” erfonnt hunn. Ah sou. Mäi léiwe Bauer, da géi mol eng Kéier kuerz an den Duden oder an de Larousse kucken. Dëst Wuert gëtt et wierklech. An et huet eng batter Realitéit.

Fir et da jiddwerengem kloer ze maachen, Massendéierenhaltung ass  eng “technisierte Tierhaltung in Großbetrieben zur Gewinnung möglichst vieler tierischer Produkte” (Duden) oder op franséich: “l’élevage intensif hors sol, où le milieu est complètement artificialisé : alimentation automatique, bâtiment clos et conditionné en température, hygrométrie, nature du sol… et même parfois en éclairement. Ce système, qui concerne surtout les volailles et les porcs, est coûteux mais évidemment apte techniquement à fonctionner partout ;– l’élevage intensif non affranchi complètement des aléas du milieu, qui, malgré un recours massif aux facteurs de production provenant de l’extérieur de l’exploitation et aux équipements, reste peu ou prou lié au sol, notamment l’élevage laitier modernisé” (Larousse). Voilà.

Dat ass awer net alles wat de Bauer dozou ze soen huet. Et geet weider mat engem Paragraph doriwwer wéi staark de Baueren dach d’Wuel vun hiren Déieren um Häerzen läit a wéi traureg d’Aarbecht ka si wann en Déier krank gëtt oder stierft. Dat ka ganz gutt sinn, an ech si mir sécher vill Baueren këmmeren sech gären ëm hir Déieren. An deene leschten zwee Sätz vum Abschnitt ginn dës Argumenter awer scho widdersprach:

“Es ist aber auch eine Tatsache, dass die Betriebe wachsen müssen um überleben zu können, der Kostendruck der Handelsketten reduziert die Gewinnspannen auf einige Euro pro Stallplatz. Der Landwirt kann seine Existenz nur durch grössere Stückzahlen sichern, dies hat nichts mit Gier zu tun, es ist der Kampf ums Überleben”.

Wéi, also gëtt et Massendéierenhaltung awer dach zu Lëtzebuerg? Jo, et sinn déi béis “Handelsketten” an de béise Marché deen d’Baueren “zwéngt” ëmmer méi grouss ze ginn.

Nodeems mir dat da gekläert hunn zielt de Bauer eis dann datt Massendéierenhaltung am Fong net ëmmer esou schlecht ass wéi een dat mengt. Et wier dach just eng Aart Schimpfwort, eng “PR Show”. An Iwwerhaapt op all deene Videoen a Fotoen déi et doriwwer gi kucken déi agespaarten Hénger dach just esou erbäermlech a miserabel wëll se “Angscht hunn wann e Friemen mat enger Kamera an de Stall kënnt”. Sarkasmus bäi Säit, gleeft dee Bauer dat do wierklech selwer wat hien do verzaapt? Also elo ganz am Eescht? Et gëtt en groussen Ënnerscheed tëschent dem Angschtverhalen vun engem Déier an en Déier wat ganz einfach ausgebeutet, onmënschlech gehale an ausgenotzt gëtt.

Zum Schluss gëtt de Bauer natierlech nach e Kommentar zum béisen Aldi – do kann d’Fleesch jo net gutt sinn. Wann een dat am Cactus keeft ass jo anscheinend alles an der Rei. Massendéierenhaltung zu Lëtzebuerg gëtt et jo anscheinend net. Oder dach? Et schéngt net esou kloer. Méi wéi och ëmmer doriwwer dierf een sech laut Bauer souwiesou keng Gedanken maachen, wëll wann een ze vill nofreet da mécht een alles just nach méi schlëmm, gell?

“Liebe Konsumenten je mehr Sie den hiesigen Landwirten Massentierhaltung vorwerfen und den Landwirten durch Bürgerinitativen oder einfach durch demoralisierende Kritik das Leben schwer machen; umso mehr förden Sie wahre Massentierhaltung in Anlagen in Asien und Südamerika.”

Eng ähnlech lächerlech Äntwert vum Bauer gëtt et och op d’Fro wéi et ka sinn datt d’Fierkelen a grousse Massen gehalen a kastréiert ginn, de Schwanz ofgeschnidden an d’Zänn geschlaff kréien (hei nozeliesen).

An senger Äntwert probéiert de Bauer säi Bescht fir all dës Praktiken schéin ze rieden. Schwäin liewen vun Natur aus net an esou riesegen Zuelen beieneen wéi dat oft op engem groussen Bauerenhaff de Fall ass. Fir datt d’Fierkel an dësen onnatierleche Bedéngungen iwwerliewen, muss de Mënsch agräifen. Si ginn kastréiert a geimpft fir d’Ausbreeden vu Krankheeten ze verhënneren. Si kréien d’Zänn geschlaff fir datt si sech net géigesäiteg wéih doen an de Schwanz ofgeschnidde fir datt si sech net géigesäiteg iessen. Jo, déi Zoustänn an deenen d’Schwäin vun haut lieft verféiert zu Kannibalismus. Loosst dat mol asacken.

Mä dat ass alles ganz ok, wëll “wei der gesidd gien des Sachen gemeet fer dem Deier op laang Siicht ze hellefen”. Richteg selbstlos vum Bauer. Datt en sech erbaarmt an de Fierkel de Schwanz ofschneit alles fir datt et hinnen “besser” geet an deenen onnatierleche Bedéngungen vun der moderner Landwirtschaft. Eng Sauerei eigentlech datt d’Schwäin net Merci seet.

Wat déi ganz Initiativ beweist ass virun allem eppes: et soll een oppassen vu wiem een seng Informatiounen kritt. Et ass kloer datt de Bauer sech esou gutt verkeeft wéi méiglech, dat läit a sengem Interessi. Mir mussen eis bewosst sinn datt dowéinst net ëmmer alles esou schéin ass wéi hien zielt. An éier elo ee meckert ech géif jo och just jiddwereen manipuléieren – schliisslech ass dat hei en vegane Blog – deen invitéieren ech selwer Recherchen ze maachen an all d’Säiten kennen ze léieren. Souwuel vun de Vertrieder vun der Landwirtschaft esou wéi och vun Déiereschutzorganisatiounen. Egal wou een seng Informatiounen hirhëllt: et muss ee kritesch sinn.

An domat ass mäint zu dëser Saach gesot.

Méi Gebraddels

Keen Commentaire