Géint den Duuscht: Kalen Téi selwer maachen

Wow. Dës Woch war rekordverdächteg waarm. Esou südlech Temperature si mir hei am klengen, vereente Lëtzebuerg dach guer net gewinnt! An wéi all Kéiers wann d’Grade bis ufänken ze klammen heescht et nees vun allen Säiten: bleift am Schied, crèmt iech an, loosst d’Hënn net am Auto an natierlech och de Klassiker: drénkt genuch! (Waasser wuel gemierkt, net Limonad oder Alkohol) Dat kléngt jo och ganz logesch, mä leider ass esou muncher een ënnert eis als “Trinkmuffel” bekannt. An éierlech gesot, bei der Hëtzt kann ech mir och eppes méi attraktiveres virstellen, wéi en Glas wootlecht Waasser. An genau aus deem Grond gëllt et virbereed ze sinn.

Regel Nummer 1 ass déi wichtegst: d’Gedrénks muss kal sinn, wëll dann huet een automatesch méi Loscht drop! An wann d’Waasser dann nach ëmmer net fluppt gëtt et eng Léisung: Ice Tea. Nee, ech schwätzen net vun deem Zockerwaasser mat Aroma aus de Plastiksfläschen, mä vu richteg guddem, gesonden Téi vu Qualitéit. Ech hunn mer et zur Gewunnecht gemaach ëmmer en Krou kalen Téi prett ze hunn. Moies ass et dat éischt wat ech maachen, an et ass esou einfach virzebereeden: eng Karaff mat Waasser fëllen, Téi dran an an de Frigo domat.

Viz, Peffermënz a Basilikum

Et kann ee quasi all Téi huelen, mä et gëllt wéi ëmmer mat allem: d’Qualitéit ass wichteg. Mat anstännegem Téi kann een anstännegen Ice Tea maachen. Meng Lieblings-Zorte sinn zum Beispill de Klassiker wäissen Téi mat Piisch oder en anere Friichtentéi. Eng ganz besonnesch Ofkillung versprécht och gréngen Téi mat Peffermënz. D’Infusioun soll een mindestens zwou Stonnen zéie loossen, am beschten suguer iwwer Nuecht, wëll da kritt ee nach méi Aroma eraus gelackelt.

Ech hunn mäin Ice Tea am léifsten ongeséisst. Mä wann dat näischt fir dech ass probéier en bëssen Ahornsirup bäi ze mëschen oder och e gudde Schotz séisse Viz. Wat och ganz lecker ass, sinn Zitrounescheiwen oder frësch Kraider wéi Peffermënz oder Basilikum.

 

Wéi bekämpfs du den Duuscht am Summer? Wat si deng Tipps?

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire