LionChallenge 2017

D’Umellung fir d’LionChallenge 2017 ass leider schonn zou.


1

Loscht op eng Erausfuerderung?

 

Du bass op der Sich no engem gudde Virsaz fir d’neit Joer? Wéi wier et mat 4 Wochen ouni Déierenprodukter? Maach mat bei der LionChallenge 2017 a gëff dem Veganismus eng Chance!

 

02 Januar – 29 Januar 2017

 

Während der Challenge kriss du all Dag eng Email mat nëtzlechen Informatiounen: Rezepter, Tipps, Temoignagen an Iddien wäerten dech während deene véier Wochen ënnerstëtzen.

 

2

 

 Vegan ass näischt fir dech?

 

Ech si mir sécher du wäerts séier positiv Verännerungen an dengem Kierper a Geescht feststelle wann s du bis keng Déiereprodukter méi konsuméiers. Probéier et einfach! Dat schlëmmst wat geschéie kann ass dass du mierks datt et näischt fir dech ass, an dat ass OK. Mä ech wënsche mir dass du deem ganzen eng fair Chance gëss.

 

Wat Leit d’läscht Joer gesot hunn

 

  • D’Challenge huet mech matt den Emailen an mam Grupp op FB motiveiert an ech waert vir mech daat vegant Liewen weider féieren an mech “eran liewen”.  
  • Du hues d’Angscht geholt – superflott wéi’s Du erklärt hues wéi einfach een baken kann. Insgesamt mierkt een, dass Du hannert der Saach stehs a liefs, mee net vun uewen erof mat Leit emgehst, déi vläit net 100 % vegan sin.   
  • Kuerz knapp an sympatesch alles erläutert op waat et ukennt   