Mäerz Favoriten

An erëm ass en Mount ëm, lo ass et schonn Abrëll! Leider war mäin Mount zimlech monoton, mä ech hunn awer eng oder zwou Saache fonnt déi ech mat iech deele wëll. Hei sinn also elo meng Favorite vum Mäerz:

Huel

Fänke mer nees mam Iessen un. Dëse Mount war zimlech stresseg fir mech, ech hunn vill un menger Bacheloraarbecht geschriwwen a mech och fir Masterprogrammer ugemellt. Bei deem ganzen Uni-Stress hunn ech oft vergiess z’iessen. Jo, ech hunn och ni verstane wéi een esou eppes wichteges einfach “vergiessen” kann, mä wann ech de Kapp voll mat Saachen hunn, ass et bemol ganz schnell 5 Auer an de Bauch grommelt. Ech hunn dunn Huel fir mech entdeckt. Den Numm ass iwwregens eng Kombinatioun vun Human a Fuel, also mënschlechen Treibstoff. Dat ass en Shake, deen net nëmmen héich u Proteinen ass, mä och all eenzelnen Nährstoff huet, deen de Kierper brauch. Theoretesch kéint ee just Huel drénken a soss näischt iessen! Ech fannen dat faszinéierend an ech muss soen, et mécht och richteg sat! Ech hunn mer Owes oft eng déck Portioun Huel gemixt, iwwer nuecht am Frigo gelooss an dann den Dag drop ëmmer nees dovu gedronk. Ech kéint nimools all meng Molzechten duerch en Shake ersetzen, mä an dësem Fall war et genau dat wat ech gebraucht hunn.

Friends

A wann een de ganzen Dag beschäftegt ass, da fält een Owes just nach an d’Bett an wat gëtt et besseres wéi dann virun der Tëlé ze gammelen? Ech hunn dat déi perfekte Geleeënheet fonnt fir Friends ze kucken. Ech hunn déi Serie erstaunlecherweis virdrun nach ni gesinn gehat! Ech sinn elo bei der sechster Staffel ukomm, lo hunn ech jo nach e bësse Material fir ze kucken.

De beschte Dag vum Mount: St Patrick’s Day

St Patrick’s Day gouf an Edinburgh grouss gefeiert an ech hat en fantasteschen Owend. Et war e gudden Ausglach zur Uni!

E puer Snapshots



Méi Inspiratioun

Keen Commentaire