Kandéiert Nëss mat Kanéil a Vanill

  • kandéiert nëss vegan rezept luxembourg letzebuerg candied nuts gebrannte nüsse mandeln cashew

Gebrannten Nëss vum Mäertche waren ni menges. Dat heescht awer net datt d’Kombinatioun vu geréischterten Nëss an Zocker schlecht ass. Dëse Wanter hunn ech an England op engem Chrëschtmaart kandéiert Nëss geschmaacht, déi mat Kanéil a Vanill gewierzt waren. Déi waren esou gutt datt ech dat doheem direkt selwer hunn misse probéieren.

Mäi Rezept fir kandéiert Nëss ass esou einfach: a manner wéi enger hallwer Stonn ass alles un an aus an du kanns dir däi Bauch voll schloen. Du kanns dat hei och ganz liicht ofwandelen an deng perséinlech Touche zur Wierkung komme loossen. Du kanns egal wéi eng Nëss huelen. Keng Loscht op Cashews? Vläicht soen dir Macadamianëss éischter eppes. Oder du häls et ganz simpel a benotz just Mandelen. Och bei de Gewierzer kanns du méi oder manner huelen, ganz no dengem Goût.

Dës kandéiert Nëss si perfekt fir d’Wanterzäit a wann s du se an enger schéiner Tiitche verpaaks maachen si och en wonnerbare selwergemaachte Kaddo.

Kandéiert Nëss
  • 100g Pekannëss
  • 100g Cashewnëss
  • 100g Mandelen
  • 2 Iessläffel Ahornsyrup
  • 1 Iessläffel Sonneblummenueleg
  • 2 Iessläffel brongen Zocker
  • 1 Pak Vanillzocker
  • 1 Téiläffel Kanéil
  • 1 Prise geriwwen Muskatnoss
  • 1 Prise Salz
  1. De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
  2. All d'Zutaten ausser d'Nëss an enger grousser Schossel verréieren.
  3. D'Nëss derbäi ginn a gutt verréieren esou datt d'Zockermëschung gläichméisseg verdeelt ass.
  4. En Blech mat Bakpabeier beleeën an d'Nossmëschung drop verdeelen. Am Ganzen 12 Minutte baken an an der Hallschent vun der Zäit d'Nëss eng Kéier duerch mëschen.
  5. Um Blech ofkille loossen. D'Nëss halen sech e puer Wochen an enger Kichelchersdous.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/kandeiert-ness/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire