D’Kraaft vum “umami”

Wat sinn déi mënschlech Geschmachsënner? Ma dat ass dach ganz einfach: do hunn mer séiss a sauer, a batter a salzeg. Mä do feelt awer nach ee wichtegen! Umami. Réicht 1908 ass de Begrëff, deen aus dem Japanesche stammt, an d’Diskussioun komm. Umami ze beschreiwen ass net esou liicht, am nooste kënnt härzhaft, fleescheg oder vollmundeg run. Schmaachen doe mir dëse Goût duerch Rezeptoren op eiser Zong déi op Glutamat (eng Form vu Proteinen) reagéieren. Besonnesch häerzhaft schmaache mir Fleesch a Mëllechprodukter, wéi zum Beispill Kéis a Botter. Dat heescht awer net datt vegant Iessen déi Qualitéiten net kann hunn, wëll zum Gléck ginn et e ganze Koup un Naturprodukter déi och en héichen Umami-Wäert hunn.

Fermentéiert Liewensmëttel

Fermentéiert Liewensmëttel si räich un Umami. Sou sinn zum Beispill Sojaszooss, Miso a Balsamico Esseg, mä och Wäin, Béier, vegan Worcestershire Zooss an Hiefextrakt (z.B. Marmite) besonnesch defteg. Och Sauerkraut an Tempeh gehéieren an dës Kategorie.

Tomaten a Champignonen

E gudde Choix fir e Plat méi onwidderstéilech ze maache sinn och Champignonen an Tomaten, déi vun Natur aus umami besetzen. A gedréchenter Form gëtt dësen Effekt souguer nach verstäerkt. Du kanns also zum Beispill mat frësche Champignonen, Champignons-Britt, gedréchenten Tomaten, Tomatenmark oder och Ketchup würzen.

Oliven

Ah, Oliven! Et wonnert net datt déi hei op der Lëscht optauchen. Wien Olive gär huet weess wéi schwéier et ass sech ze bremse wann ee bis eng giess huet. Zesumme mat gedréchenten Tomate sinn Olive beléift als Antipasti oder Tapas a kënnen entweder an Zaloten oder beim Apéro servéiert ginn.

Gewürzer

Och verschidde Gewürzer kënnen deng Kachkonscht opwäerten. Sou sinn zum Beispill Cumin a Paprika – a ganz besonnesch geräächerte Paprika (fënnt een z.B. op Amazon) – extra häerzhaft. Kraider wéi Thymian a Rosmarin falen och an dës Kategorie, genau esou wéi Knuewelekspudder an geräächert Salz.

Nori

Nori oder Seetang droen och dozou bäi datt mir eppes als extra gutt empfannen. Denk zum Beispill un de Sushi, dee mat Nori ëmwéckelt ass.

Hefeflocken

Wann s de als Veganer bis elo nach ni eppes vun Hefeflocken héieren hues da gëtt et awer héich Zäit. Hefeflocken (oder och Nährhefe, Edelhefeflocken, levure de bière, levure alimentaire oder nutritional yeast) si räich un B-Vitaminnen (ausser B12) an hunn en salzegen, nossegen oder botterege Goût deen un Parmesan erënnert. Ween sech mat Hefeflocken net ufrënne kann, ka probéieren seng Zoppen oder Zoossen domat ze würzen am Plaz vum Salz.

Geméis

An zu gudder Läscht sief gesot datt all d’Geméis verschidde Levelen un Umami enthält. Méi héich Konzentratioune fënnt ee bei Wuerzelgeméis, Gromperen, an Zellerie, Kabes, Mais, Spinat a Kürbis, mä och an Zwiwwelen a Knuewelek. Rösten, grillen, ubroden a baken hëlleft den Umami aus dem Geméis erfier ze bréngen. Ech menge jidderee weess wéi herrlech Muerten an Zellerie riche wann se an e bëssen Ueleg gebrode ginn oder wéi gutt karamelliséiert Zwiwwele schmaachen. Eng gutt Geméis-Britt ass och net ze veruerteelten an ass d’Basis vun enger defteger Zopp oder enger häerzhafter Zooss.

Och wann s du bis elo nach ni eppes vun Umami héiere hues, sinn ech mer sécher dass du gären häerzhaft ëss. Wann s du also elo beim Kachen eng kéier solls fannen dat iergendeppes feelt an du kënns net drop wat dat da kéint sinn, probéier et mol mat de Liewensmëttel aus dëser Lëscht an du wäerts gesinn, dat gëtt direkt e ganz anere Goût!


Dëse Blog Post enthält Amazon Partner Links, wat bedeit dat ech eng kleng Kommissioun maache wann deen Amazon-Artikel iwwert de Link kaf gëtt. De Präis vum Artikel bleift onverännert.

Foto vum Alina Niemann (www.flickr.com/photos/131218561@N07/17226751505)

Méi Inspiratioun

Keen Commentaire