Vegan um Rock-A-Field 2015

Als Veganer ass een um Rock-A-Field 2015 gutt versuergt! Virun enger Woch hunn d’Organisateure vum RAF de Menü fir dëst Joer online gesat! Op hirer Facebook-Säit si 14 Plat’en als vegetaresch markéiert. Do fënnt een och eng Scheif Waassermeloun, déi keen gréngen “V” huet, mä firwat déi net vegetaresch soll si kann ech mer net virstellen – do huet ee vergiess en Häkche bäi ze maachen. Ech hunn mech dunn direkt hin gesat an all d’Food Trucks, déi 2015 wäerte vertruede sinn, ugeschriwwen fir genau nozefroen. D’Resultat ass herrlech! Ganzer 7 Plat’en (an d’Waassermeloun) si vegan! Et ass schéin ze gesinn datt net alles ouni Fleesch am Kéis schwamme muss. Hei elo eng komplett Lëscht mat veganem Iessen dat een um Site ze kafen kritt:

The Food Truck Company

11187811_933861633333250_3818362946203345425_o

Veggie Burger

Sushi and More

10484408_675774632487581_8797348658775517684_n

California Tomate Basilic

Edamame

Algues

Guerilla Food

 Screen+Shot+2015-06-03+at+18.42.47

Watermelon

Food Porn Sessions

7345_336600003176001_2302124635194365065_n

Truffel Sauce

Pomodoro Sauce

D’Gnocchis sinn NET vegan, d’Nuddelen schonn!

Joo

 1434127698563

Salade

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire