LionChallenge 2016: E Réckbléck

Virun zwee Méint hunn ech déi spontan Decisioun geholl eng vegan Challenge ze organiséieren. Den Datum war séier fonnt. De Januar bidd sech einfach perfekt un fir sou eppes, wëll do sinn déi meescht nach motivéiert hir gutt Virsätz fir d’neit Joer ëmzesetzen.

Dës Challenge huet mir vill bedeit, wëll och ech bei esou enger am Abrëll 2014 matgemaach hunn. Et war mäin éischte Kontakt mat dem Veganismus. Während der Challenge hunn ech vill nei Saachen geléiert; Saachen déi mech gefreet hunn, mä och Saachen déi mech schockéiert hunn. Mäin Entschloss war séier gefall: ech bleiwen vegan.

An wëll ech deemools esou eng gutt Zäit hat, wollt ech och datt aner Leit déi nämlecht Erfahrung maachen. D’LionChallenge war gebuer. D’Iddi hat ech kuerz virun Chrëschtdag, dat heescht ech hat net vill Zäit fir alles virzebereeden. Schnell ass mer kloer ginn datt hannert esou enger Challenge vill méi Aarbecht stécht, wéi een mengt: Thema’en mussen fonnt ginn, Ressourcen an Links recherchéiert ginn, Texter mussen geschriwwen ginn an natierlech brauch d’Challenge och en Logo, eng Internetsäit, en Wee wéi d’Leit sech aschreiwen kënnen.

Screen Shot 2015-12-10 at 12.58.17

Wéi ech un der Challenge geschafft hunn, hunn ech missen un meng éischt Schrëtt als Veganer zeréck denken. Wat wosst ech deemools net? Wat hunn ech schwéier fonnt? Wat hätt ech gär gewosst? Ech hunn dësen klengen trip down memory lane schonn iergendwéi genoss. Et ass schwéier virzestellen, datt eppes wat haut esou normal fir mech ass, mir nach virun 2 Joer ganz friem war.

Ech hunn mech ufanks och gefrot op iwwerhaapt een un esou enger Challenge interesséiert wier. 55 Leit hunn sech am Endeffekt ageschriwwen, dorënner Omnivoren, Vegetarier, Veganer an Flexitarier – d’Challenge war jo schliisslech fir jiddwereen. Ech hunn eng Facebook Grupp opgemaach fir datt mir eis alle kenne léieren konnten an ech kann just soen: Wow. Ech war total iwwerwälteg mat wéi vill Elan jiddwereen un d’Saach erugaangen ass. All Dag sinn Rezepter oder Fotoen gepost ginn, mir hunn iwwert Thema’en diskutéiert an eis géigesäiteg Rotschléi ginn. Esou soll et sinn.

D’Challenge war einfach en fantastescht Erliefnis, och fir mech, an et freet mech onmoosseg ze gesinn wéi oppen jiddwereen un d’Saach erugaangen ass. Och wann déi 55 Leit elo net all zum Veganer mutéiert sinn, sinn ech glécklech datt si dem Veganismus eng Chance ginn hunn. Ech sinn mir sécher datt jiddwereen op mannst eng gutt Saach entdeckt huet, déi en och weiderhin ëmsetzt. A sief dat nëmmen d’Koumëllech am Kaffi duerch Mandelmëllech ersetzen. All kleng Verännerung ass eng Verbesserung, mir mussen net alleguer vun haut op muer Veganer wéi aus dem Billerbuch sinn.

E grousse Merci un jiddwereen, deen bei der Challenge matgemaach huet an och un all déi, déi fläisseg geliket, gesharet an kommentéiert hunn. Merci och un d’Steffi, d’Carole, d’Vanessa an un d’Danielle fir hir Bäitreeg. Dir sidd all déi Bescht!

A wien weess, fläit gëtt et an Zukunft jo och d’LionChallenge Versioun 2.

 

#LionChallenge op Instagram

Méi Gebraddels

Keen Commentaire