Gesond Snack Iddien

Wann ech kéint géif ech de ganzen Dag just Snacks iessen. Alles wat salzeg a knuspereg oder séiss a schockelaeg ass kann ech mir ouni nozedenken einfach raknuppen. An genau do ass de Problem. Snacken mécht een oft ouni mam Kapp bei der Saach ze sinn. Meeschtens konzentréiert een sech wärhendeem op eppes anescht, op en Film zum Beispill oder en Buch. An da geschitt et alt mol gären datt een ze vill dës Gudden ësst. En Stéckche Schockela am Dag schued engem net, mä wann aus dem Carré eng hallef Tablett gëtt dann huet een e Problem.

Mir fält et besonnesch schwéier näischt z’iesse wann ech owes virum Laptop setzen. Et ass eng Saach déi ech mir leider während ville Joren ugewinnt hunn. Ouni Snack feelt einfach eppes. Je no Laun wëll ech eppes Séisses (besonnesch wann ech grad eppes giess hunn, als Dessert quasi) oder eppes Häerzhaftes dat knuspert a salzeg ass.

Déi einfachste Léisung wann ee Snacks net opgi wëll ass et se duerch eppes méi Gesondes ze ersetzen. Aus Schockela gëtt gedréchent Uebst an aus Chips ginn Nëss. De Problem ass, datt mech dat net zefridde stellt. Wann ech Loscht op Chips hunn da maachen mech Nëss net glécklech an aus Frust iessen ech dann eng vill ze grouss Portioun vun den Nëss. Dat ass jo och net de Sënn vun der Saach.

Zum Gléck hunn ech eng Léisung fonnt! Ech hunn mir zwou Snack-Mëschungen zesumme gesat – eng häerzhaft an eng séiss – aus gesonden an och net esou gesonde Snacks, déi mech glécklech maachen ouni datt ech iwwerdreiwen. Et hëlleft och datt ech déi Mëschungen am Viraus virbereet hunn, an an eenzele Portiounen a klénge Behälteren lageren. Wann ech mierken datt sech eng Snack-Attack lues a lues ubaut, gräifen ech einfach no enge vun dësen zwou Optiounen.

Salzeg Snack-Mëschung

An menger häerzhafter Mëschung fënnt een e puer Bretzelen a gesalze Kakuetten (am beschten déi ouni Ueleg) fir d’Loscht zefridden ze stellen an e puer kléng Räiskichelcher an einfach Mandelen fir d’Portioun e bësse méi grouss ze maachen ouni méi Ongesondes ranzedruddelen. Hei kann een och egal wéi eng aner Nëss huelen an d’Mandelen zum Beispill duerch Cashewnëss an d’Kakuetten duerch Wasabi-Ierbessen ersetzen. Am Plaz vun de Räiskichelcher oder de Bretzele kann ech mir och e bësse selwergemaachte Popcorn gutt virstellen.

Séiss Snack-Mëschung

Gedréchent Uebst ass jo schéin a gutt, mä fir datt ech zefridde gi brauch ech de Goût vu Schockela. An dëser Mëschung fënnt een also en klenge Läffel donkel Schockelasdrëpsen an e Grapp Korinten. Kürbiskären an e puer Bretzele passe perfekt dobäi – ech hunn d’Mëschung vu salzege Bretzelen an donkele Schockela immens gären. Dobäi kënnt nach eng Noix de Brésil. Einfach esou wëll ech fonnt hunn dat wier eng gutt Iddi. Kee Fan vu Korinten? Gedréchent Cranberries oder Aprikosen sinn och immens!

 

Bass du och en Snack-Fanatiker? Wat ëss du dann esou wann d’Loscht kënnt?

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire