Spinat als Proteinquell?

Et ass net schwéier genuch Proteinen an enger veganer Ernährung ze kréien, mä et ass awer och einfach net genuch ze kréien. Ëmmer rëm gesinn ech Leit déi behaapten datt Spinat oder Brokkoli eng fantastesch vegan Quell un Eewäiss wieren. Meeschtens kënnt déi Informatioun vun Grafiken aus dem Internet. Et ass scho wouer datt dat Geméis Proteinen enthält, mä et sinn der bäi wäitem net genuch fir eis eenzeg Quell ze sinn.

404633_368695753215227_1409828774_n

De Problem mat dëser Zort un Grafiken a Statistiken ass, datt déi komplett aus dem Kontext gezu sinn. Zum Beispill heescht et hei Spinat hätt 49% Eewäiss a Poulet just 23%. Mä op wat bezitt sech dëse Prozentsaz? Dat gëtt natierlech net erklärt. Am wahrscheinlechsten ass et, datt déi Leit déi dës Grafik gemaach hunn sech op Kalorien bezunn hunn. Dat heescht d’Hallschent vun de Kalorien vum Spinat kommen vu Proteinen, beim Poulet ass et nëmmen manner wéi en Drëttel. Dobäi gëtt vergiess datt Poulet vill méi konzentréiert un Kalorien ass, wéi Geméis. Et muss een also manner dovun iessen fir seng Nährwerter ze decken.

Solle mer mol kucken wéi et ausgesäit wann mer déi zwee op 100g vergläichen am Plaz op Kalorien? 100g réie Spinat huet 3g Protein, déi nämlecht Quantitéit Poulet huet der 31g. Dat ass schonn en klengen Ënnerscheed. Dofir misst een e ganze Kilo Spinat iessen, an ganz éierlech, ech kennen keen deen dat mécht.

Just vir kloer ze stellen, ech soen net et soll ee Fleesch iessen fir genuch Eewäiss ze kréien! Mä ze behaapten datt Spinat eng besser Quell un Eewäiss wier ass komplett absurd. Esou Kommentarer sinn komplett falsch informéiert a loossen de Veganisumus einfach als lachhaft duerstoen. Wéi wier et wann mer eis géifen op richteg Sourcen vun héichwäertegem Planzenprotein konzentréieren? Wéi zum Beispill Lënsen (26g), Kidney-Bounen (21g), Tofu (12g), Tempeh (19g), Mandelen (21g) oder Seitan (75g).

Schlecht informéiert Aussoen schueden méi, wéi datt se hëllefen an et kann een och aneschters weisen datt Fleesch iessen onnëtz ass. Soja, Hülsenfrüchte an Nëss leien an der nämmlechter Liga wéi Fleesch wat de Proteingehalt ugeet, mä dobäi sinn se komplett ouni Cholesterol, gesiedegt Fettsäuren an Déiereleed.

Vläicht interesséiert dech och

Keen Commentaire