GreenPeople Testbericht + Coupon

Et war eng Zäitche roueg hei um Blog an ech hunn mir geduet et wier mol nees un der Zäit en bëssen eppes ze schreiwen. Haut gëtt et dann och direkt eppes ganz Neies ze liesen, eppes wat ech virdrun nach net gemaach hunn: en Testbericht.

An zwar geet et hei ëm d’Produkter vu Green People. Si sinn en briteschen Hiersteller un Kosmetik- a Kierperproduit’en, déi op héichwäerteg Zutaten setzen. Natierlech si keng vun hire Produiten op Déiere getest an déi meescht si certifiéiert vegan. Ech wëll nach bemierken datt dat dëse Post net gesponsert ass, an ech d’Firma just empfehlen, wëll ech selwer vun hire Saache begeeschtert sinn.

Ech hunn säit jeehier eng ganz sensibel Kapphaut, déi direkt Kreesch deet wann ech en “normalen” Shampoing benotzen. Et bäisst, ech kréien Ausschlaach, deen heiansdo souguer blutt, a Schubber hunn ech och nach derbäi. An deene läschte Joeren hunn ech alles probéiert. Ech hunn tëschent honnerten un Shampoinge gewiesselt, mä näischt huet gehollef. Egal op Kannerseef, Hyperallergen oder Shampoing ouni Doft, oder souguer just mat Waasser wäschen. D’Bäisse war ëmmer do.

Am September hunn ech dunn wieder no engem gudde Shampoing gesicht a sinn op Green People gestouss. Wëll ech näischt ze verléieren hat, hunn ech mir en bestallt a kuck elei: menger Kapphaut geet et esou gutt wéi scho laang net méi. Obwuel ech nach déi eng oder aner rout Plaz um Kapp hunn, ass et bei wäitem net mat deem ze vergläichen, wat ech soss ëmmer hat.

Green People hunn eng Serie speziell fir Leit, deenen hir Haut zu Ekzema neigt oder souguer Psoriasis hunn. Ech hunn mir hire Scent-free conditioner (also ouni Geroch) kaf a benotzen deen zwee bis dräi mol d’Woch. Un deenen aneren Deeg wäschen ech mat just Waasser. Green People hunn och en spezielle Shampoo, mä un deen hunn ech mech net erugetraut, wëll Conditioner generell méi léif zu der Haut ass. Wann meng Tube hei awer eidel ass, wärt ech op alle Fall och hire Scent-free shampoo ausprobéieren!

Lo freet een sech bestëmmt, firwat Green People besser ass wéi aner Marken. Si benotzen haaptsächlech Zutaten aus biologeschem Ubau an keen vun hiren Produit’en enthält: Gluten, SLS/SLES, Parabener, Lanolin, Phthalater, Propylene glycol, Alkohol, staark Schaummaacher, irritéierent Emulgatoren, synthetesch Gerochstoffer, PABA-Sonnenschutz, Fuerfmëttel, Petrochemikalien, Urea, DEA, TEA oder PEGs.

Hir Produkter sinn dofir gutt fir all Hauttyp, egal wéi sensibel en ass. Nieft der Serie ouni Geroch, verkafen si och eng Hellewull un Crèmen, Shampoing, Seef, Deo an Zahnpasta mat verschiddenen Uelegen an engem grousse Choix un Dofter.

unnamed.png

Hir Produkter sinn net bëlleg an d’Käschten vir op Lëtzebuerg ze liwweren sinn relativ héich, mä ech garantéieren iech, datt wann dir och mat extrem sensibeler Haut ze kämpfen hutt, ass et dat absolut Wäert. Déi léif Leit vun Green People waren och esou fein mir en Discount Code ze ginn mat deem dir bis den 31. Dezember 2015 eng Remise vun 20% op är Bestellung kritt! Dir musst dofir just éiert der bezuelt den Code GRENGELEIW aginn!

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire