iwwer mech

Mäin Numm ass Sven an ech sinn de grénge Léiw.

Wéi ech am Abrëll 2014 meng Ernährung op d’Kopp gestallt hunn war ech am Ufank zimlech verluer. Fleesch, Fësch, Mëllech, Eeër & Co koume fir mech net méi an d’Tut, dee Entschloss hat ech getraff. Mä wat bleift dann do nach iwwreg? Trotz aller Onsécherheet hunn ech mech un dat vegant Liewen erugetaascht a mëttlerweil fillt et sech un, wéi wann ech nach ni eppes aneres gemaach hätt. Et ass eng wonnerbar Zäit fir vegan ze ginn. De Liewensstil gëtt ëmmer méi vun der Massen akzeptéiert an esou dauchen och andauernd nei Produkter, Restauranten an Evenementer op, déi engem d’Liewen als Veganer méi liicht maachen. Trotzdem kann een sech am Ufank fillen, wéi wann een an d’kaalt Waasser geheit gi wier – besonnesch wann ee keng Leit a sengem Ëmkrees huet, déi och Veganer sinn. Dëst ass ee vun de Grënn firwat ech de grénge Léiw an d’Liewe geruff hunn.

Ech wëll Lëtzebuerg weisen, wéi liicht et ass ze liewen ouni engem Déier eppes zu leed ze doen.

Ech war am schéinen Schottland op der Uni, an do hunn ech gemierkt, wéi verschidden d’Mentalitéite vu Land zu Land kënne sinn. Kloer, ween Schottland seet, denk een och Haggis, an dat ass natierlech bei wäiten net vegan. Trotzdem fannen ech datt d’Leit dohannen (an och an England) vill méi oppe fir de vegane Liewensstil sinn, wéi hei am Land. De Veganismus gehéiert do schonn quasi zum mainstream. Esou fënnt een zum Beispill a ville bekannte Restauranten en vegane Plat op der Kaart an an de Geschäfter sinn déi vegan Produkter gekennzeechent. Dat klengt dach scho bal paradisesch, nee? Zu Lëtzebuerg ass dat leider nach net esou. Mä wann ëmmer méi Leit och hei am Land d’Entscheedung huelen net méi op Déiereprodukter zeréckzegräifen da wäert eng vegan Ernährung geschwënn esou normal gi wéi z.B. eng vegetaresch Ernährung.

Et géif mech freeë wann s du och op menger Facebook-Säit laanscht kucke géings a fläisseg kommentéiers, likes a shares, fir de vegane Message weider duerch ganz Lëtzebuerg ze verdeelen.

Sven