Vegane Picknick Tagebuch

Scho säit enger Zäitchen wollt ech eppes ausserhalb vum Blog a sozial Netzwierker organiséieren. Elo wou d’Wieder nees ufänkt besser ze ginn hunn ech mir geduet et wier flott e klenge Picknick ze halen. Nei Leit kenne léieren an dobäi zesummen iessen austausche klengt dach gutt! Hei si meng Gedanken zu deem wat geschitt ass a wat nach geschéie wärt:

  • Wëll ech am Juli leider keng Zäit fir esou eppes hunn, hunn ech mech entscheed en Datum am Juni ze fannen an hunn einfach mol den 19. ausgewielt. D’Wierder wärt jo scho matspillen.
  • Ech hunn mer geduet, un esou engem Picknick si bestëmmt eng Handvoll un Leit interesséiert. Ganz ongewëss hunn ech en Event op Facebook gemaach a wat dunn geschitt ass konnt ech bal net gleewen.
  • Ënnerhalb vu kierzter Zäit ware schonn honnert Leit drun interesséiert. Éischt Panik: ech kann dach kee Picknick fir honnert Leit maachen!
  • Nuje, dat wärt scho goen. Ech maache mer weider keng Gedanken a kucke wat geschitt.
  • Den Dag drop hunn ech nees um Event gekuckt, an d’Zuel vun den Interesséierten ass op 500 geklommen. Panik Nummer zwee. Ok, vun deene Leit kënnt dach souwisou net jiddwereen. Mä wat wann dach? Dierf ech einfach mat sou ville Leit an d’Stad an de Park goen? Ech hunn e puer Frënn ëm Rot gefrot an d’Sadter Gemeng ugeschriwwen. Währendeems klicken ëmmer méi Leit op “interesséiert”, sharen den Event a lueden hir Frënn an.
  • Zwee Deeg nodeems ech den Event erstallt hunn ass d’Zuel bei iwwert dausend ukomm. Hëllef. Ech mengen ech war e bëssen naiv am Ufank, mä ofsoen, dat kënnt mir net an d’Tut!
  • Ursprénglech wollt ech Telleren a Besteck fir jiddweree matbréngen, mä dat geet elo net méi. Ech hunn d’Beschreiwung op Facebook deementspriechent ugepasst.
  • D’Kinnékswiss ass zentral, et ass e Parking niewebäi a jiddweree weess wou et ass. Mä et ass awer och net iwwersiichtlech an et gi keng Still oder Dëscher. Dat fannen ech net schlëmm wann een e klenge Grupp ass, mä wann e puer honnert Leit komme muss ech mer eng afale loossen.
  • Ech sichen no enger anerer Location. Problem: Et muss einfach ze fanne sinn an dierf näischt kaschten.
  • Ech brauch Leit déi mer den Dag selwer hëllefen. Ech mengen dat léisst sech fannen.
  • Wourop hunn ech mech do era gelooss? Mä ech kréien dat hinn! En neie Challenge, dee gepackt muss ginn.
  • Ech schwanken tëschent Virfreed, Onfassbarkeet an Erstaunen.
  • Ech freeë mech op de Juni. Ech hoffe jiddweree ka kommen an huet Spaass.

Veganer sinn awesome! Lëtzebuerg ass genial! Eis “kleng” Communautéit ass fantastesch!

Screen Shot 2016-04-15 at 15.33.23

Méi Gebraddels

Keen Commentaire