Grillsaison 2016: esou geet et vegan!

De Wanter ass eriwwer a mat der Sonnecrème, de Moustiquen an iwwerhëtzten Autoe kënnt och d’Grillen nees lues a lues an eisen Alldag. Seelen geet ee Summermount ëm an deem net dobaussen iwwert der Flam gekacht gëtt. An glécklecherweis kënnt de gudde Goût vum Gegrilltes net vum Fleesch, mee vun de Kuelen, der héijer Hëtzt an dem Damp, esou datt een och mat Planzlechem op de Genoss kënnt. An deenen nächste Woche wäert ech e puer Tipps fir d’vegan Grillen mat iech deelen. Haut kucke mir eis un wat een alles op de Grill schmäisse kann wat d’Fleesch quasi ersetzt an esou de Fokus vum Spektakel ass.

Die Qual der Wahl

Beim Grillen kann ee ganz kreativ ginn, ma wien et léiwer einfach huet ka fäerdeg Saache kafen. Sief dat elo e Wupp vun Taifun oder e Peffersteak vun Nature Gourmet (oder eng vun deenen honnert aner Optiounen um Marché), bal alles kann ee grillen. Wien motivéiert ass kann sech och selwer an d’Kiche stellen an eppes zauberen. Einfach ze maache sinn zum Beispill Spiissercher mat allerlee Geméis an och eppes méi Proteinhaltegem. Op D’Broschette kann een esou Tofu-Wierfelen maachen oder awer och Falafel (respektiv d’Veggie Bouletten vum Ikea). Extremst lecker sinn och Sojamedallions, déi een an enger staarker Britt mat vill Rosmarin an Knuewelek kacht, éier een se opspiisst. Selwergemaachte Burgeren sinn e bësse méi komplizéiert wëll déi gären ausernee falen. Am Plaz e grousse Burger ze formen ass et dowéinst méi einfach kleng Bouletten ze maachen. Wien d’Kotlett vermësst, kann sech um Seitan probéieren, deen sech super einfach grille léisst. Ganz wichteg sinn hei virun allem d’Marinaden mat deenen een extra vill Goût infuséieren kann. Am beschte bereet een alles den Owend virdru fir a léisst een all déi verschidde Goûten iwwer Nuecht am Frigo zesumme kommen. Eng super Marinade fir Tofu kann een zum Beispill aus BBQ Zooss, Zwiwwelen, Knuewelek an enger hallwer Fläsch Béier maachen.

Ueleg, Ueleg, Ueleg

Egal woufir een sech am Endeffekt entscheet, déi planzlech Saache fir op de Grill hunn vill manner Fett wéi Fleesch. Dowéinst kann et ganz séier geschéien dat alles upecht, ubrennt a verdréchent. D’Léisung ass relativ einfach, du muss däin Iessen am Virfeld just gutt afetten. Wann s du eng Marinade mëss, kuck dass de e gudde Schotz Ueleg mat ënnerréiers a wann s de Tofu-Wirschtercher oder aner Fleeschalternativen benotz kann s du se am Virfeld mat Ueleg besträichen. Fir méi delikat Saachen ass et och empfehlenswäert e bësse Sëlwerpabeier ze benotzen. Besonnesch bei Tofu, selwergemaachte Veggie-Burgers a Spiissercher mécht dat Sënn. Seitan kann ee par contre einfach esou op de Grill leeën.

 

Bei all deene Saache fehlt natierlech nach eng herrlech Bäilag. An mengem nächste Post kucke mir dowéinst wéi ee Geméis am beschte Grillen kann. A bis dohi kanns de jo scho mol de Grill uschmäissen an en Ikea-Bouletten-Spiiss probéieren. (déi si wierklech gutt!)

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire