Den Dag richteg ufänken: Meng Yoga Erfahrung

Wéi fänks du den Dag normalerweis un? Ech sinn en zimmlechen Morgenmuffel an fir laang Zäit huet mäin Moien ëmmer d’nämmlecht ausgesinn. Et goufen zwou Méiglechkeeten: entweder ech hunn mäin Wecker ëmmer rëm op Snooze gestallt bis datt ech guer keng Zäit méi hat, séier aus dem Bett gesprongen sinn an mech gehetzt hunn. Oder awer ech louch laang am Bett an hunn mäin Handy ugekuckt (deen ech als Wecker benotzen). Ech hunn meng Emailen gelies, gekuckt wat et neits op Facebook gëtt, hallefhäerzeg Instagram Fotoen geliked an mäin Twitter duerch gescrollt bis ech mech séier hu missen prett maachen. Klengt net ideal, oder? War et och net.

Ech hunn ëmmer dei Leit bewonnert, déi moies esou produktiv sinn. Déi opstinn, hiren Chiapudding mat Blueberries iessen, eng hallef Stonn lafen ginn an voller Energie an den Dag starten. Wëll ech en déifen Haass op Chia an Joggen hunn (dat ass keen Witz) koum dat fir mech ni an d’Tut. Moies wëll ech meng Rou hunn. Mä et huet sech awer eppes änneren missen. Abeemol hunn ech un Yoga missen denken. Natierlech! Wéi konnt mir dat net virdrun afalen. Yoga erfuerdert keng grouss kierperlech Auslaaschtung, ech hunn mir geduet dat misst ech dach hinkréien wann ech mech en bëssen zesummen rappen.

Ech wëll net léien, et war net einfach.

Et war schwéier mech vun der Ëmaarmung vun mengem waarmen Bett lass ze rappen an um kalen Buedem Yoga ze maachen. Ech war midd an wollt am léifsten nees zréck ënnert d’Decken. Wat mech am meeschten dovun zréck gehalen huet moies méi aktiv ze ginn war eng Ausried déi ech mir ëmmer nees gesot hunn: “Ech hunn keng Zäit dofir!” Blödsinn. Wann een eppes wierklech wëll dann mécht een sech Zäit. Et setzt een Prioritéiten.

Vir datt ech moies mäin Yoga maachen konnt hunn ech den Wecker eng hallef Stonn éischter gestallt an – elo kënnt dat wichtegst – ech sinn opgestan wéi en geschellt huet. Ech hunn net nach “just 2 Minutten d’Aan zou gemaach”, ech hunn net nach “kuerz” um Handy gespillt.

Fir dat ganzt duerch ze zéien hunn ech eng kleng Routine entwéckelt. De Mënsch ass en Gewunnegtsdéier an wann een all Dag dat nämmlecht mécht, e puer fix Unhaltspunkter huet, dann kritt een sech méi liicht motivéiert. Wéi de Wecker geschellt huet sinn ech also direkt opgestanen an hunn mir en Téi gemaach (Earl Grey mat engem Schotz Sojamëllech, keen Zocker). Duerno sinn ech zréck an mäin Zëmmer gaangen an hunn d’halschent vun der Taass um Buedem gedronk während ech mech prett gemaach hunn. Ech hunn schonn virdrun um Blog vun Spotify geschwärmt, an och hei war dës App nees en festen Punkt an menge Liewen. Do ginn et speziell Playlisten mat Lidder déi fir Yoga oder Meditatioun ausgeluecht sinn. Wéi bis d’Rideau opgezunn an d’Musek un war hat ech meng Tass Téi dann och schonn gedronk. Nom Yoga hunn ech dunn zu Moies giess, meechtens en gudden Tofu Scramble oder Huel. No enger kuerzer Dusch war ech dann prett fir an den Dag ze goen.

Iwwer d’Yoga-Übungen selwer hunn ech mir keen groussen Kapp gemaach. Heiansdo hunn se 15 Minutten gedauert, heiansdo 30 Minutten. Je nodeem wéi ech mech grad gefillt hunn. Eng grouss Hëllef war och d’App “Yoga Studio” déi ech regelméisseg benotzt hunn. A wann net dann hunn ech einfach Freestyle gemaach an hunn no engem kuerzen Sonnengruss einfach dat widderholl wat ech an der Woch am Yoga Cours geléiert hat.

Mä elo kënnt dat wichtegst: huet dat ganzt iwwerhaapt en Sënn? Huet sech eppes an mengem Liewe verännert?

D’Äntwert ass ganz kloer Jo! Wéi ech soss aus dem Bett gefall sinn war ech nach ganz midd an duseleg, et huet heiansdo eng gutt Stonn gedauert bis ech am Kapp richteg wakreg war. Während dem Yoga awer léiert een säin ganzen Kierper kennen an sou gëtt een bis an d’Fangerspëtzten wakreg. An zwar ganz gemittlech. Moies gëtt sech net gehetzt. Op mannst bei mir doheem net. Nom Yoga ass net just mäin Kierper erwäscht, och mäin Kapp war erfrëscht. Ech hunn mech vun Kapp bis Fouss voller Energie an honnert prozentesch “do” gefillt an meng Virmëttecher waren vill méi produktiv.

Leider sinn ech aus menger Routine eraus komm an ech mierken den Ënnerscheed ganz däitlech. Ech wëll mech nees erfrëscht fillen an net nach hallef am Schlof sinn wann ech virun d’Dier ginn. Et gëtt Zäit meng Yoga-Routine nees anzebauen.

Wann s du elo och mam Gedanken spills dat ganzt auszeprobéieren soen ech dir just eppes: Maach et einfach. Setz dir en Zil fir eng Woch all Dag Moies Yoga ze maachen. Entwéckel eng Routine, déi bei dech passt. Kopéier net einfach wat ech maachen, du muss dech wuelfillen. Huel dir d’Zäit et eng Woch duerchzezéien. Du wäerts ganz séier d’Effekter mierken an wat s du et méi laang mëss wat et ëmmer méi einfach gëtt.

Sou, wien fillt sech dann elo inspiréiert? Allez hopp, d’Hänn an d’Luucht!

Méi Inspiratioun

2 Commentairen

  • comment-avatar
    Blanche 04/01/2017 (15:46)

    genau sou , de Mensch ass een Gewohnheitstier, an wann en bis do raus klemmt, an Moies no engem klengen warmen Gedrenks sein yoga mecht, fannen ech held den dat mat an den Ganzen dag eran, sech fit fillen, gudd wakreg sin an dat och am Kap, an Steifheet ass och aus dem Kierper… schon eleng dat gefill wirklech eppes Guddes fir sech selwer gemach ze hun , brengt mer eng gudd an positif Stemmung fir den ganzen Dag…… merci fir dein gudden beitrag

    • comment-avatar
      Sven 10/01/2017 (15:39)

      Genau, kleng Ännerungen/Verbesserungen am Alldag maachen en groussen Ënnerscheed! Merci fir d’Liesen 🙂