Schachbriet Kichelcher (vegan)

Dës Kichelcher si perfekt fir Chrëschtdag! Obwuel een e bëssen Zäit aplange muss, sinn si relativ einfach ze maachen a gesinn impressionant aus. Si baséieren op engem schottesche Rezept fir Shortbread – en traditionellen, grimmelege Kichelchen an dee just Miel, Botter an Zocker kënnt. Si passen also perfekt fir bei den Téi oder Kaffi.

Et handelt sech hei ëm en Mierfdeeg, dat heescht en muss e puer Stonnen am Frigo kal stoen. Am Beschten hëlt een eng Margarine, déi ähnlech ass wéi Botter (wéi zum Beispill vun Alsan Bio). Margarine déi an engem Dëppche kënnt ass oft méi mëll a gëtt net esou fest wann se kal ass. Doduerch kéint ee Problemer beim Ausrulle vum Deeg kréien.

Schachbriet Kichelcher

35-40 Kichelcher

84kcal

5g

10g

1g

  • Wäissen Deel
  • 150g Miel
  • 100g Margarine
  • 50g Zocker
  • Vanill
  • Brongen Deel
  • 150g Miel
  • 100g Margarine
  • 50g Zocker
  • 2 Iessläffel Kakaopulver
  • 1 Téiläffel Waasser
  1. Fir de wäissen Deel an enger Schossel mam Mixer d'Margarine mam Zocker schaumeg schloen an d'Vanill bäi maachen. Lues a lues d'Miel bäi mësche bis den Deeg grimmeleg gëtt. Den Deeg mat der Hand liicht kniede bis en zesummen hält, eng Bull formen an op mannst fir 2 Stonnen an de Frigo stellen.
  2. Fir de brongen Deel d'Margarine mam Zocker schaumeg réieren, dann d'Miel, de Kakaopulver an d'Waasser bäi mëschen. Den Deeg mat der Hand liicht knieden an op mannst fir 2 Stonnen an de Frigo stellen.
  3. De wäissen an de brongen Deeg jeeweils an en ongeféier 8mm déckt Quadrat vu 16x16cm ausrullen. Mat engem grousse Messer d'Säiten an d'Ecker no drécken. Am Beschte schafft een hei op engem Blat Bakpabeier fir datt den Deeg net un der Aarbechtsplack peche bleift. Wann den Deeg ze grimmeleg ass, en fir d'éischt mat der Hand platt drécken an duerno mat engem Rouleau glat maachen. D'Quadrater an jeeweils 9 gläich déck Sträife schneiden.
  4. Eng hell Sträif tëschent zwou donkeler leeën. Elo op dës hell Sträif eng donkel leeën an op déi donkel jeeweils eng hell. Dëst nach emol widderhuelen. Esou kriss du eng Zill mat engem 3x3 Schachbrietmuster. Dat ganzt mat de rechtleche Sträife widderhuelen an eng zweet Zill formen. Déi Zillen an Bakpabeier awéckelen a fest drécken. Dann fir eng hallef Stonn an de Frigo stellen.
  5. De Schäffchen op 180°C virhëtzen. D'Zillen a 5mm déck Scheiwe schneiden an op ee mat Bakpabeier beluechtent Bakblech leeën. 10-12 Minutte baken an ofkille loossen.
Recipe Management Powered by Zip Recipes Plugin
http://www.degrengeleiw.com/schachbriet/

Aner Rezepter

Keen Commentaire