Firwat Planzen iessen Spaass mécht

Normalerweis ass ee ganz serieux wann een iwwert Grënn schwätzt firwat ee vegan soll liewen. Lo loosse mir mol d’Gesondheet, Ethik an d’Ëmwelt op der Säit a kucke firwat Veganer et wierklech besser hunn.

Spulle war nach ni esou einfach

1444488309179

Ni méi ugebrannte Kéis vum Bakblech krazen an d’Panen mat Piwel schruppen. Fett aus Planzen ass vill méi einfach propper ze maachen. Spulle war nach ni esou séier!

Réien Deeg iesse wann ëmmer ee wëll

1444489313316

Wann ee Kuch a Kichelcher ouni Eeër mécht kann een den Deeg ouni schlecht Gewësse schmaachen. Oder och di ganz Schossel mam Läffel iessen. Salmonellen? Ha! Deen Problem ass geléist.

Wien brauch schonn Eeër?

giphy-3

An wou mer grad bei Eeër sinn. Dat ass jo och eppes wat kee Mënsch brauch. Leinsamen a Chiasamen sinn en super Ersatz, halen sech laang an, wien hätt et geduecht: Planzen hunn kee Cholesterol! Tofu Rührei? Eeeh jo nëmmen hir domat, meng Bluttwäerter soe Merci.

De Goût ass an de Planzen

1444490003441

Elo mol ganz am Eescht, wat wier d’Iessen ouni Gewürzer a Geméis? Do kënnt dach de ganze Goût hir!

Iessen esou vill ee wëll ouni sech schlecht ze fillen

tumblr_mdhiaeAMPU1r7ksqyo1_500
Egal wéi vill een ësst, dat Gefill bal ze platze gehéiert der Vergaangenheet un. Veganer iessen natierlech och vill a gären, mä duerno fillt een sech net esou schlecht an et mengt een och net, et hätt een en Steen am Bauch. Verdauung: 1A

Ballaststoffer.

1444487443723
Doriwwer brauch een sech keng Gedanke méi ze maachen. An wëll ee genuch Ballaststoffer kritt, rutscht och de Rescht. Méi brauch ech dozou net ze soen.

D’Iessen iwwerlieft en Joerhonnert am Schaf

1444490516199

*kuckt op Datum* “Mindestens haltbar bis 2093”
Vegan Grondnahrungsmëttel halen sech eng Éiwegkeet. Egal op Bounen, Räis, Nuddelen oder Mandelmëllech: wann et an der Promotioun ass, gëtt zougeschlo!

Nei Saachen ausprobéieren

1444491064126

Et probéiert een einfach vill méi Saachen aus, déi ee virdru soss ni kaf huet. Quinoa? Pink Salz? Hefeflocken? Viru Joere wosst ech mol net datt et esou eppes géif ginn! Wann ech fréier Geméis esou gären hätt wéi haut, wier meng Mamm frou gewiescht.

Et ass ee frou de Schratt gemaach ze hunn

1444491217803
Et kann een et sech net erklären, mä iergendwéi fillt et sech un wéi wann een engem d’Laascht vun de Schëllere geholl huet. Einfach nëmmen ze wëssen, datt een dat richtegt mécht an datt een sech net méi un der Ausnotzung vun Déiere bedeelegt ass en gutt Gefill.

Méi ze laachen

Keen Commentaire