Am Test: Ms Cupcake Bakbuch

Baken ass eng Konscht, a fir mir et méi einfach ze maachen hunn ech mer virun engem hallwe Joer dem Mellissa Morgan säi Buch Vegane Cupcakes, Cakes & Cookies (original op Englesch ) kaf – an et deet mir absolut net leed. D’Mellissa kënnt ursprénglech aus Kanada mä lieft mëttlerweil a London wou hat säit 2011 eng vegan Cupcake Bäckerei bedreift. D’Leit räissen sech em seng Bakwierker a fir datt een déi och doheem kann nomaachen, huet d’Mellissa dëst Buch mat senge beschte Rezepter zesumme gestallt.

Vegane-Cupcakes-Cakes-Cookies-Mellissa-Morgan.16552

Dem Mellissa säin Hannergrond gesäit een an de Rezepter, déi en Flair vun der amerikanescher an englescher Kiche mat sech bréngen. Et fënnt ee vill Klassiker, wéi Peanut Butter Cookies oder en Victoria Sponge am Buch erëm. Eppes sief am Viraus gesot: wien op der Sich no gesonde Rezepter ass, fir deen ass dat hei näischt. D’Rezepter gebrauche vill Zocker a Fett an dofir schmaacht d’Endprodukt och richteg gutt a mächteg. Ech perséinlech hunn kee Problem domat, wëll ech iesse jo net all Dag Kuch. Mä wann ech es iessen, dann awer w.e.g. och en richteg gudden!

D’Rezepter liesen sech einfach a si gutt erklärt. Bis op dat eent oder anert Rezept kommen si alleguer ouni speziell Zutaten wéi Ee-Ersatz aus. Uweisunge fir gluten-fräi Versioune sinn och ginn, mä déi hunn ech bis elo awer nach net ausprobéiert. Am Buch fënnt een alles vu Cupcakes iwwer Kuch, bis hin zu Kichelcher, verschidden Zorten un Bottercrème, Sandwich-Fëllungen an och aner ganz speziell Desserten.

Besonnesch interessant fannen ech datt een am Ufank vum Buch e puer Säiten iwwert d’Basics vum vegane Bake fënnt. Do kritt een erklärt firwat en Kuch zum Beispill och ouni Ee lëfteg gëtt a wéi ee ganz ouni Botter aus kënnt. D’Mellissa zielt eis och seng perséinlech Tipps, déi speziell fir d’vegant Bake gëllen (z.B. net ze vill réieren) an hëlleft bei typesche Problemer déi kënnen optauchen (z.B. de Kuch fällt zesumme wann en aus dem Uewen kënnt). Esou kann all Mënsch mat dem Buch eppes ufänken, och wann ee virdrun nach ni vegan gebak huet. Domat ass dëst Buch och en perfekte Kaddo. Den Design vum Buch ass ganz um Stil vun den 1950er Joeren an der amerikanescher Hausfra inspiréiert. D’Rezepter sinn also optesch wéi inhaltlech richteg uspriechend. Wien nach kee vegant Bakbuch huet, op der Sich no engem flotte Kaddo ass oder ganz einfach en schéint Bakbuch wëll hunn mat Rezepter déi alltagstauglech an trotzdem impressionant sinn, deem sief Vegane Cupcakes, Cakes & Cookies un d’Häerz geluet.


Dëse Blog Post enthält Amazon Partner Links, wat bedeit dat ech eng kleng Kommissioun maache wann deen Amazon-Artikel iwwert de Link kaf gëtt. De Präis vum Artikel bleift onverännert.

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire