Mini Oreo Cheesecakes (vegan)

  • oreo cheesecakes close up

Vältesdag ass net nëmmen den Dag vun der Léift, mä wann ee ganz stereotypesch ass och den Dag vu Séissem, Schockela an Äerdbieren. Dofir hunn ech hei eppes Klenges gezaubert mat deem s du dengem Partner de 14. (oder un iergendengem aneren Dag) eng Freed maache kanns.
Et ass wahrscheinlech allgemeng bekannt datt Oero-Kichelcher vegan sinn. Gesond sinn se zwar net, mä dofir schmaachen se awer richteg gutt. Ech hunn déi elo geholl an se an en Cheesecake verwandelt. Jo, du hues richteg gelies: Oreo Cheesecakes. Schockeladeg, vanilleg, cremeg mat engem Hauch un Saierzegkeet. Dat passt perfekt bei Äerdbieren an e Glas Schampes.

oreo cheesecakes above

Den amerikanesche Cheesecake ass e bëssen anescht wéi eise Kéiskuch: en ass vill méi séiss a gëtt mat Schmierkéis gemaach (Philadelphia) an net wéi bei eis aus wäissem Kéis. Et ass dowéinst en heftegen Dessert, mä een deen sech lount.

Fir de Kuch genau esou cremeg ze kréie benotzen ech Kokosmëllech a Cashewnëss. Lo ginn et bestëmmt e puer Skeptiker (esou wéi ech selwer), déi kee risege Fan vu Kokosnoss an allem sinn. Mä lee däi Kapp a Rou, och wann hei vill Mëllech a Fett vun der Kokosnoss dran ass schmaacht een dat duerno iwwerhaapt net eraus. Oh an hunn ech vergiess ze soen: dëse Kuch muss net gebak ginn, et brauch ee just en Tiefkühler oder Frigo! Also waart net laang a lee lass fir dass du an de Genoss vun dësem dekadenten Dessert komme kanns.

oreo cheesecakes preparation

PS: Wien net vun Oreos begeeschtert ass (wéinst Palmueleg oder soss eppes) kann einfach iergenden anere Kichelche benotzen, d’Grondrezept bleift dat nämmlecht.

 

Mini Oreo Cheesecakes
    Fir de Buedem
  • 20 Oreos (ongeféier 200g)
  • 3-4 Iessläffel raffinéierte Kokosueleg
    Fir d'Fëllung
  • 95g Cashewnëss
  • 70ml Kokosmëllech
  • 40g raffinéierte Kokosueleg
  • 3 Iessläffel Zitrounejus
  • 3 Iessläffel Zocker
  • 1 Téiläffel Vanillaroma
  • d'Oreo-Fëllungen
    Fir ze dekoréieren
  • Schockela
  • Äerdbieren
  1. D'Cashewnëss an enger Schossel mat kachendem Waasser iwwerschëdden, zoudecken an op d'Säit stellen.
  2. De wäissen vum schwaarzen Deel vun den Oreos trennen.
  3. De schwaarzen Deel an engem Mixer oder mat der Hand zu engem Miel grimmelen. 3-4 Iessläffel Kokosueleg schmëlzen an lues a lues mat dem Kichelchersmiel vermëschen bis et d'Konsistenz vun naassem Sand huet.
  4. Op de Buedem vun 4 klengen Taarteformen e bëssen Bakpabeier leeën an d'Kichelchersmëschung gläichméisseg verdeelen. Mat engem Läffel an Form drécken an si dann an den Tiefkühler stellen.
  5. D'Kokosmëllech mam Recht Kokosueleg, dem Zocker an de wäissen Oreo-Fëllungen an engem Dëppen op klénger Flam erhëtzen an mat engem Schéibiesem réieren bis sech den Zocker ganz opgeléist huet.
  6. D'Cashewnëss ofschëdden an mat der Kokosmëschung, dem Zitrounejus an dem Vanillaroma mat engem Mixer cremeg püréieren. Wat d'Mëschung méi glat ass, wat den Cheesecake duerno méi cremeg schmaacht. Wien e staarken Mixer huet ass hei kloer am Virdeel.
  7. D'Taarteformen aus dem Tiefkühler huelen an d'Fëllung dran schëdden. Fir mindestens eng Stonn afréieren.
  8. Virum zervéieren d'Cheesecakes eng 15-20 Minutten entdéien loossen an mat Schockela an Äerdbieren dekoréieren.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/oreo-cheesecakes/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire