Siwen mol zu Moies iessen

Méindes: Weetabix, Mandelmëllech an Uebst

IMG_1846

Wann ech moies net wëll laang an der Kiche stoen an ech keng Loscht op zockerséiss Cornflakes hunn, gëtt einfach en Pak Weetabix opgemaach! En Schotz Soja- oder Mandelmëllech derbäi a schonn ass alles prett. Normalerweis iessen ech nach en Stéck Uebst derbäi oder drénken en Glas Jus. Wat mech ëmmer nees erstaunt ass, datt eng Portioun Weetabix alleng schonn 30% vun eisem deeglechen Eisenbedarf deckt. Verréckt.

Dënschdes: Müsli mat Sojajughurt

IMG_2170

Mäin Müsli maachen ech am léifste selwer. Dofir schneiden ech einfach eng Banann an Scheiwen a mëschen se mat Huewerflacken a Kürbiskären (oder iergend eng aner Zort Kären oder Nëss). Wann ech frësch Framboisen oder Molbieren hunn, da kommen déi och mat an d’Schossel. Nach en décke Läffel Jughurt drop an d’Saach ass gehal!

Mëttwochs: Knäckebrout mat Erdnussmus an Granatapel

unnamed-2

Granatapel ass esou eng super Fruucht fir moies z’iessen! Net nëmmen ass de Goût net ze toppen, mä si ass och richteg säfteg an hydratéiert de Kierper no enger laanger Nuecht. Wann ech net vill Honger hunn, gëtt et einfach just e bësse Knäckebrout mat Erdnussmus derbäi.

Donneschdes: Bircher Müsli mat Bieren

unnamed-4

Bircher Müsli ass och bekannt als Overnight Oats. Et handelt sech ëm Huewerflacken, déi ee mat Uebst a Jus oder Mëllech iwwer Nuecht am Frigo stoe léisst. Moies ass de Müsli dann ganz cremesch an d’Huewerflacke loossen sech méi liicht verdauen. Hei hunn ech och nach Chiasamen, Kürbiskären, Vanill, Räissirup an Zitrouneschuel mat ënnergemëscht. Moies hunn ech et dann mat enger Bier an e bëssen Kokosblütenzocker getoppt.

Freides: Smoothie

unnamed-5

De Klassiker ënnert dem vegane Moiesiessen ass definitiv de Smoothie! An deem heiten hunn ech eng Banann mat Mandelmëllech, gefrueren Hambieren an engem Läffel Erdnussmus gemëscht. Ausserdeem hunn ech nach en bëssen Proteinpolver benotzt, fir datt en méi laang sat hält. Wann ech es hunn, benotzen ech och gären frëschen Spinat an mengen Smoothien.

Samschdes: gesond Kichelcher mat Uebst

unnamed-7

Dës Kichelcher bestinn haaptsächlech aus Huewerflacken an Nëss a sinn geséist mat gerapptem Apel an enger Drëps Räissirup. Looss dech net vum Ausgesinn täuschen, se schmaachen nämlech richteg gutt! Dobäi kënnt nach e bëssen frësch Uebst. Déi Kichelcher maachen richteg sat an ech hunn den Apel deen op der Foto ass net méi gepackt.

Sonndes: Pancakes

unnamed-3

Sonndes muss een sech eppes gënnen, an Pancakes kommen do genau richteg. Natierlech dierf do en uerdentleche Schotz Ahornsirup net fehlen. An e puer gefruere Framboisen fir d’Gewëssen.

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire