Mini Quiches (vegan)

Ouschteren ass d’Zäit vun den Huesen, de Blummen, dem Schockela an och vun den Eeër. Mä fir dës kléng Quichen ze zaubere brauch een keng vun deene Saachen. Ofgesinn dovun datt si ouni Eeër gemaach sinn, si se ganz traditionell: duerch d’häerzhaft Fëllung vu Porrette a Knuewelek kritt een direkt Loscht nach e Stéck z’iessen.

Ech hunn déi hei a klenge Formen vun 10cm Duerchmiesser gebak an defir passen se perfekt als Entrée an den Ouschtermenü. Wann s du nëmmen eng normal grouss Taarteform hues kanns du einfach d’Moossen an d’Bakzäit upassen. De Stress um Ouschtersonndeg kanns du evitéieren, wëll dës Quichen loossen sech ganz gutt den Dag virdrun virbereeden. An wann s du dir et nach méi einfach maachen wëlls kanns du och fäerdegen Deeg kafen. Reschter kënne waarm oder kal giess ginn a maachen en dekadent Moiesiessen oder en liicht Mëttegiessen.

Ech hunn dës Quichen mat enger Rukolazalot a Cocktail Tomaten servéiert. Fir eng lecker Vinaigrette mat Kick kanns du einfach jeeweils 2 Iessläffel Zitrounejus, Ahornsyrup a Moschtert vermëschen.

Mini Quiches

4 Quiches

440kcal

21g

53g

11g

    Fir den Deeg
  • 225g Miel
  • 5 Iessläffel Ueleg
  • Salz
  • Waasser
    Fir d'Fëllung
  • 200g Seidentofu
  • 25g Kicherierbessenmiel
  • 2 Iessläffel Hefeflocken
  • 1 Iessläffel Maismiel (fécule de maïs)
  • 60ml Waasser
  • 1/4 Téiläffel Knuewelekpolver
  • 1 Messerspëtzt Kurkuma
  • 1 Messerspëtzt Muskatnoss
  • 60g Porrette (ongeféier e Véirel vun enger)
  • Olivenueleg
  • Salz a Peffer
  1. Fir den Deeg d'Miel mam Salz a mam Ueleg vermëschen. Lues a lues ëmmer nees 1 Iessläffel Waasser derbäi gi bis datt sech en Deeg formt. Op d'Säit stellen.
  2. D'Porrette wäschen an a réng Sträifen schneiden. Mat e bëssen Ueleg an enger Pan uschwëtzen.
  3. Währendems d'Fëllung virbereeden. Dofir all déi rechtlech Zutaten püréieren. Wann ee kee Mixer huet kann een och eng Forschette oder en Kartoffelstampfer benotzen, mä d'Quiche gëtt duerno net grad esou homogen a crèmeg. Tipp: Wann s du d'Fëllung schmaachen wëlls, maach dat éiers du d'Kicherierbessenmiel derbäi mëschs. Kicherierbessenmiel ass batter a metallesch éier et gekacht gëtt.
  4. D'Porrette mat der Fëllung vermëschen.
  5. Den Deeg an véier deelen, dënn ausrullen an an d'Formen leeën. D'Fëllung draschëdden an bei 200°C fir 25 Minutten baken.
  6. D'Quichen mindestens 10 Minutten ofkillen loossen éier een se aus der Form hëlt fir datt se fest kënne ginn.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/mini-quiches-vegan/

 

Aner Rezepter

Keen Commentaire