E Liewen ouni Iessen? (Huel Testbericht)

An mengem leschte Favorite Post hunn ech schonn eng kéier kuerz vun Huel geschwat an ech wëll elo gären e bësse méi doriwwer zielen. Ech soen direkt, dëse Post ass net gesponsert an alles wat ech hei schreiwen ass meng éierlech Meenung. Wien nach net weess em wat et geet, Huel (vun Human Fuel – mënschlechen Treifstoff) ass en nährreiche Shake, deen einfach alles huet wat de Kierper brauch. Theoretesch ass et also méiglech just de Shake ze drénken a soss näischt zou sech ze huelen ausser Waasser.

Ech sinn iwwert Huel gefall, wéi ech grad eng stresseg Zäit op der Uni hat an ech doduerch Problemer hat genuch am Dag z’iessen. En Shake war esou déi optimal Léisung: en ass séier gedronk an ech kréien en extra Boost un Nährstoffer. Ausserdeem sinn ech onméiglech doran moies eppes anstänneges z’iessen. Et geschitt mer esou oft datt ech d’Moiesiessen ausfale loossen a réischt mëttes déi éischte Kéier um Dësch sëtzen. Ech schaffen drun dat ze änneren, wëll ech weess wéi wichteg et ass moies eppes z’iessen. Vill Saachen déi een awer moies esou ësst sinn extrem zockereg an hunn bis op e puer Ausnahmen nëmme wéineg Proteinen. Dat hunn ech net esou gär.

Ech hunn während bal zwéi Méint also méi oder wéineger all Moien en grousst Glas Huel gedronk. An ech si begeeschtert. Huel kënnt a Pudderform a gesäit aus wéi Miel. Ech hunn dat meeschtens mat Kakaopudder, Vanill an Xylitzocker gemëscht an sou hat ech all Dag en richteg leckere Brownie-Schocki-Shake, deen och nach gesond ass.

Ech hunn ëmmer dräi Läffelen Huel pro Shake benotzt, an esou 483kcal gedronk, dovunner ware 15g Fett, 49g Kuelenhydrater a ganzer 36g Eewäiss. Niewelaanscht hunn ech doduerch och nach ongeféier en Drëttel vu mengem deegleche Bedarf un einfach allen Nährstoffer opgeholl. Ech fannen dat ganz interessant fir Leit, déi wéi ech no engem gesonden a séieren Iessen oder Snack sichen a keng Zäit oder Loscht hunn ze kachen. Ech gesinn awer och en Potential fir d’Sportler ënnert eis, vue datt een esou vill Proteinen ganz einfach drénke kann. Ech hunn och scho vu Leit gelies, déi am Mond operéiert gi sinn an dowéinst eng Woch laang nëmme Flësseges zou sech huele konnten. Fir si war Huel perfekt.

D’Konsistenz vum Shake ass besser wann en e bësse steet: frësch ugeréiert ass en e bësse grimmeleg, mä wann een en Owes virbereed an iwwer Nuecht am Frigo léisst ass moies alles perfekt. Wat mech un Huel iwwerzeegt huet sinn och d’Inhaltsstoffer, wëll do fënnt een nämlech näischt chemesches. Esou kommen d’Kuelenhydrater vun Huewerflacken, d’Fetter vu Kokosnoss a Leinsamen an d’Eewäiss vun Ierbessen a brongem Räis. Huel ass 100% vegan a säit kuerzem hunn si och eng Versioun ouni Gluten op de Marché bruecht.

huel

D’Inhaltsstoffer an d’Nährwäerter si beandrockend

Huel ass eng englesch Firma, mä si liwweren och op Lëtzebuerg. Dat kascht awer just £5 (6,3€) an et ass an zwee Deeg do. Huel kritt een nëmmen an enger relativ grousser Quantitéit ze kafen, et muss een direkt zwou 1,7kg Tuten fir £45 (57€) bestellen. Wëll et awer esou konzentréiert un Nährstoffer ass, brauch een net vill an et kritt een eng gutt Unzuel un Molzëschten doraus. Aus menger Siicht ass dat dowéinst absolut net ze deier. En klengen Tipp awer: et kritt een en entweder ouni Goût oder mat Vanill. Ech hunn béid geschmaacht, mä dee mat Vanill kréien ech net erof. De Goût ass leider ganz kënschtlech an an deem ass och nach de Séissstoff Sucralose dran vun deem ech ëmmer Kappwéi kréien. Dann huelen ech léiwer deen ouni Goût a séissen/aromatiséiere selwer.
En Liewen ouni Iessen also theoretesch méiglech, mä kann een dat och an d’Praxis ëmsetzen? Dat muss jiddweree selwer entscheeden, mä ech wäert wahrscheinlech ni op traditionellt Iesse verzichte kënnen. An trotzdem wäert Huel och an Zukunft nach en Deel vu menger Ernährung bleiwen. D’Einfachheet, d’Flexibilitéit, de neutrale Goût, d’natierlech Inhaltsstoffer an dat exzellent Nährwertprofil sinn einfach esou grouss Virdeeler déi mech iwwerzeegt hunn.

Wann s du Huel probéiere wëlls kanns du mäin Frëndschaftslink benotzen. Esou kriss du en Coupon a spuers £5 op deng éischt Bestellung, du kriss also quasi d’Liwerkäschten geschenkt. Ech selwer kréien dann och en £5 Coupon fir meng nächst Bestellung! Ech mengen do profitéiert jiddwereen.

www.huel.com

Frëndschaftslink: http://r.sloyalty.com/r/uTLZCljvzK0c

 

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire