Protein Crackers (glutenfräi)

  • protein vegan crackers

Ech sinn op Kicherierbessenmiel gestouss wéi ech no enger Alternativ no normalem Miel aus Weess gesicht hunn. Ech wollt eppes mat manner Kuelenhydrater a mat méi Eewäiss. Kicherierbessenmiel besteet, wéi den Numm scho seet, aus gemuelen Ierbessen (pois chiches) an huet dowéinst déi nämmlecht Nährstoffer wéi d’Hülsenfruucht selwer. An der Praxis bedeit dat komplex Kuelenhydrater, déi vum Kierper lues verschafft ginn an esou eng gläichméisseg Energiezoufur garantéieren, eng gutt Quantitéit un planzlechem Eewäiss an och en Deel un wichtege Mineralien, wéi Eisen a Kalzium.

Ech hunn scho vill mat dësem Miel experimentéiert an hunn gemëschte Resultater erlieft. Sou ersetzt en décken Iessläffel en Ee beim Baken, mä dat klappt just bei Kuch, meng Panescher ware fir an d’Poubelle. Hei um Blog fënnt een och en Rezept fir Mini-Quichen an deem ech Kicherierbessenmiel benotzten. Wéi ech probéiert hunn domadder Kichelcher ze baken hunn ech fest gestallt datt se vill ze grimmeleg waren.

Iergendwann koum mir dunn d’Iddi et mat Crackeren ze probéieren. Ech muss zouginn, ech si süchteg no Snacks! Alles wat salzeg ass a knuspert – besonnesch Chips. Obwuel dës Crackers keng Chipsen ersetze sinn se awer richteg no drun! Knuspereg, würzeg, gesond a quasi low-carb, dat klengt dach gutt!

An dësem Rezept benotzen ech Rosmarin an Thymian fir dem ganzen en gudde Goût ze ginn, mä et kann een eigentlech bal all Gewierz benotzen. Fir d’Crackers e bësse méi spannend ze maache benotzen ech och eng Mëschung un Kären: Leinsamen, Sonneblummekären a Sesamkären. Zesumme mam Olivenueleg suergen déi fir eng gutt Portioun gesond Fett (Omega 3 inclus!), de Sesam bréngt nach méi Kalzium mat dran, an d’Sonneblummekäre steiere Selen bäi, esou dat dee ganze Cracker en richtege Boost un Nährstoffer ass.

Protein Crackers (glutenfräi)
  • 100g Kicherierbessenmiel
  • 60ml Waasser
  • 1 Iessläffel Olivenueleg
  • 1 Iessläffel Leinsamen
  • 1 Iessläffel Sonneblummekären
  • 1 Iessläffel Sesamkären
  • 1.5 Téiläffel gedréchente Rosmarin
  • 1.5 Téiläffel gedréchente Thymian
  • 0.5 Téiläffen gedréchente Knuewelek
  • Salz no Goût
  1. De Schäffchen op 180° virhëtzen.
  2. Optional: D'Kären zu engem Pudder muelen.
  3. D'drëschen Zutaten matenee veréieren an dann d'Waasser ënnermëschen bis en zéien Deeg entseet. Den Deeg soll dréchen, mä net grimmeleg sinn.
  4. Den Deeg op en Baakpabeier leeën a mat engem zweete Baakpabeier bedecken. Mat engem Rouleau esou dënn wéi méiglech ausrullen (1mm). Wat den Deeg méi dënn ass wat d'Crackers méi knuspereg ginn.
  5. Mat engem Messer den Deeg a Rechtecker schneiden an de Baakpabeier einfach op en Blech eriwwer zéien. Du muss d'Rechtecker net eenzel eriwwer leeën oder trennen. Wann si bis gebak si loossen se sech ganz liicht ofbrieche wou s du virgeschnidden hues.
  6. D'Crackers fir 15-20 Minutte baken an dann um Blech kal gi loossen.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/protein-crackers-glutenfrai/

Aner Rezepter

Keen Commentaire