Last Summer Dance 2015

Eng Alternativ zu deene grousse Musek-Festivalen hei zu Lëtzebuerg, wéi de Rock-A-Field an de Food for Your Senses versprécht d’Melting Pot Asbl mat hirem Last Summer Dance zu Ierpeldeng un der Sauer. Hiren Numm ass Programm, wëll d’Organisateure leeë grousse Wäert op géigensäitegen Respekt a Nohaltegkeet a maachen esou aus dem klenge Festival en Treffpunkt fir Leit aus all Kulturen, Hannergrënn a Liewensastellungen.

Nieft Live-Musek vun de Bands gi während dem Festival nach aner Aktivitéiten ugebueden: eng Konschtausstellung, Workshops an Diskussiounsronnen, e klenge Maart an e “Free Your Stuff”-Eck maachen aus dem Last Summer Dance en Must-Go fir Jonk an Al.

Kuerz a knapp

BANDS:

The Disliked
Konoba
Down Town
Forks in the Snow
Santai
Dillendub

TICKETS:

15€ am Virverkaf (fir 2 Deeg)
10€ an der Oweskees (fir 1 Dag)

IMG_1456

Foto vum Bob Bamberg

Iessen fir jiddfereen

Beim Iessen a Gedrénks sinn d’Organisateure streng: Produkter aus biologescher, lokaler a fairer Agriculture spille beim Last Summer Dance eng grouss Roll. Sou ginn zum Beispill och Alternative fir grouss Marken, wéi Coca-Cola, gezielt agesat. Fir all Mënsch glécklech ze stelle wärt, wéi déi läscht zwee Joer och, ee vun den dräi Iessensstänn exklusiv vegan Saache proposéieren. Um Menü stinn ënner anerem e veganen Döner a verschidden Dessert’en. Bio, lokal, fairtrade a vegan? Ech fannen dat héiert sech dach emol richteg gutt un!

Wien also Loscht op en alternative Festival huet, bei deem d’mënschlech Wäerter grouss geschriwwe gi soll sech den 29. an 30. August definitiv op de Wee an den Norde vum Land maachen.


De Last Summer Dance online op www.lastsummerdance.lu an op facebook.

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire