Ierzenzopp (vegan, low-carb)

No der Quetschentaart kënnt dann elo d’Ierzenzopp. Ech hunn an der Läscht grouss Freed dorun e bësse méi traditionell Rezepter ze veganiséieren. Wann een no Veganem am Internet sicht fënnt een ëmmer ganz vill Inspiratioun aus der asiatescher oder amerikanescher Kichen. Och wann déi ouni Zweifel ganz lecker Rezepter hunn, esou ass et da munchmol awer schéin eppes z’iessen wat engem méi bekannt ass, eppes wat ee vläicht fréier oder als Kand des Öfteren giess huet. Wann ee vu lëtzebuergescher Kascht schwätzt, da muss een einfach och un d’Kach-Ikon Ketty Thull denken, deem säi Rezept mech heifir inspiréiert huet.

Dës Ierbessenzopp ass perfekt fir wann di kal Deeg geschwënn nees kommen an een sech op en gudde waarmen Teller Zopp freet. Fir dëst Rezept benotzen ech gedréchent Ierbessen. Frësch oder gefueren Ierbessen bréngen nämlech net dee gewinnte Goût. D’Zopp hält och gutt sat wëll d’Ierbessen an den Tempeh eng uerdentlech Portioun Eewäiss liwweren.

Vir dës Zopp ze maachen hunn ech en Schnellkochtopf benotzt, mä wann s du esou eppes net hues kanns du si och an engem normale Kachdëppe maachen. Et dauert just méi laang.

Nach en leschten Tipp: Wann s du wëlles hues d’Zopp op engem aneren Dag nees opzewiermen, benotz e bësse méi Waasser wéi am Rezept virgeschriwwen. Wann d’Zopp bis ganz ofgekillt ass gëtt se relativ déckflësseg.

Ierzenzopp

15 minutes

4 Portiounen

  • 500g gedréchent Ierbessen (pois cassés)
  • 1l + 500ml Waasser*
  • 1 Téiläffel Ueleg
  • 1 grouss Zwiwwel
  • 2 Staangen Zelleri
  • 3 Muerten
  • 1 Porrette
  • 2-3 Zéiwen Knuewelek
  • 1 Téiläffel gedréchenten Thymian
  • 0.5 Téiläffel wäisse Peffer
  • 2 Neelcheskäpp
  • 1 Lorberblat
  • Salz no Goût
    Fir de Speck:
  • 100g Tempeh
  • 1 Iessläffel Ueleg
  • 1 Iessläffel Ahornsyrup
  • 1 Iessläffel Liquid Smoke
  • 1 Téiläffel Paprikapolver
  • 2 Téiläffel Sojaszooss
  • 0.5 Téiläffel Tomatepurée
  1. Den Tempeh an onregelméisseg kleng Stécker schneiden. Aus dem Ueleg, dem Ahornsyrup, dem Liquid Smoke, der Sojaszooss, dem Tomatepurée an dem Paprikapolver eng Marinade uréieren, mam Tempeh an enger Schossel vermëschen an op d'Säit stellen.
  2. D'Ierbessen ënner kalem Waasser wäschen an d'Geméis graff schneiden. Dat muss net perfekt gi wëll duerno gëtt d'Zopp püréiert.
  3. En Téiläffel Ueleg am Schnellkachdëppen erhëtzen an d'Zwiwwel mat der Porrette fir 5 Minutten ubroden.
  4. De Rescht Geméis, d'Ierbessen, all d'Gewierzer (ausser d'Salz) an ee Liter Waasser dobäi schëdden an zum Kache bréngen. Wann d'Dëppe bis de richtegen Drock erreecht huet d'Zopp 15 Minutte laang goe loosse bis datt alles gutt mëll ass. Wien kee Schnellkachdëppen huet kann d'Zopp och fir eng déck Stonn op klenger Flam goe loossen.
  5. D'Neelcheskäpp an d'Lorberblat eraus huelen an alles mat engem Mixer püréieren. Déi rechtlech 500ml Waasser dobäi schëdden a mat Salz ofschmaachen.
  6. 5 Minutten éier d'Zopp fäerdeg ass den Tempeh zesumme mat der Marinade an enger Pan schaarf ubroden.
  7. Den Tempeh-Speck iwwert d'Zopp streeën a mat frëscher Baguette zervéieren.

*Looss déi 500ml ewech a benotz insgesamt just 1 Liter Waasser fir Ierbsebulli ze maachen am Plaz vun Zopp.

Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/ierzenzopp-low-carb/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire