E Bléck a meng Spëndchen

  • E Bléck a meng vegan Spënchen | de grénge Léiw

Mat der Zäit ass meng Spëndchen ëmmer méi gewuess an enthält elo allerlee Saachen, déi ech all Dag a verschiddene Rezepter fir ze Kache benotzen. Eng gutt gefëllte Spëndchen huet e puer Virdeeler: esou spuert si dir Suen wëll deng Akafslëscht méi kleng gëtt, och mécht si et einfach Iessen am Viraus ze plangen, a wann mol eng Kéier de Frigo eidel an de Cactus zou ass kann ee mat e bësse Kreativitéit trotzdem eppes Anstänneges op den Teller bréngen.

Hei ass e klénge Bléck a meng Spëndchen, eng Opzielung un deem wat ech grad am Haus hunn. Meng Spëndchen ass a siwe grouss Kategorien agedeelt: Kuelenhydrater, Proteinquellen, Nëss a Kären, Séisses, Gewierzer, Béchsen a Gliesen, an Extras. Ech hunn net ëmmer dat nämmlecht doheem. Heiansdo hunn ech mol méi Saachen, heiansdo mol manner, mä ech kucken datt ech ëmmer e puer Optiounen aus all Kategorie zur Hand hunn.

Normalerweis géif ech hei nach eng aachte Kategorie unhänken: Baken. Dozou gehéieren zum Beispill Miel, Vanillextrakt, Bakpolver an esou weider. Ech sinn awer viru Kuerzem an eng nei Wunneng geplënnert a sinn nach net dozou komm mäi Stock nees ze fëllen. A mengen An ass dës Kategorie och am mannste wichteg dofir ass et net schlëmm wann do mol eppes fehlt.

Kuelenhydrater

  • Huewerflacken
  • Räis (Vollkar, Basmati an Risotto)
  • Quinoa
  • Couscous
  • Nuddelen (Weess, Vollkar a Glutenfräi)
  • Weesskären (Ebly)
  • Weetabix

Aus dëser Lëscht iessen ech am Moment wahrscheinlech d’Huewerflacken am meeschten, am léifsten als Bircher Muesli oder Overnight Oats (ze gesinn hei). Ech weess datt vill Leit Quinoa als eng Eewäissquell uginn, mä fir mech zielt et awer zu de Kuelenhydrater wëll et vun den Nährwierter hir relativ no un Weess a Räis ass.

E Bléck a meng vegan Spënchen | de grénge Léiw

Proteinquellen

  • Brong Lënsen
  • Gedréchent Ierbessen
  • Kidneybounen
  • Schwaarz Bounen
  • Kicherierbessen
  • Wäiss Bounen an Tomatenzooss
  • Tofu
  • Seitanmiel (Glutenmiel)
  • Kicherierbessenmiel

Boune ginn et an allen Variatiounen, hei ass just eng kleng Auswiel un deem wat ech regelméisseg hunn. Wann et séier muss goe kafen ech se an der Béchs, mä wann ech méi Zäit hunn da kachen ech si och gäre selwer (gedréchent Boune schmaachen net nëmme besser wéi hir Kollegen aus der Béchs, si sinn och e gutt Stéck méi bëlleg). Zu de Proteinquellen zielen natierlech och Tofu (verschidden Zorte muss een net am Frigo halen) a Seitan.

Nëss a Kären

  • Mandelen
  • Erdnussbotter
  • Pinienkären
  • Kürbiskären
  • Sonneblummekären
  • Chiasom oder Leinsamen

Nëss a Käre sinn en fantastesche Snack fir Zwëschenduerch an eng Source un wichtege Mineralien a gesond Fett. Am léifsten hunn ech Mandelen a gesalzte Kakuetten. Op der Schmier iessen ech gären Erdnussbotter mat Gebeess oder enger Banann, an eng Mëschung un Käre bréngt eng interessant Knackegkeet (ass dat e Wuert?) an all Zalot oder selwergemaachte Veggie-Burger. An menger Spëndche fënnt een och Chiasom a Leinsamen, déi en richtegt Powerhouse un Nährwierter (besonnesch Omega 3) sinn, mä ech muss zouginn déi iessen ech just ganz seelen.

E Bléck a meng vegan Spënchen | de grénge Léiw

Séisses

  • Wäissen a brongen Zocker
  • Xylit
  • Ahornsysrup
  • Donkele Schockela
  • Gedréchent Uebst (Cranberries an Dattelen)

Ech probéiere raffinéierten Zocker esou wäit et geet am Alldag ze vermeiden an dofir gräifen ech (ausser wann ech eppes baken) gären op Alternativen zréck. Sou séissen ech mäin Muesli am léifste mat Xylit, engem natierleche Séissmaacher, deen net nëmmen en niddrege glykämeschen Index huet mä och nach schiedlech Bakterien am Mond bekämpft. An dëser Kategorie hunn ech och gedréchent Uebst opgelëscht. Zesumme mat engem Grapp Mandelen a Kürbiskäre mécht eng Portioun gedréchent Cranberries en gesonden a befriddegene Snack.

Gewierzer

  • Herbes de provence
  • Thymian
  • Gereecherte Paprika
  • Muskatonoss
  • Chili
  • Kanéil
  • Knuewelekpolver
  • Zwiwwelpolver
  • Oregano
  • Rosmarin
  • Kumin
  • Kurkuma
  • Currypolver
  • Dill

Ech fanne Gewierzer si mat dat wichtegsten an der Kichen, mat hinne kann een alles gutt schmaachen doen. Hei ass eng Lëscht mat deene Gewierzer a Kraider déi ech regelméisseg benotzen.

Béchsen a Glieser

  • Tomaten
  • Mais
  • Tomatenzooss
  • Roude Kabes

Agebéchstent Geméis ass esou praktesch, wëll een domat séier en gesond Iessen zesummestelle ka wann de Frigo mol eng Kéier ganz eidel ass. Zesumme mat e puer Bounen, Tofu a Gewierzer maachen ech aus den Tomaten an dem Mais zum Beispill en schnelle Chili sin Carne, deen ech mat fluffegem Räis zerwéieren: e Menü dee komplett aus der Spëndche komm ass, mä trotzdem super frësch schmaacht.

Extras

  • Sojazooss
  • Hefeflocken
  • Balsamicoesseg
  • Äppelesseg
  • Olivenueleg
  • Sonneblummenueleg
  • Kokosnossueleg
  • Huel (wat ass dat?)

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire