Mac & Cheese vu So Delicious

Viru kuerzem konnt ech eppes ganz Besonnesches schmaachen: Mac & Cheese. Vun dem typesch amerikaneschem Nuddelplat huet bestëmmt jiddweree schonn héieren. Traditionell kënnt do vill Kéis a Mëllech an d’Zooss, dofir ass et vläit net esou evident et vegan ze maachen.

Natierlech kann ee Mac & Cheese selwer maachen, mä déi meescht Amerikaner iessen et als Fäerdegprodukt. An der Packung sinn dann d’Nuddelen an en Päckelchen mat Kéispudder, deen ee mat Mëllech oder Waasser opkacht. Déi hei Packung ass vun der Mark So Delicious an ass komplett planzlech. Ech krut se als Kaddo mat der Post geschéckt an hunn dat natierlech direkt probéiere missen.

D’Zoubereedung war ganz einfach: d’Nuddele kachen, Sojamëllech mat dem “Kéis”-Pudder vermëschen an en Schnatt Botter ënnerréieren. Et war wierklech richteg cremeg a vum Goût hier no un engem richtege Cheddar drun! Leider hat de Mac & Cheese en klengen Nogeschmaach, wéi dat bei munchem vegane Kéis alt esou ass.

Huet vun iech schonn een eng Kéier Mac & Cheese geschmaacht? Wann jo, war en selwer gemaach oder esou wéi mäin aus enger Packung?

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire