Grillsaison 2016: Geméis

An et geet weider mat menger klenger Grillserie. D’läscht Woch hunn mer eis d’Fleeschalternativen ugekuckt an haut geet et ëm eppes aneres: Geméis. Also och déi Leit, déi keen Tofu & Co iesse wëlle kommen hei op hir Käschten!

Duerch d’Hëtzt vun de Kuelë karamelliséiert d’Geméis um Grill a verléiert säi battere Goût. Gläichzäiteg gëtt och den Damp vum Geméis opgesuckelt an esou kritt dat ganzt eng schéin häerzhaft Nout. Einfach ze grillen a relativ klassesch si Courgetten, Champignone, Paprika, Mais a Gromperen. Wéi beim Tofuwiirschtschen gëllt och hei: ëmmer alles mat uerdentlech Ueleg marinéieren!

Bei d’Courgettë passt zum Beispill eng Marinade aus Olivenueleg, Esseg, frësch gepressten Zitroun, uerdentlech Knuewelek, frëschen Thymian an natierlech Salz a Peffer. D’Courgette kann ee längs an 1cm déck Scheiwe schneiden, esou kann een dës Zucchini-Steaks direkt op de Grill leeën an einfach mat der Zaang dréien. Wëll d’Scheiwen esou déck a grouss si brauch een hei kee Sëlwerpabeier.

Wien eppes richteg Häerzhaftes wëll, dee kann sech en Champignon-Burger broden. Sougenannte Portobello-Champignonen sinn esou grouss wéi en typeschen Hamburger a loossen sech genau d’nämmlecht brutzelen. Mat Ueleg bestrach an mat Salz, Peffer, gedréchent Knuewelek a gedréchent Zwiwwel gewürzt sinn se e Genoss einfach esou oder um Bréitche mat Barbecue-Zooss a karamelliséierten Zwiwwelen.

Ech hunn d’Hëtzt gären an dofir schaffen ech ganz gäre mat enger Chilli-Marinade an der ech mäin Paprika aleeën. Dofir Ueleg, frëschen Zitrounejus an en décken Téiläffel püréiert Chillischoten veréieren, de Paprika botzen a véirelen an alles zesumme ginn. Och de Paprika kann direkt op de Grill a verwandelt sech an e séisslech-schaarfe Genoss.

Fir de Mais brauch ee just e bëssen Ueleg, Salz an Herbes de Provence an och dee kann direkt iwwert d’Flam. E brauch e bësse méi laang wéi anert Geméis, dofir lee deen als éischt op.

E Klassiker sinn och Grompere vum Grill, déi een entweder einfach a Sëlwerpabeier awéckelt, oder awer liicht virkacht, an zwee schneit an eng Scheif vegane Kéis dertëschent leet. Mat Olivenueleg, Salz a Rosmarin würzen, a Sëlwerpabeier awéckelen an op de Grill domat. Dat schmaacht jiddwerengem. D’Grompere kann een och a Spalten schneiden a mat Paprika, Knuewelékpudder a Salz würzen an se an engem spezielle Geméiskuerf aus Metal grillen. Och hei gëllt: den Ueleg net vergiessen!

Mat Sëlwerpabeier kann een eppes wéi en Säckelchen maachen an deen een Ueleg, Zwiwwelen an anert kleng geschnidde Geméis leet. Gutt vum Grill sinn och nach a Scheiwe geschniddene Kürbis oder marinéiert Muerten. Wann een d’Muert ganz léisst huet een dann eppes wéi ee Veggie-Hotdog, dee ganz ouni Soja a Gluten auskënnt.

Wéi s de gesäis, et gëtt keng Ausried als Veganer net ze grillen. Dat hei ware just e puer Iddien, mä wéi ëmmer sinn der Virstellung keng Grenze gesat!

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire