Sinn mir Stellvertrieder fir de Veganismus?

Haut schreiwen ech gären iwwert eppes, wat vläit en bëssen aneschters ass, wéi dat wat ech soss esou hei vu mir ginn. Et geet ëm en Thema mat deem sech sécherlech vill Veganer ausernaner setzen, besonnesch am Ufank. An zwar geet et ëm dat Gefill datt een eng Pflicht hätt ze representéieren.

De Veganismus ass nach net esou richteg ukomm an eiser Gesellschaft, och wann en an de leschte Joeren ëmmer méi populär ginn ass. Ech denken déi meescht Leit hunn net wierklech eng Ahnung em wat et geet. Verstitt mech net falsch, dat hei ass keng Kritik! Vill wëssen einfach net wat vegan liewen eigentlech bedeit an hunn och keen Drang dat nozesichen aus dem einfache Grond wëll et an hirem Liewe keng Ursaach dofir gëtt. Wann ee kee Veganer a sengem Ëmfeld huet, firwat sollt et een dann iwwerhaapt interesséiere wat dat ass? Ech kann dat gutt novollzéien.

Déi Leit, déi trotzdem eng gewëssen Iddi hunn em wat et geet, hunn dat oft iergendzwousch opgeschnaapt. Stereotypesch Biller kommen engem do wahrscheinlech an de Kapp. Vegan? Dat ass Zalot an Tofu.

Wann een da selwer zum Veganer mutéiert ass, weess een datt dat natierlech net stëmmt. Et ass een iwwerzeegt vu sengem neie Liewensstil an dat och zu recht. Wann een elo also mat ‘onwëssenden’ Leit konfrontéiert gëtt – zum Beispill wann en Iesse mat der Famill usteet – da wëll een natierlech weisen dat vegan liewe guer net schwéier ass. All déi Stereotype si falsch: et ass flott, et ass lecker, et ass bëlleg, mir geet et gutt domat.

Dat maach net bei jiddwerengem esou sinn, mä ech perséinlech hat oft d’Gefill ech misst mech rechtfertegen. Ech muss hei kloer stellen, dat Gefill koum just vu mir selwer. Allgemeng ware meng Frënn a Famill ëmmer ganz verständlech a respektvoll géigeniwwer vu mengem Choix, an dofir sinn ech dankbar.

Trotzdem hunn ech fonnt ech misst weisen, wéi gutt de Veganismus wierklech ass. Ech hunn probéiert quasi en perfekt Bild ze weisen, an deems ech zum Beispill en gudden Dessert matbruecht hunn. An ech war mer och bewosst datt ech mech hei selwer ënnert Drock gesat hunn: Et ka gutt sinn datt mäin Dessert dat éischt vegant Iesse war, dat déijéineg Persoun bewosst geschmaacht huet. Ech si kee professionelle Bäcker, a meng Taarten a Kichelcher gesinn net aus wéi aus dem Billerbuch. Och mir geet mol eppes schif – zimlech oft souguer – an obwuel mir dat zwar generell egal ass, hunn ech ëmmer Angscht gehat déi aner Persoun géif elo de gesamte Veganismus no mengem Iesse jugéieren. War mäin Kuch en bëssen ze dresche ginn, gëtt all vegane Kuch als stëbseg a grimmeleg ofgestempelt. Oder op mannst hunn ech dat esou gemengt.

An genau an dësem Drang zur Perfektioun läit de Problem. Kee Mënsch ass perfekt, och de Veganer net. Ech hunn och scho schlecht Iesse giess, dat net vegan war, mä dofir hunn ech net opgehal mat iessen. Wann ech eppes veganes iesse wat mir net schmaacht, heescht dat net datt all vegant Iesse schlecht ass.

Ech sinn eng Persoun, déi sech ganz vill Gedanken doriwwer mécht, wat aner Leit vu mir denken. Mä ech hunn geléiert, datt et net meng Missioun ass ze representéieren. Et ass net meng Pflicht de Veganismus ze rechtfäerdegen. Et ass net meng Aufgab als Stellvertrieder fir de gesamte vegane Liewensstil ze stoen.

Ech muss akzeptéieren datt aner Leit gewësse Virstellungen hunn, déi ech net ännere kann a muss. Wann ech probéieren alles als perfekt duerzestellen, setzen ech mech just selwer ënner Drock an ech weess, datt wann ech mech esou stressen, ech manner gutt Resultater bréngen. Ganz kontra-produktiv also.

Dat hei ass also mäin Rotschlo un all déi Leit déi och um selwechte Problem kämpfen. Maacht iech keen decke Kapp. Maacht einfach wat dir selwer fir richteg haalt an ignoréiert wat aner Leit vun iech denken – och wann dat schwéier ka sinn. Keen ass perfekt an datt gëtt och net vun iech verlaangt.

Et muss ee léieren datt engem eppes egal ka sinn.

Méi Gebraddels

Keen Commentaire