Giele Räis mat Kokosnoss

Waarm, würzeg et hält bäi – an ass och nach gesond. Dëse Curry Räis ass an 30 Minutte fäerdeg an domat perfekt fir Owes an der Woch. Reschter loossen sech gutt opwiermen a kënnen ouni weideres mat op d’Aarbecht geholl ginn.

Wéi ech vegan gi sinn hunn ech meng Léift fir Curry’en entdeckt. De Prinzip ass ëmmer deen nämmlechten, et schnëppelt een e Koup Geméis an et schmäisst een et zesumme mat Mëllech oder Tomaten an e puer Gewierzer en Dëppen. An dat war et schonn! Dat bescht un der ganzer Saach ass dat kee Curry wéi deen anere schmaacht. Et kann ee mat esou ville Saache spillen. Et fänkt scho beim Geméis un: hunn ech Loscht op Choufleur, oder awer léiwer Courgette a Kicherierbessen? An dann fir d’Zooss, benotzen ech eng Béchs Tomaten oder awer léiwer Kokosnossmëllech? An da ginn et jo och nach eng Hällewull un verschiddene Currygewierzer. D’Kombinatiounë sinn endlos.

Dat heite Rezept ass awer en bëssen aneschters. Wëll et op Basis vu Räis ass, kanns du dëse Plat als Haaptmoolzecht iessen oder awer och als Bäilag servéieren. De Räis ass säfteg an net dreschen, mä schwëmmt net an Zooss. Eng Schossel Giele Räis mat Kokosnoss ass wéi eng Ëmaarmung vu bannen. Ok, ech iwwerdreiwe vläit en bëssen, mä en ass wierklech gutt, vertrau mir einfach!

Dëst Rezept steet a fält mat der Qualitéit vun dengem Currypolver. Sich dir een aus deen s du wierklech gären hues. Ech hunn hei de Curry “Excellence” aus dem Delhaize benotzt.

Tipp: Wann s du de Räis net ofweie wëlls, kanns du och däi Moossbecher benotzen. Fëll en mam Räis bis bei d’200ml Mark.

An dësem Rezept benotzen ech fettaarm Kokosnossmëllech, wëll déi méi flësseg ass, wéi déi aus der Béchs. Fir de Räis ze kache brauch ee genuch Flëssegkeet. Alternativ kanns du och 100ml normal Kokosnossmëllech an 100ml Waasser benotzen.

Giele Räis mat Kokosnoss

30 minutes

Serving Size: 2 Portiounen

457kcal

4g

93g

14g

  • 1 kleng Zwiwwel
  • 1 Muert
  • 200g Ierbessen
  • 160g Jasmin Räis
  • 200ml flësseg Kokosnossmëllech (net déi aus der Béchs)
  • 200ml Britt
  • 1 Lorberblat
  • 2 Iessläffel Currypolver
  • Salz no Goût
  1. D'Zwiwwelen an d'Muerte kleng wierfelen. Schneid d'Muerten net ze grouss, soss brauchen si méi laang bis datt se mëll ginn. Ideal ass d'Gréisst vun enger Ierbess.
  2. Looss d'Zwiwwelen an d'Muerten an engem Dëppe mëll ginn (ongeféier 5 Minutten). Wann néideg, maach en bëssen Ueleg oder Britt derbäi.
  3. Dann kanns du de Räis an de Currypolver bäimëschen an kuerz waarm gi loossen, fir datt déi verschidde Goût'er sech vermësche kënnen.
  4. Gëff d'Kokosnossmëllech, d'Britt an d'Lorberblat derbäi a looss alles kache bis dat de Räis déi ganz Flëssegkeet opgesuckelt huet (ongeféier 20 Minutten). No 10 Minutten gëff d'Ierbessen derbäi. Wann et ze dreschen ass, mä de Räis nach net fäerdeg ass, schëtt en bësse Waasser derbäi. Virum servéieren d'Lorberblat eraushuelen.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/giele-rais-kokosnoss/

Aner Rezepter

Keen Commentaire