Quetschentaart (vegan)

  • quetschentaart quetsches zwetschgen torte

Haut hunn ech en Rezept, dat kéint bal net méi lëtzebuergesch sinn. Elo am September fänken d’Quetschen un zeideg ze ginn an ech menge jiddwereen huet entweder selwer en Bam am Gaart oder kritt all Joers Quetsche vun der Bomi oder dem Noper. Gottseidank weess de gudde Lëtzebuerger natierlech eppes domadder unzefänken: sief et Drëpp, Quetschekraut oder awer eng Taart – déi mof Fruucht gëtt verschafft!

Och bei eis doheem ass d’läscht Woch eng Schossel mat frësche Quetschen an der Kichen opgedaucht. Obwuel ech allgemeng net besonnesch frou mat Taarte sinn (iih Uebst am Dessert, dat ass dach vill ze gesond) sinn ech bal net derlaanscht komm fir eng Quetschentaart ze maachen.

taart-steck

Fir eng Quetschentaart hëlt een traditionell keen normalen Taartendeeg, mä en séissen Hiefdeeg. Och fënnt een hei kee Flan wéi dat normalerweis bei enger Äppel- oder Bierentaart de Fall ass. D’Quetschen hunn esou vill Jus datt si och ouni dat auskommen an d’Taart garantéiert net dréche gëtt. Ganz am Géigendeel: et ësst een se am beschten den Dag selwer fir ze verhënneren datt den Taartenbuedem ze fiicht gëtt.

Wann et dir also wéi mir geet an du vun iergendengem Quetsche geschenkt krut hues, da weis dass du lëtzebuergescht Blutt an dir hues. Mat mengen einfachem Rezept kriss du féx eng Quetschentaart gezaubert, déi genau esou schéin ausgesäit wéi déi beim Bäcker hannert der Téik a wahrscheinlech och nach besser schmaacht wéi eng kaaften.

Quetschentaart (vegan)

fir 2 Taarten

  • 250g Miel
  • 170ml planzlech Mëllech
  • 1 Päckchen Vanillzocker
  • 40g Zocker
  • 15g frësch Hief
  • 40g Margarine (z.B. Alsan)
  • 1 Prise Salz
  • 700g Quetschen
  1. D'Hief an e bësse planzlech Mëllech opléisen.
  2. D'Margarine mam Recht vun der Mëllech schmëlzen an ofkille loosse bis si wootlech ass. (Bei ze héijer Temperatur stierft d'Hief a geet net op.)
  3. D'Hief, d'Mëllechmëschung, den Zocker an d'Miel zu engem zéien Deeg veréieren a gutt duerchknieden. Wann den Deeg ze dréchen oder ze naass ass e bëssen Miel oder Mëllech bäimëschen.
  4. Den Deeg fir mindestens 30 Minutten op enger waarmer Plaz opgoe loossen. An Tëschenzäit d'Quetsche botzen a véierelen, an de Schäffchen op 180°C virhëtzen.
  5. Den Deeg ausrullen an an zwou Ø24cm Taarteformen leeën. De Vanillzocker op den Taartebuedem streeën an d'Quetsche driwwer verdeelen.
  6. D'Taart fir 25-30 Minutte baken. Virum servéieren ofkille loossen a mat Pudderzocker bestreeën.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/quetschentaart-vegan/
Tag mech an denge Fotoen op Facebook, Instagram an Twitter wann s du mäin Rezept ausprobéiert hues. Ech wëll gesi wat s du an denger Kichen gezwafft hues!

Aner Rezepter

Keen Commentaire